Search

You may also like

money
Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)
Meenung

Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)

Europa, esou déi traureg Bestätegung vun engem laange Verdacht, ass

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)
Meenung

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)

Hien a seng neofaschistesch Fidesz gehéiert an der Unioun zu

Coronavirus 2019-nCov a Frankräich confirméiert
Meenung

Coronavirus 2019-nCov a Frankräich confirméiert

Et war ze erwaarden, nodeems bekannt gemaach gouf, datt sech

Wann e bis rullt, rullt et?

Wéi ee politescht Potential stécht hannert dem Tram?

Wann e bis rullt, rullt et?

Et gouf scho vill – ganz vill! – iwwert den Tram diskutéiert. Op de Stammdëscher huet en eng konstant Präsenz genoss, an dat nët nëmmen zënter e puer Joren. Mëttlerweil ass d’Politik dorobber aus, et als Prestigeprojet fir sech selwer ze veruschloen. Op dat wierklech schlau ass, sierf mol dohinner gestallt. Mee et weist op mannst, datt de Projet eng enorm Wichtegkeet huet.

Déi kënnt net vun ongeféier: D’Stad Lëtzebuerg huet e wiesentleche Verkéiersproblem. Et kéint ee behaapten, datt ons Stad reegelrecht am Verkéier ënner geet. Den Tram gouf dobäi als eng vun de Léisungen identifizéiert. Mee mat deem eleng ass et net gedoen.

Virun allem an der Ufanksphas sollt een seng Erwaardunge villäicht e bësschen zeréck schrauwen. Den éischten Deel, deen elo am Dezember 2017 opgeet, féiert nëmme bis bei d’Rout Bréck. Domadder ass zwar eng deelweis Entlaaschtung vum Kierchbierg, och dank dem Funiculaire an der neier Zugstatioun, viraus ze gesinn. Mee de Recht vun der Stad gëtt do nach net entlaascht. Wéi grouss d’Wierkung vum Stéck bis bei d’Stäreplaz, dat viraussiichtlech am Mäerz 2018 opgeet, ausfält, ass och nach oppen.

E bësschen de Bauch wéi kréien ech, wann nach keen Zäitplang steet, wéini d’Gare erreecht soll ginn. Bis Enn 2019 soll jo mol op mannst d’Paräisser Plaz ugebonne ginn, da wäert ee schonn éischter kënne fest stellen, wat den Tram alles bréngt. Bis 2021 soll dann endlech déi ganz Linn, bis op d’Cloche d’Or, stoen.

Datt elo probéiert gëtt politescht Kapital draus ze schloen, ka wuel am Kontext vun engem eventuellen Streckenausbau Sënn maachen. Do goufe vum Minster Bausch schonn e puer Saache virgeschloen: Zousätzlech Linnen op Leideléng, Bartréng an de Mediaparkt um Kierchbierg goufen 2016 ugedeit. Mëttlerweil wéilt een éischter eng Linn op Mamer a Wandhaff zéien.

Et géif op alle Fall nei Diskussioune mat sech bréngen, an un Diskussiounen huet et beim Tram nie gefeelt. Op mannst zënter de 90er Jore gouf geschwat a geschwat  – ma villes geschitt war dobäi net. A wann de Premier da bei enger Besichtegung seet, datt si et waren, déi en dann endlech gebaut hunn, dann ass dat eben en net ongeféierleche Schachzug. Well den Erfolleg an d’Zukunft vum Tram, déi stinn, wéi gesot, nach oppen.

Foto: Vum GilPe – Eegent Wierk, CC BY-SA 4.0

Related topics Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg, Tram
Next post Previous post