Search

You may also like

money
Nach keen Hëllefspak a Siicht
Kultur Neiegkeeten

Nach keen Hëllefspak a Siicht

No engem 16-stënnegen Diskussiounsmarathon, esou déi gutt Nouvelle, wier ee

Eng Rous géint d‘Vergiessen: Tambower Jongen
Kultur Neiegkeeten

Eng Rous géint d‘Vergiessen: Tambower Jongen

Um Virowend zum nationale Commemoratiounsdag hunn d‘Associatioun Lëtzebuerger Rousefrënn an

45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun
Kultur Neiegkeeten

45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun

Et ass ewell fir d‘Zweet an dësem nach jonke Joer

Wann aus engem Kannerwonsch e Kannerbuch entsteet

Fir all eis Butzen ab dräi Joer: de „Chester a Flecki“

Wann aus engem Kannerwonsch e Kannerbuch entsteet

En Donneschdeg gouf op der Schëfflenger Gemeng e besonnescht Kannerbuch virgestallt. E Buch dat seng ganz eege Geschicht huet, an doriwwer eraus, engem gudden Zweck zougefouert ginn ass.

Fir de Buergermeeschter vu Schëffleng, Paul Weimerskirch (CSV), deem d‘Freed reegelrecht am Gesiicht ofzeliese war, e weidere schéine Moment am Liewen, well et eben net nëmmen ëm e Buch geet, mee sech e sëllechen Evenementer heimatter verknäppe loossen. Eppes houfreg war hien och.

Et hätt sech esou erginn, sot de Paul Weimerskirch, bei de Presentatioun vum „Chester a Flecki“, dat et net mam Kannerbuch gehalen ass, mee et zum Wierk och nach eng Ausstellung gëtt. Béid Auteuren, de Nico Bouché an d‘Carine Cahen, hunn der Gemeng déi original Biller matbruecht.

Kannerbuch

Chester a Flecki vum Carine Cahen an Nico Bouché – ISBN 978-99959-887-2-2, Format 21x30cm, 24 Säiten, Verkafspräis: 30,00 € – Eng schéi Billersammlung mam Nico senge gemoolte Kazen! Et ass an engems eng flott Geschicht fir Kanner vun 3 Joer un an esouguer fir Grousser! Déi zwee Kazejongen, Chester a Flecki, erliewen de Reebou mat all senge Faarwen a wëllen hie mat heem schleefen.

Wann een elo weess, datt 2019 Schëffleng als „Centre de Promesse“ fir de Télévie auserwielt ginn ass, da versteet ee firwat de Buergermeeschter, dës Koppel a säin Häerz geschloss huet. Dës Biller, déi ab e Méindeg op der Gemeng ausgestallt sinn, stinn zum Verkaf an den Erléis geet un Télévie.

All Bild huet e Basispräis vun 100 Euro, an wien déi bescht Offer (Ziedel ausfëllen an ageheien, méi brauch et dofir net) ofgëtt, ass uschléissend Proprietär vun engem echten, seelenen, a virun allem wäertvolle Konschtobjet, vun deem e sech kaum nach wäert trenne kënnen.

Fir allem „Geknouters“ am Virfeld d‘Grondlag ze entzéien, huet d‘Gemeng zu dësem Zweck eng Dierwiechteg beoptraagt, de korrekte Verlaf ze iwwerwaachen. Zwee vun den insgesamt zwanzeg Biller, gi beim Télévie-Owend, dat nächst Joer versteet. D‘Aktioun „Télévie“ start am November.

Eng „kuerz“ Ried

De Nico Bouché, Joergang 1952, deen an der Konschtwelt ënner dem Kierzel „NIBO“ bekannt ass, seet vu sech selwer, datt hie kee grousse Riedner ass. Dat ass beim Public gutt ukomm, well esou séchergestallt ass, datt dee vun der Gemeng offréierten Éierewäin och net waarm gëtt…

Eise Kënschtler huet dunn informéiert, datt si zanter Abrëll zu Schëffleng wunnen, hei och schonn ausgestallt hunn. Do huet de NIBO de Paul Weimerskirch kennen a schätze geléiert. D‘Buch war schonn an der Maach, a wéi et am Liewen nu emol esou geet, eent ergëtt dat anert.

Woubäi… E Buch, dat fält net einfach esou vum Himmel. Et ass den Auteuren hiert zweet Wierk, a si sinn hirem Editeur, Rol Schleich, dann och dankbar, fir d‘Vertrauen dat hien a si gesat huet. Et ass wierklech net einfach zu Lëtzebuerg e Verlag ze fannen, dee bereet ass Geld an de Grapp ze huelen.

Mam „Timo“ huet d‘Aventure „Kannerbuch“ ugefaangen. E Buch op der Basis vun engem abstrakte Bild, dat en eegent Liewen entwéckelt huet. Den Zoufall wollt, datt den Timo e Fësch ginn ass, deen zimlech ëmständlech am Stauséi gelant ass, sech an eist Land verléift huet a bliwwen ass.

Kannerbuch

Timo, vum Nico Bouché a Carine Cahen, ISBN 978-99959-887-1-5, Format: DIN A4, 24 Säiten, Verkafspräis: 30,00€ – E schéine Katalog vum Nico senge gemoolte Faarwefësch! Et ass an engems eng flott Geschicht fir Kanner vun 3 Joer un, a souguer fir Grousser! – De Fësch Timo a seng faarweg Famill erliewe wärend der Vakanz flott Abenteuer an der interessanter Ënnerwaasserwelt um Stauséi!

Entstanen ass dëst éischt Wierk an hirem Konschtatelier „Art by Carine an Nico“. A wa mir den Nico richteg verstanen hunn, da wieren et hir béid Katzen un der Schold, datt et elo en zweet Kannerbuch gëtt. De Chester an de Flecki, si Fräigänger a ginn anscheinend gären op de Bierg.

Si hunn enges gudden Daags um Schëfflenger Bierg, de Reebou begéint, mat dësem Frëndschaft geschloss, an sech iergendwéi geduecht „deen huele mir elo mat heem“. Dir kënnt iech bestëmmt virstellen, datt et net esou einfach war, de Reebou ze iwwerzeege matzekommen.

E bëssi Fantasie gehéiert dozou

Iergendwéi ass den zwee Kuedere gelongen de Reebou mat heem ze huelen. An et dierft de Kanner e Liichtes sinn, dës schéi Geschicht – déi net nëmme vum Carine Cahen flott erzielt ass, mee och nach vum Nico Bouché beschtens illustréiert gouf – mat eppes Fantasie vir boer Mënz ze huelen.

De Nico an d‘Carine wollten, andeems si der Gemeng déi original Biller ugebueden hunn, sech en Häerzenswonsch erfëllen: „Eppes fir de gudden Zweck maachen“. Eng Iddi déi vum Editeur gutt geheescht ginn ass, an vum Buergermeeschter mat vill Begeeschterung opgeholl gouf.

Esou kann een déi nächst Woch am Kader vun der Schëfflenger Bicherdeeg, net nëmmen d‘Bicher vum Nico a Carine entdecken, mee, wéi scho gesot, och déi original Aquarelle vum NIBO gesinn. Dat bescht, et muss een net emol Kanner hunn, fir sech heivunner begeeschteren ze loossen…

A wann ee schonn derbäi ass, dann dierf een drop hiweisen, datt déi Schëfflenger Krapperten sech schonn elo op d‘Virliesunge vum Nico freeën dierfen. Deen huet versprach an d‘Schoulen ze goen. Sollt iwwregens e Bild kee Keefer fannen, da gëtt an enger Schoul opgehaangen…

Note: D’Buch gëtt gratis zu Lëtzebuerg verschéckt. Bestelle kënnt dir dëst Buch (dat sollt och fir den „Timo“ méiglech sinn) zum Präis vun 30 Euro, per e-Mail oder Telefon. Bezuelen ass einfach: entweder iwwerweisen (BIL: LU56 0027 0100 1535 3800), Digicash oder Paypal benotzen.

Foto: (v.l.n.r.) Nico Bouché, Paul Weimerskirch, Carine Cahen © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Carine Cahen, Chester a Flecki, Kannerbuch, Nico Bouché, Paul Weimerskrich, Schëffleng, Verlag Rol Schleich
Next post Previous post