Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?
International Neiegkeeten

chinese dating in toronto

All Woch duerchkämme mer d’Noriichten no interessanten a komplizéierte Wierder.

hook up chat app
International Neiegkeeten

24 Stonne Vëlo Wëntger: Net wierklech eng Course, mee ee grousse Challenge

D‘Jubliäumseditioun vun engem vun de bedeitende Sportsevenementer zu Lëtzebuerg war,

Migratioun: Den US-President wëll d‘Invasioun militäresch verhënneren
International Neiegkeeten

Migratioun: Den US-President wëll d‘Invasioun militäresch verhënneren

Den Donald Trump huet ugekënnegt, datt dausenden Zaldoten op d‘Grenz

USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft

Brutal Erënnerung un d‘Tragedie an d‘Leed vun de Migranten

USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft

Den Dout vun engem siwejärege Meedchen aus Guatemala, nëmmen e puer Stonnen nodeems et vun den US-Grenzpoliziste verhaft ginn ass, huet fir kuerz Opreegung gesuergt. An den USA ginn aktuell dausende mannerjäreg Kanner an iwwerbeluechte Strukture festgehalen.

Emotiounen, déi dat Wäisst Haus an déi demokratesch Oppositioun net dovunner ofgehalen hunn, sech iwwert dem Donald Trump seng Migratiounspolitik ze „ënnerhalen“. Woubäi et hei net ëm d‘Liewe vu Mënsche gaangen ass, mee alt nees ëm déi ominéis Mauer, vun der den US-President gären hätt, datt se vun de Mexikaner bezuelt soll ginn. A während deem stierwen d‘Kanner…

Dat klengt Meedchen dat elo a Retentioun zu Dout komm ass, hat e Numm: Jackeline Caal. Dëst Kand vu grad emol siwe Joer, war mat sengem Papp, Nery Caal (29) ënnerwee. Si entstamen enger Maya-Communautéit am Norde vu Guatemala, heescht et säitens de Regierung vun dësem aarme Land an Zentralamerika. Et wier déi stänneg Gewalt, déi d‘Leit zur Migratioun gezwongen hätt.

Et war de 6. Dezember, wéi de Papp mam Meedchen, no enger onbeschreiflech schwéierer Rees un déi mexikanesch-amerikanesch Grenz an de Wüst vu New Mexiko gelaangt sinn. Hei hu si sech enger Grupp vun 163 Migranten, ënnert deenen sech vill mannerjäreg Kanner befonnt hunn – ugeschloss. Wéi si bis iwwert d‘Grenz gelaangt waren, hu si sech den US-Grenzpolizisten erginn.

Am Bericht vum US-Ministère fir Bannesécherheet heescht et, datt eng Ënnersichung vum Kand, keng Hiweiser geliwwert huet, déi op gesondheetlech Problemer higewisen hätten. Am Bus awer, dat dëst Kand an een 150 Kilometer wäit entleeëne Retentiounszenter transportéiert huet, war et dem Meedche schonn net méi gutt. Et ass net gewosst, op de Papp do schonn Alarm geschloen huet.

Wéi si annerhallef Stonn duerno ukomm sinn, huet de Papp d‘Autoritéiten drop higewisen, datt seng Duechter net méi otemt. D‘Kand gouf doropshi mat engem Helikopter an e Spidol vun El Paso geflunn. Mat enger Kierpertemperatur vun 41°C, ass et mat Häerzstëllstand ageliwwert ginn. Et konnt vun den Doktere kuerz reaniméiert ginn, mee ass den 8. Dezember awer verstuerwen.

Esou eppes léist sech net verheemlechen

Et ass dann och d‘Washington Post, déi en Donneschdeg d‘Geschicht erausbruecht huet. Vill Stëmmen hunn sech erhuewen, fir ze froen, firwat d‘Autoritéiten iwwert eng Woch laang, dëse Virfall verschwigen hunn. Autoritéiten déi net kënnen am Feeler sinn, well, an d‘Ministesch fir Bannesécherheet, Kirstjen Nielsen sot: „Dës Famill huet sech entscheet illegal anzereesen“.

Dat war et och schonn am grousse ganzen. D‘Jackline Caal huet misse stierwen, wëll et vu sengem Papp illegal an d‘USA agefouert gouf, esou déi pragmatesch Feststellung vun der Ministesch. Elo stellt sech awer och d‘Fro, de Fall gesat d‘Washington Post hätt net doriwwer bericht, op et zu enger administrativer Enquête komm wier, där hir Conclusioune musse verëffentlecht ginn.

An am Wäissen Haus stellt ee fest, datt déi wou d‘Schold um Dout vun dësem 7 järege Meedchen hunn, op der Oppositiounsbänk setzen. „Dësen trageschen Dout hätt kënne verhënnert ginn, wann d‘Demokraten sech mam Donald Trump drop verstännegt hätten, all dës ‚illegal an onerwënscht Migranten‘ ze decouragéieren“, ënnersträicht mat vill Iwwerzeegung de Spriecher, Hogan Gidley.

Heibäi huet de Spriecher gekonnt ënnerschloen, datt et dem US-President seng „Null-Toleranz Politik“ géintiwwer der illegaler Migratioun ass, déi zu enger „neier Form am Ëmgang mat de Migranten“ gefouert huet. An engem Communiqué hunn d‘Demokraten drop higewisen, an och däitlech gemaach, datt de Finanzement vun der „Mauer“ ënner kengem Ëmstänn wäerte stëmmen.

Dat si Menacen déi dem Milliardär wéi an d‘Dréibuch geschriwwe sinn. D‘Demokrate wëllen also säi Wahlversprieche verhënneren? Dat ass awer den Donald Trump schlecht kennen. 14 Joer Realitéit-TV sinn eng zolidd Erfarung, géint déi d‘Demokrate keng Mëttel hunn. Wann si beim Budget net esou wëlle wéi hie wëll, da kënnt et eben zum „shut-down“, a si hunn d‘Schold…

Dem Trump seng Zaldote stinn op der Grenz

„Wann d‘Trump-Administratioun esou vehement op d‘Militariséierung vun der Grenz insistéiert, an um bau vun de Mauer festhält, dann zwéngt si d‘Leit sech aner Weeër ze sichen, och duerch d‘Wüst a soss geféierlech Plazen“, erkläert d‘Cynthia Pompa, vun der ACLU, déi aktuell Situatioun.

Laut den offiziellen Zuelen, waren tëscht dem 5. Mee an dem 9. Juni, 2.300 Kanner vun hiren Eltere (bewosst) getrennt ginn. Dat am Numm vun der „Null-Toleranz Politik“. Eng Entscheedung déi an der Welt fir Opreegung gesuergt huet, firwat de Milliardär seng Kopie huet missen iwwerschaffen, a schliisslech per Dekret dat systematescht ausenanerrappe vu Familljen huet misse beendegen.

Aktuell wieren – esou déi offiziell Zuelen – eng 15.000 Mannerjäreger an den USA agespaart, wou se drop waarden engem „Sponsor“ iwwerreecht ze ginn. Zum Gléck ass dat meeschtens e Member vun der Famill, dee schonn an den USA installéiert ass. D‘Organisatioun déi sech ëm d‘Prise en Charge vun de Kanner këmmert, bedaueren de Mangel u Kapassitéiten an den Ëmgang.

mam Charlotte Plantive/AFP

Foto: Dës Kanner liewen nach. Si hunn – zumindest zäitweileg – am „Migrant‘s House“ zu Ciudad Juarez (Mexiko) en Ënnerdaach fonnt, bis se wieder no El Paso reesen dierfen. Dem 7 Joer jonke Jackeline Caal bleift dat ënnersot, d‘Meedchen ass den 8. Dezember gestuerwen. © Herika Martinez/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Dout, Guatemala, Illegal, Kirstjen Nielsen, Mauer, Meedchen, Mexiko, Migratioun, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel