D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou
Soubal et mi kal gëtt, héiers de awer wierklech jidderee
Soubal et mi kal gëtt, héiers de awer wierklech jidderee
En Amerikaner vu 56 Joer ass e Méindeg mat der
Dat héieren se an de Belsch net gären (vun do
Um Samschdeg, de 16. Mäerz invitéiert d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer op ee gesellegen Owend, ganz am Zeeche vum verstuerwene Lëtzebuerger Sänger, Kabarettist a Schauspiller Fernand Wark.
Tëscht 1957 an 1992 ass de geléierte Bäcker dacks zesumme mat senger Fra Colette Hoffmann an der Revue a bei Zeitunge vun der Nationallotterie opgetrueden. Dobäi huet de lëschtegen Duo divers Sketcher a Lidder opgefouert. Viru 27 Joer hunn déi Zwee hire leschten Optrëtt gehat, an awer solle si net a Vergiessenheet geroden!
Aus dësem Grond wäert d’Eliane Lothritz um genannte Samschdeg Owend duerch ee räichhaltege Programm féieren, dee vum Kannerchouer Hueflachspatzen vu Stroossen, de Sänger aus dem Club Haus am Becheler vu Bäreldeng, dem Fabienne Görgen, dem Chris Fandel, dem Vic Hoffmann, dem Jean Kandel a Serge Oth, souwéi dem Paul Galles a Michel Schintgen presentéiert gëtt.
Ab 20:00 Auer gesäit de Programm folgendermoossen aus:
Paus (ca 20 Minutten)
Nieft dësem Lidder-Owend kann een am Foyer vum Mamer Schlass eng kleng Expo mat Erennerungsstécker vum beléifte Lëtzebeurger Duo besichen.
Weider Informatiounen:
D’Evenement an Erënnerung un de lëschtegen Duo Colette a Fernand fänkt den 16. Mäerz 2019 um 20:00 Auer am Festsall vum Mamer Schlass un. Den Entrée kascht 15€, reduzéiert läit een bei 8€. D’Reservatioune ginn ënnert der Telefonsnummer 31 00 31-1 entgéint geholl.