Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland
Neiegkeeten

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel huet op Invitatioun vu sengem

Police beschlagnahmt Kokain am Wäert vu 600.000 Euro
Neiegkeeten

Police beschlagnahmt Kokain am Wäert vu 600.000 Euro

Ob déi „déidlech Fracht“ fir de Lëtzebuerger Marché bestëmmt war,

surprise
Ongemitterlech Course zu Mexiko
Neiegkeeten

Ongemitterlech Course zu Mexiko

De Lëtzebuerger Espoir am internationale Motorsport, Dylan Pereira, ass dëse

Wann een haart genuch jäizt kritt ee Recht

Minister gëtt dem Drock vun der Strooss no a mécht de Service Adapto gratis

Wann een haart genuch jäizt kritt ee Recht

Alles hat mat enger Motioun vum CSV-Deputéierte Marco Schank ugefaangen, deen der Usiicht war an ass, datt de personaliséierten Transportservice „Adapto“ wéi den ëffentlechen Transport ze behandele wier, an esou och misst gratis Ugebuede ginn. Dat war dann och um Comptoir e Sujet.

Säitens dem Ministère fir Mobilitéitsstëllstand war dës Iddi net wierklech verworf ginn, an de Sujet sollt an der Zoustänneger Kommissioun „am Fong berode ginn“. Esou zumindest sengerzäit de berechtegten Awand vun der grénger Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Dat huet dann „dobaussen“ fir eppes Opreegung gesuergt, well een och do iwwerzeegt ass: dat ass ëffentlechen Transport.

Ass et de facto net a wann iwwerhaapt wier dëse Service méi no um Taxi wéi dann dem Bus. Mee dat interesséiert keen, a vu Fakte léisst sech an der moderner digitaliséierter Welt scho laang kee méi oflenken. Dat huet de Minister fir Tram a Buslinne wuel och esou agesinn, firwat et dann elo awer heescht: „De Service Adapto gëtt zäitgläich mam ëffentlechen Transport zum 1. Mäerz gratis“

Dat deem esou ass, kann enger grousser Entrevue tëscht dem François Bausch (Transportminister), Corinne Cahen (Familljeministesch), Romain Schneider (Sozialminister) an dem Claude Meisch (Educatiounsminister), esou wéi Vertrieder aus dem Aarbechtsministère geschëlt sinn, bei där een sech drop konnt eenegen, datt déi konjunkturell Situatioun engem Finanzement net widdersprécht.

Wann et ëmmer esou einfach wier…

Elo dierfen sech d‘Mënsche mat spezifesche Besoinen an/oder reduzéierter Mobilitéit also freeën, a firwat och net? Datt, ugestouss duerch eng Motioun an ënnerstëtzt vum Gebläers an de sozialen Netzwierker, den Adapto elo Gratis soll ginn huet awer e puer Konsequenzen. Wéi gesot et handelt sech heibäi ëm ee perséinleche Service. E fiert net wéi den ëffentlechen Transport no Programm…

Mat der Gratuitéit vum Adapto, veränneren sech d‘Konditiounen, déi et engem erlaben op dëse jo awer immens praktesche Service zouzegräifen. Et wäert net nëmme Gewënner ginn. Dat heescht: an Zukunft ass den Adapto streng deene Mënsche virbehalen déi eng Behënnerung oder eng reduzéiert Mobilitéit noweise kënnen. Et gëtt dann och nei Formulairen auszefëlle fir d‘Zougang ze kréien.

Et wäert zudeem net méi ganz esou easy a bequem bleiwen, wéi dat bis ewell zum Präis vu 5 Euro (einfach Faart) ugebuede gouf. Esou heescht aus dem Ministère fir ze schmuel Vëlospisten, datt eng national Zentral fir d‘Reservatioune geschafe gëtt, déi dann den Optrag huet, d‘Itineraire esou ze gestalten datt méi „Clienten“ zesummegefaasst kënne ginn, et ass jo dann e kollektiven Transport.

Do dierft een dann och gespaant sinn, wéi sech déi, wou sech elo un dësen dach awer wierklech gudden an eigentlech onbeschreiflech präiswäerten „Taxi-Déngscht“ gewinnt hunn, iwwer den neie Service „freeë“ wäerten. Zudeem muss elo och eng national Kommissioun geschafe ginn, déi sech de villen Demanden unzehuelen huet an dës op hir Berechtegung préiwe muss. Abee gutt dann…

Illustratioun: Lee / Pixabay

Ähnlech Sujeten ADAPTO, Gratis Ëffentlechen Transport, Gratuitéit, Rollstull, Transportministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel