Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President dreet Truppen aus Westpfalz ofzezéien
ghosting dating define https://moien.lu/hookup-maryland/

https://moien.lu/what-advice-would-you-give-to-the-person-dating-your-ex-funny/

Och wann et richteg ass, datt sech den US-President um

panzer mit angepassten matchmaking
ghosting dating define https://moien.lu/hookup-maryland/

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert

Fir de Leit e besseren Zougang zu de Medikamenter an

De Magazin „ons stad“ gënnt sech eng Frëschzellekur
ghosting dating define https://moien.lu/hookup-maryland/

De Magazin „ons stad“ gënnt sech eng Frëschzellekur

Virun enger gudder Woch huet déi Stater Buergermeeschtesch de neie

Wann engem d‘Spezialisten abhande kommen

No der Industrie an dem Handwierk, fält dem Patronat op, datt sech déi gesamt Aarbechtswelt digitaliséiert huet a si et net kënnen… mee wou fënns de een deen déi der Wënsch och erfëllt?

Wann engem d‘Spezialisten abhande kommen

Um Dënschdeg huet d‘Patronatsvereenegung FEDIL zesumme mat der Associatioun vun de Banken a Bänker (ABBL) d‘Resultater vun hirer 10. Enquête, iwwert d‘Previsiounen zum Rekrutement vu Mataarbechter am IT- a Kommunikatiounsberäich (ITK) virgeluecht. D‘Previsioune sinn, esouvill war séier erkannt, net wierklech déi bescht. Och hir Membere fannen net déi passend Ressourcen…

Jo d‘Welt, a ganz besonnesch d‘Aarbechtswelt digitaliséiert sech rapid an dat war allen Acteuren esou och bewosst, allerdéngs schonn zanter 2 Joerzéngten. Et ass also keng „Iwwerraschung“ déi aus heiterem Himmel kënnt. An esou huet de FEDIL-Direkter René Winkin gemengt: „Ee Jonke Mënsch mat engem Diplom an der Informatik kritt keng Problemer eng Aarbecht ze fannen“.

Dat stëmmt esou natierlech net, well an der Informatik gëtt et ënnerschiddlech Beräicher an och déi vun den Entreprise gestallten Ufuerderungen, widderspriechen dëser Ausso. Zudeem bidden déi an der FEDIL vereenegt Entreprisen zur hirer grousse Majoritéit weder eng Attraktiv Pai an Wunnenge fir dës Mataarbechter huet et am Land och keng. An d‘Banke sinn delokalisatiounsfreedeg…

Wann et awer net ouni geet

Bei der Analys vun de Resultater relativiséiert sech de „Besoin“. 168 Entreprisen hunn sech un dëser 10. Enquête bedeelegt. Aus deenen hiren Äntwerte géif ervirgoen, datt an den nächsten zwee Joer ronn 1.000 „Informatiker“ gebraucht ginn. En Drëttel dovunner soll d‘Ofgäng ersetzen, de Rescht sinn nei Plazen déi geschafe ginn. An et geet net duer ze wësse wat Informatik ass.

Gesicht gëtt vun „allem“: Entwéckler, Analysten, Reseau-Gestionnairen a villes méi. Dat stellt scho méi Uspréch un d‘Formatioun, firwat bei den Diplomer – esou zumindest de René Winkin – déi bei der FEDIL an der ABBL affiliéiert Betriber/Entreprise mindestens „Bac+2“ an en Uni-Ofschloss (Bachelor, Master an am léifsten Doktorand) verlaangen. Déi soll et anscheinend hei net ginn.

A well weder d‘FEDIL nach d‘ABBL sech an der 90er Jore virstelle konnten, datt Internet allen Iwwerzeegungen zum Trotz d‘Zukunft géif bedeiten, et sengerzäit onvirstellbar war unzehuelen, datt een ee Bréif net per Fax mee via e-Mail als PDF-Dokument géif verschécken, huet ee wichteg Zäit versträiche gelooss. Elo wonnert ee sech, datt „anerer“ méi innovativ a besser opgestallt sinn.

Och eng Fro vun der Bildung

Versiche mir elo een Ament laang unzehuelen „si“ hätten et mat Zäite gewosst, mee d‘Politik, also den Educatiounsministère, hätt net déi zougehéiereg Moossnamen ergraff. Et brauch schliisslech ee Schëllegen… da kann een deem entgéint setzen, datt hir Lobbyisten sech net duerchgesat kruten. Grondsätzlech ass et jo zu Lëtzebuerg esou, datt de Léierprogramm nach politesch bestëmmt gëtt.

Op FEDIL oder ABBL, et leeft deen de Léisungen no, statt Entwécklungen ze antizipéieren a sech um Opbau vun der Gesellschaft ze bedeelegen. Hei gëtt sech op dat essentiellt konzentréiert: vill Profit a méiglechst kuerzer Zäit ze maachen, Standuerter aus renger Profitgier ze verlageren a wa méiglech, den Aktionären esou gefalen, datt d‘Paien an Bonie weider op héchstem Niveau fléissen.

Dat alles geet awer ëmmer nëmmen esoulaang gutt, wéi d‘Ressourcen (si schwätzen net esou gäre vu Mënschen) am Iwwerfloss virhande sinn. Elo muss no Léisunge gesicht ginn, an wéi si et jo selwer wëllen erkannt hunn, weder am Land nach an der Groussregioun gëtt et déi Käpp déi si elo dréngend bréichten. Et muss een also seng Sich erweideren, also och iwwert d‘EU-Grenze goen.

Et mangelt staark un Attraktivitéit

Sech elo an Indien oder der Silicon Valley mat den entspriechende Ressourcen auszestafféieren, ass zwar eng Optioun mee immens komplizéiert. An esouguer wann et de politesche Wëlle wier, et de Membere vu FEDIL an ABBL eppes méi liicht ze maache baussent der EU ze rekrutéieren, bleift de Problem vun der Attraktivitéit. A wann se bei der Pai nach kéinte flexibel sinn, dat geet net duer…

Wunnen am Land – ënnert der Konditioun datt een eppes fënnt – ass immens Deier an och iwwert de Grenze klammen d‘Präisser. Wann ee bedenkt, datt ee Frontalier vun Diddenuewen dee regulär Aarbechtszäiten huet, am Schnëtt fir säin Aller-retour véier Stonnen den Dag ënnerwee ass, kann net vun „Attraktivitéit“ rieds sinn. Fir ee gudde Mataarbechter ze fannen, stellt dat e Problem duer.

Elo kéinten dës Verbänn eege Mesuren ergräifen: e Formatiounszenter an d‘Liewe ruffe wou scho bestoend Personal spezifesch forméiert géif ginn, oder jonker mat gudde Grondviraussetzungen de „spezifesche Besoine“ sollten zougefouert ginn. Dat awer kascht Geld a verlaangt zudeem och nach Verantwortung. Geld wëll ee keent ausginn an d‘Verantwortung iwwerléisst ee gären anerer.

Gutt datt ee sech op d‘ADEM verloosse kann

E staarke Partner vu FEDIL an ABBL war an ass de Staat. Esou huet d‘ADEM säit laangem ëmmer e gudden a konstruktiven Echange mat den Entreprisen am Land, fir d‘Besoinen ze identifizéieren an déi entspriechend Formatiounen ze organiséieren. Wien vun der ADEM forméiert ginn ass, huet fir de Patron zudeem de Virdeel, datt dësem seng Aarbechtskraaft och nach subventionéiert gëtt.

Dat heescht am Kloertext, datt de Steierzueler iwwert den Aarbechtsministère (et gëtt och eppes Geld vum europäesche Sozialfong) net nëmmen déi vun den Entreprise benéidegt „Spezialisten“ forméiert, mee och nach partiell d‘Personalkäschte subventionéiert. Gutt déi sinn – esou behaapt et d‘Gaby Wagner. Direktesch-Adjointe vun der ADEM – séier um Aarbechtsmaart operationell.

An natierlech huet och de Claude Meisch (DP) Educatiounsminister nach emol betount, an déi selwecht Richtung ze schaffen an déi zukünfteg Generatiounen op d‘Besoine vun der Wirtschaft virzebereeden. Eis gouf verséchert, datt d‘Kanner niewebäi awer och nach ëmmer op dat eigentlecht Liewe virbereet géifen. Dat mécht mat „encodéiere“ am Fundamentalunterrecht natierlech Sënn.

Bildung muss wirtschaftsverdréiglech sinn

Den Educatiounsminister huet béide Patronatsverbänn verséchert, datt d‘Regierung alles ënnerhëlt déi nowuessend „Ressourcen“ mat engem bessere Verständnis fir d‘Informatik auszerëschten. A 15 Etablissementer mat Fundamentalunterrecht gëtt mindestens 1eng Stonn „Codéieren“ pro Woch ugebuede, ab dem nächste Schouljoer soll datt an all Schoul am Land de Fall sinn, esou de Minister.

Elo gëtt et natierlech Elteren, déi eppes skeptesch a net begeeschtert sinn, datt hir Krapperten an esou jonkem Alter scho mat IT konfrontéiert ginn. Dat muss net sinn, well fir eng Aféierung an d‘Informatik brauch et weder e Computer oder eng Tablett. Et géif didaktesch a spilleresch Weeër dat Ganz un d‘Kanner erunzebréngen, sinn notzen et souwisou schon a si vun Natur aus virwëtzeg.

Dat kléngt net verkéiert an jo ass eigentlech eng vernënfteg Approche. Woubäi de Minister Meisch déi selwecht Problemer wéi FEDIL an ABBL huet: wien soll déi Formatiounen iwwerhuelen? Wéi gesot säit den 90er ass d‘Richtung bekannt, an elo 2020 gëtt iwwer Moossnamen nogeduecht. Hei kann een sech aweer esou lues net méi drop behaapten „Léiwer Spéit wéi Ni“.

Illustratioun: © KOBU Agency / unsplash

Ähnlech Sujeten ABBL, ADEM, Educatiounsministère, Fedil, Informatik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel