Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gesellschaftsspiller sinn erëm am Kommen – a schloen indirekt d’Bréck tëscht Analog an Digital
https://moien.lu/dating-equipment/ Neiegkeeten

https://moien.lu/taeyong-dating-rumors/

An de leschte Méint hunn ech a mengem Facebook an

dating sites in austin
https://moien.lu/dating-equipment/ Neiegkeeten

Eng Rees ënnert engem grousse Schied

Aktuell dänzelt eise Premier, de Xavier Bettel, duerch San Francisco

money
Neies aus dem Automobilsecteur
https://moien.lu/dating-equipment/ Neiegkeeten

Neies aus dem Automobilsecteur

Hëlt ee sech de leschten Zuelen un, déi vu STATEC

Wann et der einfach net gelénge wëll

Dem Boris Johnson säi politescht Bollwierk war dann awer op mëllem Sand gebaut

Wann et der einfach net gelénge wëll

Gëschter Owend huet de BoJo säin éischte politeschen Armageddon iwwerstanen, mee – an d‘Biller schwätze Bänn – et dierften Narben zréckbleiwen, déi och d‘Zäit net kann onvergiess maachen. Am House of Commons ass de Gesetzprojet géint en „No Deal Brexit“ wéi erwaart ugeholl an déi vum Premier gefuerdert Neiwahlen zréckgewise ginn. Do gëtt de schwaarzer Péiter zur Aarschkaart…

Wat dem Theresa May gelongen ass, huet och de Boris Johnson bravouréis hikritt: dräi Votten an dräi Néierlagen, zumindest dat hätten déi fréier Premierministesch an dem Donald Trump säi Protegé gemeng. An dat politescht Koméidistéck ass wäit dovunner ewech sech dem leschten Akt virum Rideau ze stellen. Per Gesetz hätt de Premier elo den Optrag eng „Verlängerung“ unzefroen.

einfachDat awer wëll a wäert de Boris Johnson éischter net maachen, an hien huet säin Haaptgéigner, de Jeremy Corbyn (Labour) zum Virworf gemaach, mat sengem Gestëppels déi britesch Positioun géintiwwer Bréissel seriéis geschwächt ze hunn. D‘Parlament huet dat zur Kenntnis geholl, sech awer net beandrocke gelooss. Si si jo och fir en Austrëtt aus der Unioun, mee nëmme mat Accord.

Net ze iwwerzeegen

A wat huet sech de BoJo de Mond fuseleg geriet iert him keng Alternativ bliwwen ass, an hien d‘Kaart vu virgezunnen Neiwahlen huet missen ausspillen. Esou huet de Boris Johnson dat eenzegt richtegt gemaach a sech direkt u säi Kontrahent Jeremy Corbyn gewannt: „Aus menger Siicht an aus Siicht vun der Regierung, muss et de 15. Oktober eng Ofstëmmung am Parlament ginn. Domat soll entscheet gi wien vun ons zwee, dann zum entscheedenden EU-Sommet no Bréissel fiert“.

Wann een da fir ee butzegen Ament hätt kënne mengen, datt et och am Sënn vum Jeremy Corbyn wier, iwwert de Wee vun Neiwahlen dem Land nees Hoffnung op e politesche Konsens ze ginn, dann huet ee falsch geleeën. De Labour-Chef huet dem Klatzkapp aus 10 Downing-Street de Kuerf ginn. Taktesch gescheit, schliisslech ass dat „No Deal Gesetz“ nach net an dréchenen Dicher.

einfachOb dat Gesetz och déi schwiereg Hürd am House of Lords iwwerwonne kritt, an dat gefällegst nach iert d‘Parlament an déi erzwonge Vakanz geschéckt gëtt, ass alles anescht wéi sécher. Do hunn déi sougenannt „Hardliner“ sech an de Kapp gesat mat Ännerungsanträg d‘Akraaftriede vum Gesetz zumindest ze verschleefen. Woubäi haut de Muere verkënnt gouf, datt et bis e Freideg gedoe wier. E Méindeg kéint dann d‘House of Commons „ofschléissend beroden“ iert d‘Queen hiert Kräiz mécht.

Wéi um Schoulhaff

De Premier säi Kontrahent Jeremy Corbyn gefält dat mat der Verzögerung net an hien am Debat um spéiden Owen gemengt: „Loosst dach dëst Gesetz passéieren an d‘Queen ënnerschreiwen. Da kënne mir och Neiwahlen zoustëmmen, mee zumindest gëtt da verhënnert, datt mir mat engem Crash aus der europäescher Unioun austrieden. Ären Antrag ass dee vun engem zynesche Premierminister“.

An tatsächlech ass et esou, datt während der erzwongener Paus vum Parlament, dëst net de Premier kontrolléiere kann. De Boris Johnson kéint an deem Fall, den Termin fir Wahlen op en Termin nom 31. Oktober verleeën, wat mat sech brénge géif, datt d‘Oppositioun sech engem haarde Brexit, also enger Scheedung ouni Ofkommes net méi erwiere kéint. An et ass jo dat wat soll verhënnert ginn.

einfachDat ass iwwregens och de Grond firwat sech déi schottesch Nationalisten net op dem Premier seng Propositioun agelooss hunn. De Virsëtzenden der SNP, Ian Blackford, deen eigentlech genee esou nieft der Kap ass wéi de BoJo, huet gemengt, datt een dësem Premierminister vu Groussbritannien einfach net iwwert de Wee traue kann. An esou geet d‘Brexit-Sitcom haut gemälleg weider.

mat indymedia/lon

Foto: Keng einfach Situatioun fir de Boris Johnson, deen – wat bei de Briten eigentlech esou net ausgepräagt ass – gëschter bei der Debatt am Parlament richteg aus der haut gefuer ass. Et war eng, och fir Journalisten, wierklech ënnerhalend Sëtzung. Et wier wuel besser gewiescht et hätt zu enger Léisung gefouert, mee domatter rechent um europäesche Kontinent kee méi. © UK Parliament/Jess Tailor

Ähnlech Sujeten BoJo, Boris Johnson, Brexit, House of Commons, House of Lords, Jeremy Corbyn, No Deal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel