Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Automobilisten opgepasst: A13 iwwert de Weekend deels gespaart
Kultur Neiegkeeten is he just a hookup quiz

https://moien.lu/free-best-online-dating-apps/

D‘Aarbechte laanscht der A13 tëscht Beetebuerg an Diddeleng komme gutt

https://moien.lu/dating-in-lincolnshire-uk/
Kultur Neiegkeeten is he just a hookup quiz

D‘Nationalbibliothéik plënnert

Plënneren, datt kennt ee vun doheem (oder Frënn) an dat

Wat kënnen d’Piraten zu Esch erreechen?
Kultur Neiegkeeten is he just a hookup quiz

Wat kënnen d’Piraten zu Esch erreechen?

Esch ass déi zweetgréisste Stad vum Land an domatter alles

Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt

D'Kënschtlerin Margot Reding-Schroeder

Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt
© Shari Pleimelding/moien.lu
Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt
© Shari Pleimelding/moien.lu
Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt
© Shari Pleimelding/moien.lu
Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt
© Shari Pleimelding/moien.lu
Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt
© Shari Pleimelding/moien.lu

Ab dem Zäitpunkt, wou abstrakt Konscht hir Plaz fonnt huet, hunn d’Kënschtler dës Form iwwert déi verschiddenst Weeër ëmgesat. Ee ganz eegene Wee, fir ee Motiv, eng Beweegung an eng kënschtleresch Séil anzefänken huet och déi Lëtzebuerger Artistin Margot Reding-Schroeder fonnt. Fir de Virowend vun Nationalfeierdag hate mir de grousse Pleséier déi talentéiert Fra am Buerschenter Schlass bei hirer Ausstellung unzetreffen.

Nom Studium an der Aktmolerei an der Summerakademie Pro Arte Prissiano an Italien ass et fir d’Margot Reding weider an d’Konschtakademië vun Tréier an Augsburg gaangen, fir hei d’Kenntnisser an der Bildkompositioun, der experimenteller Zeechen-Molerei an der Skulptur ze verdéiwen. Zeréck zu Lëtzebuerg huet déi talentéiert Artistin, a Course vum Arts et Métiers, weider no der eegener Perfektioun gestrieft.

Fir d’Motiv op de Support ze brénge gëtt eng Kombinatioun aus verschiddenen Technike benotzt. Bei der sougenannter Mëschtechnik ass et schliisslech d’Zesummespill aus den Texturen, déi de Pinsel an/oder de Schwamp eriwwer bréngt, sou wéi de Charakteristike vun de Faarwen. Heiansdo fënnt een souguer Wuess, Äschen oder och Basaltpudder um Wierk erëm. Mat wat spéiderhin d’Motiv genau duergestallt ass, läit individuell bei der Kënschtlerin a variéiert vu Wierk zu Wierk.

Margot Reding

Um Virowend vun Nationalfeierdag bei der Ausstellung um Buerschenter Schlass © Shari Pleimelding/moien.lu

De mënschleche Kierper iwwersetzen

Am Atelier schaffen d’Dänzer un hirer Improvisatioun a bréngen fléissend Beweegungen a spontan Kierpersprooch mat an de Raum. Verdéift an hirer eegener Welt observéiert d’Margot mat grousser Opmierksamkeet all kuerz Pos an all Impuls. Esou entstinn Wierker vun extremer Dynamik, déi souwuel d’Zerbriechlechkeet, d’Brutalitéit an d’Häert vum mënschleche Kierper vereenen.

Duerch real Observatiounen kënnt et engem beim Betruechte vun de Biller bal esou vir, wéi wann den Dänzer zur gläicher Zäit e puer Beweegungen iwwert de limitéierte Support verdeelt. Erklären kéint een et an dësem Fall och wéi ee Film, dee jo eigentlech duerch d’Unenanerreien vun zuelräiche Biller zu engem Ganze gëtt. Genau dësen Effekt kritt déi Lëtzebuerger Kënschtlerin op enger eenzeger Toile hin.

Duerch d’Spill aus haaptsächlech donkele Faarwen, der Variatioun u Stréchstäerkten an Techniken, dotëscht awer och emol enger faarweger Pointe, gëtt de Betruechter magesch ugezunn a kuckt dem Motiv gären no, wéi et sech och iwwert d’Wierk hinaus gedanklech weider beweegt.

Margot Reding

© Shari Pleimelding/moien.lu

Mat artisteschem Succès ënnerwee

Säit 1997 sinn a ganz Europa, an doriwwer hinaus, Ausstellungen a Projeten zustane komm. Souwuel zu Lëtzebuerg, wéi och an der Belsch, Dänemark, Däitschland, Frankräich, Italien, Holland an och Budapest hat d’Margot schonn déi grouss Chance déi dynamesch Wierker ze presentéieren. Beim Kulturaustausch tëscht der Tierkei a Lëtzebuerg ass et dobäi souguer am Caddebostan Culture Center an Istanbul zur Expo komm.

Mat dëser internationaler Presenz huet d’Artistin sech duerchgekämpft a konnt 2001 de Grand Prix d’Art Contemporain zu Maizières-lès-Metz (Frankräich) mat Heem huelen. An der italienescher Haaptstad Roum konnt si 2008 als Präisdréierin vum Premio Internazionale Massenzio Arte ervir goen. Knapp 2 Joer drop ass et mam Präis fir hir Serigraphie „Femme“ zu Lëtzebuerg weider gaangen.

Wien d’Ausstellung am Buerschenter Schlass verpasst huet, dee sollt reegelméisseg ënnert www.margoart.lu laanscht kucken. Nieft den Ausstellungen fënnt een hei nach weider spannend Informatiounen zur Kënschtlerin!

Ähnlech Sujeten Beweegung, Danz, Konscht, Margot Reding-Schroeder, Mënschleche Kierper
Nächsten Artikel Virrechten Artikel