Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Altersaarmut an Däitschland
Auto International Neiegkeeten Sport

Altersaarmut an Däitschland

Exportweltmeeschter a Motor vun der Europäescher Unioun awer net Amstand

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht
Auto International Neiegkeeten Sport

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht

Dës nei Kannergeschicht vum Jhemp Hoscheit mat faarwegen Illustratioune vum

Keen TTIP duerch d‘Hannerdier
Auto International Neiegkeeten Sport

Keen TTIP duerch d‘Hannerdier

Wann e Projet vun der EU op de Widderstand vun

Wann s de eppes kanns!

Porsche Mobil 1 Supercup Virtual Edition: Den Dylan Pereira klëmmt direkt zweemol op de Podium – Eng wichteg Virbereedung fir de Retour op den analoge Circuit

Wann s de eppes kanns!

Gëschter huet – datt gouf aus gudde Grënn esou entscheet – dem Dylan Pereira seng Rennsaison am Porsche Mobil 1 Cup net wéi gewinnt „am echte Liewe“ stattfonnt, mee am virtuelle Raum. Eng fir all déi sëlleche Fans a Frënn vun dësem Marke-Cup, vu Porsche geschafen Alternativ, wou et jo heescht dat mir sollten doheem bleiwen. Fir d‘Piloten ass et natierlech och eng fantastesch Saach.

Zum engen, an dat ass den eigentleche Gedanken hannert dësem ganze Programm, dréit et derzou bäi datt sech d‘Piloten op déi „analog“ Ausenanersetzung op de Circuite vun dëser Welt virbereede kënnen, an zum aneren, bitt de Pilote méi „Visibilitéit“ an hire Cup erreecht esou vläicht weider Bekanntheet am Netz. De Start an déi Saison war flott, wann och déi éischt Minutten ongewinnt.

Gestart gouf zu Barcelona, ee vun den éischter schwierege Circuiten, wou besonnesch déi „lues“ Kéieren a Verbindung mat de „séiere“ Secteuren net nëmmen am richtege Liewen en Challenge duerstellen. D‘Bremse ginn hei och am virtuelle Raum zolidd op d‘Prouf gestallt, eng kuerz Erhuelung bitt sech dësen eigentlech just op der 1000 Meter laanger Zilgeruet. Kee Spaass also…

Alles wéi an Echt

Entspriechend senger Leeschtung an der Qualifikatioun, wou den Dylan Pereira op sengem Porsche GT3 Cup vum Team BWT Lechner Racing, a béide Seancen déi véiert bescht Zäit virweise konnt, ass et da Gëschter och un de Start gaangen. Virtuelle Raum hin oder hir, och do gëllt säi Kënnen ënner Beweis ze stellen. Stellt sech d‘Fro, kann den Dylan um Simulator d‘Leeschtung erbréngen?

Hie kann, an dat net emol ze knapps. Op de Pist an der reeller Welt si mir dat zwar gewinnt, mee hei hat de Borscht et fett knalle gedoen, an nach iert ee sech ëmsinn huet, ass d‘Nues vum Dylan senger Rennmaschinn op déi virtuell Ofgaser vum Leader Larry ten Voorde lassgaangen. Mee wéi gesot, et ass net där einfacher Strecken eng. Den Hollänner huet drop gehalen a Gummi ginn.

Beim Dylan ass et drëms gaangen dës zweet Plaz ze halen, mee d‘Konkurrenz huet dat natierlech eppes méi differenzéiert gesinn. An hannert dem Dylan sengem Porsche GT3 Cup huet sech ee ganz besonnesch bësseg gewisen. Den tierkesche Pilot Ayhancan Güven, huet an huet net labber gelooss an et muss him zougestoen hie war séier. Esou gëtt et fir déi éischt Manche dann nëmme Plaz 3.

Et muss ee sech keng Siche goen

Déi zweet Manche an domadder lescht Course fir dëse Weekend, ass an där Reiefolleg gestart ginn, wéi d‘Piloten an éischter ukomm sinn. Beim Depart hunn déi dräi Leader kee Feeler gemaach. Am Verlaf vun der Course huet de Larry ten Voorde nach d‘Plaz mam Ayhancan Güven gewiesselt Den Dylan hat eppes Avance op dee véierten an huet sech nach emol eng Plaz um Podium geséchert.

Et dierf een dann awer roueg behaapten, datt et aus Lëtzebuerger Siicht ee ganz gudde Start an déi nei Saison ass. Vum Pilot gouf et no der Course e gewinnt kuerze Statement, an deem hien sech bis dohinner ganz zefridde wéist, bezunn op de Schwieregkeetsgrad vum Circuit a sengem neien, wann och temporären Aarbechtsëmfeld. Hie freet sech awer op déi nächst zwou Manchen.

A bis dohinner ass et jo net laang. Hutt elo ass emol „Ouschtervakanz am Confinement“ ugesot, déi den Dylan Pereira zesumme mam Team vu BWT Lechner Racing wäert gutt ze notze wëssen. Den 18 Abrëll dann, invitéiert eis de Porsche Mobil1 Supercup Virtual Edition op de legendäre Circuit vu Silverstone an. Och hei sidd häerzlech ageluede fir den Dylan am Livestream ze ënnerstëtzen.

Klassement 1. Manche:

  1. Larry ten Voorde (Team GP Elite)
  2. Ayhancan Güven (martinet by ALMERAS)
  3. Dylan Pereira (BWT Lechner Racing)

Klassement 2. Manche:

  1. Ayhancan Güven (martinet by ALMERAS)
  2. Larry ten Voorde (Team GP Elite)
  3. Dylan Pereira (BWT Lechner Racing)

Generalklassement;

  1. Larry ten Voorde (Team GP Elite) / Ayhancan Güven (martinet by ALMERAS)
  2. Dylan Pereira (BWT Lechner Racing)

Wou dir den Dylan soss nach fannt:

Ähnlech Sujeten BWT Lechner Racing, Dylan Pereira, Motorsport, Porsche 911 GT3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup virtual edition
Nächsten Artikel Virrechten Artikel