Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwert 116.000 Awunner aus 167 Natiounen wunnen an der Stad. Do gëtt et vill ze maachen!
Fail Meenung

Iwwert 116.000 Awunner aus 167 Natiounen wunnen an der Stad. Do gëtt et vill ze maachen!

Et war um Mëttwochmuere fir d‘Éischt, datt sech de neie

LSAP-Presidence: Francine Closener zitt Kandidatur zréck
Fail Meenung

LSAP-Presidence: Francine Closener zitt Kandidatur zréck

Déi sozialistesch Deputéiert a fréier Staatssekretärin huet gëschter hir Kandidatur

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn
Fail Meenung

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn

Zu Esch-Uelzecht ass ee beméit nees esou eppes Normalitéit ze

dislike

Wann se sech et leeschte kënnen

Wann se sech et leeschte kënnen

Wat alt nees eng wéinst de BIL opgefouert gëtt. Wéi gewosst ass, wëllen d‘Chinese vu „Legend Holding“ sech 90% vun de Parte sécheren. Dofir missten se allerdéngs de Kollege vu „Precision Capital“ aus dem Katar bis zu 1,5 Milliarden Euro an de Grapp drécken.

Fir d‘Firma aus dem noen Osten eng rentabel Affär, haten si hir Undeeler am Oktober 2012 nach vir ronn 730 Milliounen ergattert. Déi eelsten Universalbank vu Lëtzebuerg ass scho laang nach beschtefalls en Objet deen ee sech weiderreecht wann d‘Offer da stëmmt.

Wien elo hannert „Legend Holding“ stécht, also ausser der chinesescher Regierung ass am Detail net gewuer ze ginn. Muss et och net, well eleng de Fait, datt et eng Holding ass, sollt zumindest deenen déi hir Pai vum der BIL kréien an eventuell och déi wou hiert Geld do leien hunn, zum Nodenken animéieren.

Nodenke schonn eleng, well keen esouvill Geld an de Grapp hëlt ouni dat wëllen herno erëmzegesinn. Mat entspriechendem Profit versteet sech. Profit awer, maachen och Banken am Moment net wierklech, d‘Geld ass, wéi et schéngt einfach ze bëlleg. Eng bosseg Iddi vum EZB-Direkter Mario Draghi, dem fréiere Vizepresident vu Goldman-Sachs.

Dat wat am deiersten ass sinn d‘Leit déi ee beschäftegt, an esou huet elo jiddereen, awer virun allem d‘Gewerkschaften Angscht, datt Entloossunge kéinten ausgeschwat ginn. Eppes, wat d‘Chinesen zréckweisen a vun der Regierung kloer dementéiert gëtt. Déi hätt d‘Garantie, datt d‘Aarbechtsplazen op mannst dräi Joer sécher wieren.

Cool, mee wat ass an dräi Joer? A virun allem wat ass, wann „Legend Holding“ se virdrun zu engem nach bessere Präis un dee nächste weider gëtt? „Mäi Numm ass Hues an ech weess vu näischt!“, wier déi éierlech Äntwert, déi den zoustännege Minister hei misst ginn.

Also entweder geet d‘Regierung mat Sujet BIL net transparent ëm, oder se seet sech „dat wäert scho klappen“. Gutt, si huet selwer och Goss dra stiechen, a dierft kaum drun interesséiert sinn d‘Bank an d‘Gette goen ze loossen. Och beim Thema Salariéë kann een dovunner ausgoen datt sech d‘Regierung hir Gedanke gemaach huet.

Firwat elo awer den einfache Bierger, ëmmerhi stiechen iwwert d‘Steieren och seng Suen dran, net méi kloer Informéiert gëtt, an et och der Press net einfach gemaach gëtt un Informatiounen ze kommen, dat bei allem Respekt, ass net déi Aart a Weis wéi ee mat de Leit ëmgeet.

Foto: Fir de fréiere Minister an haidege BIL-President Luc Frieden (3.v.l.) gëtt mat de Chinesen dat nächst Kapitel vun der BIL „succes story“ geschriwwen. (© Banque Internationale de Luxembourg)

Ähnlech Sujeten Bank, BIL, China, Holding, Luc Frieden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel