Search

You may also like

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung
Neiegkeeten

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung

D‘USA hunn déi vum Iran ugekënnegt Auswäitung vun der Uranuräicherung

Teenager, Elteren a Confinement – De Retour vu Spillowenter
Neiegkeeten

Teenager, Elteren a Confinement – De Retour vu Spillowenter

Wien huet dann en Teenager doheem? Jugendlecher, op der schmueler

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt

D‘Flemm mat der Politik hunn, esou kéint ee mengen, net nëmmen d‘Wieler. Esou muss oder kann ee feststellen, datt et muncheruerts och Gemenge gëtt, déi grad emol genuch Leit fannen, déi sech als Kandidat ubidden.

Datt bossegt dorunner, an de betraffene Gemenge brauch de Bierger dann och guer net ze wielen. Oder wann en et dach muss, da just fir een „auszeschléissen“. Zu Lëtzebuerg gëtt et deemno op mannst dräi Gemengen an deenen et net méi Kandidate wéi Mandater gëtt. An et geet esouguer eng Gemeng do ass et da richteg Bosseg.

Einfach erkläert

Elo ass et awer och sécher richteg ze konstatéieren, datt et generell uechtert Land Parteie schwéier hate Leit fir hir Lëschten ze Fannen. Dat war beispillsweis de Fall fir d‘Kommunisten an d‘Piraten. Déi eng haten der net genuch an der Stad, déi aner net genuch zu Esch Uelzecht fir d’Lëscht voll ze kréien.

An de meeschte Proporz-Gemengen hunn d‘Wieler dann awer zu gudder Läscht d‘Wiel. Den demokratesche Prozess fënnt statt well et genuch Parteien a Kandidate gëtt. Bei de Majorz-Gemengen ass dat net iwwerall de Fall. Esou um Beispill vu Feelen, Wanseler a Bech. Hei ginn et grad emol esouvill Kandidate wéi Mandater.

Zu Feelen a Wanseler stoungen néng Mandater zur Verfügung. Bei néng Kandidate muss verständlecher Weis net gewielt sinn. Déi Damen an Häre vun der Gemeng Feelen mussen sech just eens gi wien d‘Roll vum Buergermeeschter iwwerhëlt. Zu Wanseler dat selwecht Bild, woubäi et hei just Häre sinn déi sech mussen eens ginn, wien de Gemengepapp ass.

Een ze mann, een ze vill

Zu Bech, aacht Kandidate fir néng Mandater… Hei kéint den Inneminister bannent dräi Méint Zousatzwahle festleeën, muss en awer net. Dat wier eréischt de Fall wann zwee Mandater net besat kéinte ginn.

An der Gemeng Ärenzdall, eng Fusiounsgemeng mat eelef Mandater ass et wuel einfach an awer iergendwéi komplizéier.: Am Ärenzdall gëtt nach a Sektioune gewielt: Iermsdref a Miedernach. Während Iermsdref am Gemengerot fënnef Mandater huet, sinn et der fir Miedernach sechs. Iermsdref huet fir déi fënnef Mandater och fënnef Kandidaten. Miedernach huet fir déi sechs Mandater awer elo siwe Kandidaten. Dat bedeit, datt d‘Kandidate vun Iermsdref sécher Gewielt sinn.

Well et awer elo zu Miedernach e Kandidat méi gëtt wéi Mandater, mussen déi Iermsdrefer um 8. Oktober awer aus de Fiederen a wiele goen. Aus demokratesche Grënn hu se nämlech och d‘Recht sech zu de Kandidate vu Miedernach ze äusseren.

Related topics Bech, Feelen, Gemengewahlen 2017, Iermsdref, Miedernach, Wanseler
Next post Previous post