Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Déiereschutz an der Verfassung verankeren
International Neiegkeeten

Den Déiereschutz an der Verfassung verankeren

Aus Aktualitéitsgrënn ass d‘ADR un vergaangenen Donneschdeg op den Déiereschutz

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of
International Neiegkeeten

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of

De pakistanesche Verdeedegungsministère huet viru bekannt ginn, datt d‘Loftwaff zwee

Biergcourse zu Eschduerf – Timeline European Hill Race
International Neiegkeeten

Biergcourse zu Eschduerf – Timeline European Hill Race

Schluss, fäerdeg, aus, eriwwer… No dräi fir d‘Piloten erausfuerderend Montéeë

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen

Awanderungsreform vum Donald Trump soll Elite ulackelen an de Rescht ewechhalen

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen

D‘Awanderungsgesetzer an den USA sinn ëm déi 30 Joer al an zweiwelsfräi net méi den haidegen Ufuerderunge gewuess. De George „Dubbelju“ Bush an och de Barack Obama haten hei ganz gutt Intentiounen, mee et sollt hinnen net geléngen de System ze reforméieren.

Esou ergëtt sech, dat aktuell nach all Joer 1 Millioun Mënsche legal an d‘USA awanderen dierfen. Zweedrëttel dovunner am Kontext vun der Familljenzesummeféierung. Dat passt dem Milliardär aus dem Wäissen Haus esou iwwerhaapt net a säi friemefeindlecht Konzept, an hien huet sech elo virgeholl, de Volet „Awanderung“ perséinlech ze superviséieren, an déi Reform duerchzesetzen.

Mat den aktuelle Gesetzer géif eng „Kette-Migratioun“ gefërdert, mat där et besonnesch deenen „Dommen“ ze liicht géif gemaach ginn, an d‘USA anzewanderen. Hien dogéint wëll d‘Elite an d‘USA lackelen. E Punktesystem wéi Kanada, wier dem Donald Trump gefälleg: „Wien awandere wëll muss zukünfteg Leeschtung a Fachwëssen noweisen“, esou den US-President gëschter…

Dat grad de Donald Trump, deen sech jo erwisenermoossen net duerch „Leeschtung a Fachwëssen“ ervirdeet, 60% vum Kontingent fir „jonk a gutt ausgebilten Awanderer mat besonnesch gudde Sproochkenntnisser a Qualifikatiounen“ reservéiere wëll, ass eigentlech e Witz, mee et léisst sech grad kee fannen, deen doriwwer laache kann. Washington sicht also no Genien a brillante Käpp.

Da wësst der elo Bescheed

Fir den US-President ass ëmmer nees wichteg de richtegen Toun ze treffen, d‘Ausso frëndlech awer bestëmmt un de Mann ze bréngen. „Wann‘s du amerikanesche Staatsbierger wëlls ginn, wäert ganz genee kloer sinn, wéi eng Ufuerderungen du erfëlle muss. Dat wäerte mir dir an aller Däitlechkeet erklären“, esou de Mann mam Wëssenspotential vun engem Pak Zocker, dees raffinéierten awer…

Un Argumenter feelt et dem Mann, dee mengt sech seng Renommée mat enger Tëleerealitéitsshow opgebaut ze hunn, net. A wéi a senger Show, huet hien net wierklech en Häerz fir seng Landsleit. Statt d‘Amerikaner mat engem bessere Bildungssystem ze beglécken, wëll den Donald Trump mat senger Awanderungspolitik, sécherstellen, datt et fir déi genuch Jobs am Niddreglounsecteur gëtt.

Déi sougenannten illegal Migratioun soll vollstänneg agedämmt ginn, wat eis nees zum Milliardär senger „Mauer“ bréngt, déi bekanntlech och nach vu Mexiko soll bezuelt ginn, an déi kriminell Banden (Mäerder, Drogendealer, Terroristen) aus Südamerika soll ofweisen. A wéi ee sech et kann erwaarden, stéisst dem Locataire aus dem Wäissen Haus seng Reform och op Widderstand.

Vun den Demokraten heescht et: „Dat ass de Geck gemaach mat allem wat d‘USA ausmécht. Weder dem President säi Grousspapp nach mäi Papp wieren ënnert dëse Kritäre jeemools an Amerika agewandert“, esou de Richard Blumenthal, Senateur (Dem). Aus de Reie vun de Republikaner dann d‘Kritik, datt d‘Reform net wäit genuch geet an 1 Millioun Awanderer pro Joer der ze vill sinn.

mat indymedia/was/lax/aus

Ähnlech Sujeten Awanderung, Donald Trump, Migratioun, Reform, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel