Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier um Echangeur Hamm op der A1
Meenung

Chantier um Echangeur Hamm op der A1

Wéi d’Stroossebauverwaltung matdeelt, wäert vu Freideg den Owend 20 Auer

Wann e bis rullt, rullt et?
Meenung

Wann e bis rullt, rullt et?

Et gouf scho vill – ganz vill! – iwwert den

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!
Meenung

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!

Säit September 2018 ass déi Europäesch Biergerinitiativ fir d’Enn vun

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen

Dënschdegowend zu Esch Uelzecht, et ass eng Auer zéng an ech duecht nach e leschte Patt iert et Heem geet, deen ass nach dran. Op där aner Stroossesäit eng jonk Fra, d’Aen „am“ Smartphone. En eigentlech gewinnten Ubléck hautdesdaags an awer.

D’Luucht ass rout an um „Kennedy“ rullt de Verkéier nach. Et quiitscht, et tut et gëtt e Knall. Ech dréine mech ëm a gesinn nach wéi de Smartphone mir entgéint gerutscht kënnt. D’Fra hunn ech net méi gesinn, déi louch virum Auto.

Net laang, well zimlech rosen an iergendwéi schwéier genervt, ass d’Fra, wéi se sech da vum éischte Schreck erholl hat, op de Chauffeur duer. Vernennt dëse Schëmmel a Bless, während se sech vrun der Chauffersdier d’Kleeder ofklappt.

D’Luucht fir d’Foussgänger war rout, donkelrout – op der Escher Gare muss een de Knäppchen drécke fir datt et gréng gëtt – mee wann een net kuckt, also dohinner wou ee soll, da kann et schonn emol enk ginn. Um „Handy“ deen ech dann emol opgeraf hunn, ass de Film deen sech d’Fra grad ugekuckt huet weidergelaf.

De Chauffeur hat mëttlerweil den Auto op d’Säit gestallt a war erausgeklommen. Dee war bleech am Gesiicht. Sichtlech geschockt an nach ëmmer dem verbalen Ugrëff vun där jonker Fra ausgesat, wollt dee just wëssen op der hir géif gutt goen, op e sollt eng Ambulanz oder d’Police ruffen.

Mat engem kuerze Merci, wéi ech hir de Smartphone zréckginn hunn, wollt si mech als Zeien. Den Automobilist hätt se absichtlech ugefuer, dee misst jo zu all Ament kënne stoe bleiwen, an do wär jo och en Zebrasträifen…

Nee Madamm, esou geet et dann och net. Richteg op der Plaz ass en Zebrasträif an en Automobilist soll zu all Moment säi Gefier ënner Kontroll hunn. An ouni „Bremsassistent“ wier et wuel och net mat enger bloer Plaz an knaschtege Kleeder gedoe gewiescht. An jo do hätt den Automobilist ganz schlecht Kaarten am Grapp gehat.

Op mat oder ouni „Handy“ et leeft een net blannemännches iwwert d’Strooss. Et sollt een zudeem och net mat den Aen „am“ Smartphone weder iwwert den Trottoir oder soss engem Wee ronderëm lafen. A wann een et dann awer mécht, sollt een net zwéngend d’Schold bei „anere“ sichen.

Ech hunn der jonker Fra ze verstoe ginn, datt ech fir als Zeie keng Optioun sinn, dee Schoss géif no hanne lass goen. Dat huet net se net erfreet, a richteg rose war se dunn och nach, wéi ech hir meng Meenung zum Ëmgang mat de neie Medien zougedroen hunn.

Gutt den eegene Feeler anzegesinn, dat fält esouguer mir schwéier. Mee wann ech eppes um Smartphone oder der Tablett kucken, da bleiwen ech stoen (oder ginn een huelen) ech muss mech net a Liewensgefor brénge just fir eppes ze gesinn, wat ech mir am Internet zu all Moment kann ukucken.

Nodeems d’Fra da weder Ambulanz nach Police wollt hunn, sech och nach e frëndlechen Taxichauffer ugebueden huet fir se (gratis) heemzebréngen, ass den Automobilist da gefuer. D’Fra huet hiren zerschréipsten „Handy“ agestach, an da war dann och.

D’Loscht op de Patt war mer vergaangen. Um Heemwee ass mer dann och eréischt bewosst, datt een hei laanscht eng Katastroph komm ass. An esou duecht ech mer: „du Kou, wann’s de léiwer virtuell ënnerwee bass, da bleif da einfach um Canapé sëtzen“.

Ähnlech Sujeten Handy, Sécherheet, Smartphone, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel