Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wa se schaffen… da looss se schaffen
is he just a hookup quiz how do you use custom matchmaking in fortnite battle royale

headline for a dating website example

Wie ma sengem Auto an d‘Stad fiert a mengt et

https://moien.lu/persona-4-golden-dating-everyone/
is he just a hookup quiz how do you use custom matchmaking in fortnite battle royale

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

Am Kontext vum Logement an dem Accès zu Wunnraum, huet

Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
is he just a hookup quiz how do you use custom matchmaking in fortnite battle royale

Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns

Haut ass de Welttourismusdag. Dëst Joer gëtt dobäi den Accent

Arktesche Wanter iwwer Nordamerika

-54°C zu Chicago, ass dat kal genuch?

Arktesche Wanter iwwer Nordamerika

Bei den Amerikaner ass iergendwéi ëmmer alles „iwwerdimensionéiert“ an esouguer wann et ëm de Wanter a seng Temperature geet, muss den Ami et iwwerdreiwen. Esou sinn an dëser Nuecht op der Ostküst, Minustemperature vu bis zu -29°C gemooss ginn. Zu Chicago huet e Polar-Vortex de Merkur bis op -54°C gedréckt. An Australien ass et genee ëmgekéiert.

Ënnert esou Wiederkonditioune kann déi geréngsten Onvirsiichtegkeet liewensbedreelech Suitten hunn. Esou de Mann dee säin Hond – deen an d‘Waasser gefall war – rette wollt, an um Enn selwer a Nout geroden ass. Hie konnt nach mam Handy Hëllef ruffen, et huet awer fënnef Poliziste gebraucht fir de Mann, deen däitlech ënnerkillt war, aus senger mësslecher Lag ze befreien.

D‘Amerikaner kennen esou Phenomener, a bereeden sech – zumindest fir déi meescht – op esou Wanterabréch vir. Et gëtt sech an de Supermarchéë mat dem wichtegsten an noutwennegsten agedeckt, an d‘Majoritéit vun de Leit bréngt sech doheem a Sécherheet, zitt d‘Bettdecken iwwert de Kapp a waart bis am Radio oder op de Tëlee nees Entwarnung gemellt gëtt.

Wanter

Et gëtt allerdéngs een Amerikaner, deem gefält esou dat Wieder, an et ass deem och egal op een zu Schued kënnt. Esou zumindest léist sech dem Donald Trump säin Tweet interpretéieren. Mat esou meteorologesche Phenomener, ass fir den US-President schonn de Beweis erbruecht, datt et esou eppes wéi de Klimawandel net, an d‘Äerderwiermung schonn emol guer net ka ginn.

Mee och Europa kritt Besuch vum Wanter. Bei eis ass de Stuerm Gabriel dee iwwert d‘Nuecht de Schnéi och bei eis d‘Regioun bruecht huet. Et gëllt deemno op de Stroossen uecht ze dinn, a sech vläicht eppes zäiteg op de Wee ze maachen, jee nodeem wou een hi muss. Mat Temperature wéi an den USA ass, esou zumindest d‘Wiederexperten zu Lëtzebuerg, éischter net ze rechnen.

Foto: © Morecast/USA

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, Donald Trump, Klimawandel, Polar-Vortex, Wanter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel