Huet Europa dem Boergeld de Krich erkläert?
Dat ass op mannst dat, wat een op ville Plazen
Dat ass op mannst dat, wat een op ville Plazen
Nodeems den däitschen Ausseminister Heiko Maas an enger Stellungnam kloer
Säit 2001 organiséiert d’Lëtzebuerger Regierung all Joer d’Hëllefaktioun am Wanter, bei der bedierfteg Persounen an der kaler Joreszäit net nëmmen ee waarme Maufel, mee och een Daach iwwert dem Kapp ugebuede kréien. Esou sollen si bei Minustemperature virum Erfréiere geschützt ginn.
Zesumme mat Inter-Actions, dem Lëtzebuerger Roude Kräiz a Caritas huet den Integratiounsministère d’Wanterorganisatioun op d’Been gestallt. Weider Organisatiounen, déi mat bedeelegt waren an ee grousse Merci verdéngt hu sinn: Rout Kräiz-Doheem Versuergt a säi Service fir Flüchtlingen, d’Stëmm vun der Strooss, d’Vollekskichen, d’Jugend an Drogenhëllef, Femmes en Détresse, d’Doktere vun der Welt, d’Lëtzebuerger Police, OLAI, den Ausseministère, de Gesondheetsministère, den Transportministère, CFL, AVL, d’Stad Lëtzebuerg – Service Incendie et Ambulances an d’Stad Esch-Uelzecht – Foyer Abrisud. Heibäi huet, wärend de Wanterméint, de Foyer Abrisud véier Noutfallbetter zur Verfügung gestallt.
Dagesfoyer
Beim Dagesfoyer waren eng 60 Fräiwëlleger domat beoptraagt, Iessen unzebidden. Donieft ass och am sozio-pedagogesche Beräich Hëllef ugebuede ginn, wéi beispillsweis beim Opstelle vun engem CV. Nieft artisteschen Atelieren an anere lëschtegen Aktivitéiten ass och een Entspanungsatelier offréiert ginn. Dobäi hunn 227 Persoune vum Roude Kräiz senge Vestiaire profitéiert, wou bedierfteg Leit nei Kleedung kritt hunn. 34 fräiwëlleg Infirmieren an 3 Dokteren hunn hire Service gratis ugebueden. Wärend 136 Stonnen hunn 95 Persounen dovu profitéiert.
Hei e puer weider Schlësselzuelen:
Nuetsfoyer
D’Better huet hei d’Caritas um Findel ugebueden. Heibäi hu sech 74 Fräiwëlleger ëm d’Gestioun gekëmmert an 3 bis 4 Persounen hu sech ëm d’Ausdeele vu Klengegkeete fir ze iesse bekëmmert. Och hei sinn d’Zuelen zeréck gaangen:
Weider detailléiert Zuele fannt Dir HEI.