Search

You may also like

Internationale Roboter-Championnat zu Dubai mat 5 jonke Lëtzebuerger
Neiegkeeten

Internationale Roboter-Championnat zu Dubai mat 5 jonke Lëtzebuerger

Vum 24. bis de 27. Oktober huet eng Ekipp aus

dislike
Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris
Neiegkeeten

Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris

Am däischteren a stëllen Hangar vun engem klengen hollännesche Bauerenhaff:

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!
Neiegkeeten

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!

No der ministerieller Veruerdnung vum 30. Juni 2020 ass de

Virzäitegen Ufank vun der Wanteraktioun

Virzäitegen Ufank vun der Wanteraktioun

Opgrond vun der Ausgangsspär am Kampf géint de Coronavirus huet de Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun decidéiert, d’Ariichtunge vun der Wanteraktioun um Findel éischter opzemaachen.

Domat wëll de Ministere, déi obdachlos Persounen dobäi ënnerstëtzen, d’Ausgangsspär tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies anzehalen. D’Schlofsäll sinn ab dem Méinden, den 2. November op – et kann een ab 22 Auer eragoen.

Well et eng Noutmoossnam ass, kënnen d’Benotzer keng Zousazoffere wéi Moolzechten an Usproch huelen. Ee Shuttle-Service wäert den Transport vun de betraffene Persounen tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Ënnerkonft sécherstellen.

Dës aussergewéinlech Ëffnung vun de Strukture gëllt bis de Sonnden, de 15. November. D’Organisatioun an d’Begleedung vun de Benotzer gëtt vu Caritas Accueil et Solidarité geséchert. 

Wéinst der Gesondheetskris fänkt och d’Wanteraktioun méi fréi un.

Ab dem 16. November sinn all gewinnten Offere fir obdachlos Persounen (Moolzechten, medezinesch a psychosozial Betreiung, Fräizäitaktivitéiten) erëm disponibel.

Opmaacherbild: © Jose Alejandro Cuffia / Unsplash

Related topics Ausgangsspär, Caritas, Findel, Noutmoossnam, Ouni Doheem, Pandemie, Schlofsäll, Wanteraktioun
Next post Previous post