Search

You may also like

Beata Szalwinska: Eng renomméiert Pianistin begeeschtert Europa!
Neiegkeeten

Beata Szalwinska: Eng renomméiert Pianistin begeeschtert Europa!

D’Beata Szalwinska, eng renomméiert Pianistin déi zu Lëtzebuerg wunnt, huet

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net
Neiegkeeten

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net

Virun e puer Méint hu mir et opginn, déi eis

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden
Neiegkeeten

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden

Déi Gréng informéieren an engem Communiqué iwwert EU-Geneemegungsprozedure fir Pestiziden,

Wanteraktioun um Findel: Den Ierfgroussherzog zu Besuch am Nuetsfoyer

Lescht Woch huet den Ierfgroussherzog Guillaume, zesumme mam Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun den Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun um Findel besicht. Dobäi krute si net nëmmen en Abléck an de Refuge, mee konnte sech och mam Personal iwwert d’Aarbecht an de Sans-Abrien iwwert hir Erliefnisser ënnerhalen.

Am Dezember 2019 ass den neien Nuetsfoyer ageweit ginn an hëlt zënterhier an der kaler Joreszäit Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp op. Tëscht 120 bis 150 Persoune ka sou Schutz a Wiermt gebuede ginn. Hei gi si mat Moolzechte versuergt, hunn d’Méiglechkeet hir Wäsch ze maachen an un aneren Aktivitéiten deelzehuelen.

Duerch déi Pandemie-bedéngt Moossnamen – virun allem duerch d’Spärstonn – huet den Nuetsfoyer dës Saison méi fréi opgemaach.

Den Ierfgroussherzog huet sech immens houfreg iwwert dës Mënschlechkeet an Hëllefsbereetschaft gewisen. Mat engem décke Merci fir den Engagement vum Personal huet hien seng Hëllef ugebueden, wann der gebraucht gëtt.

Nieft de verschidden Erklärungen zum Refuge an den Echange mat de Mataarbechter hunn d’Gespréicher mat de Sans-Abrien, déi besonnesch dankbar iwwert d’Wanteraktioun sinn, de Prënz immens beréiert.

Billergalerie © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Related topics Corinne Cahen, Familljeministesch, Findel, Ierfgroussherzog Guillaume, Moolzecht, Nuetsfoyer, Refuge, Sans-Abri, Wanteraktioun, Wäsch
Next post Previous post