Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘KPL ass wäit méi wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun
dating tls forum Neiegkeeten

https://moien.lu/nc-state-dating/

Et war en iwwersiichtlechen Empfang fir Neijoerschdag, deen d‘KPL am

deepavali dating
mumbai female dating
dating tls forum Neiegkeeten

De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook

Facebook ass finanziell betruecht nach ëmmer a Form, mee seng

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!
dating tls forum Neiegkeeten

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!

Beim Documentaire Ascoltami-Ricordami vum Giuliano Bugani geet et ëm een

Wanterprognos 2019: Wéineg Wuesstem bei globalen Onsécherheeten

Wanterprognos 2019: Wéineg Wuesstem bei globalen Onsécherheeten

Déi europäesch Wirtschaft dierft 2019 am 7. Joer a Folleg wuessen. An alle Memberstaaten gëtt mat engem Zouwuess gerechent. Am Verglach zu den héijen Tauxen vun de leschte Joren dierft de Wuesstem awer insgesamt méi lues viru goen, an den Ausbléck ass mat groussen Onsécherheeten behaft.

Dozou de Valdis Dombrovskis, Vizepresident fir den Euro an de sozialen Dialog, souwéi Zoustännegen fir d’Finanzstabilitéit, d’Finanzdéngschtleeschtungen an d’Kapitalmaartunioun: „An allen EU-Länner dierft d’Wirtschaft 2019 weider wuessen. Dat bedeit méi Beschäftegung a Wuelstand. Trotzdeem hu mir eis Prognos weider no ënnen korrigéiert, an zwar an éischter Linn fir déi gréisst Vollekswirtschaft vum Euro-Wärungsgebitt. Dëst ass duerch extern Facteure verschold, wéi Handlungsspannungen an der méi lueser Wirtschaftstätegkeet an den opstriewende Mäert, besonnesch a China. A verschiddenen EU-Länner kommen op een neits Bedenken op hisiichtlech vun der Verflechtung tëschent Staat a Banken an der Scholdelaascht. D’Méiglechkeet vun engem ënnergeuerdente Brexit schaaft zousätzlech Onsécherheeten. Sech dësen zouhuelende Risike bewosst ze ginn ass Deel vun der Léisung. Se ganz an de Grëff ze kréien erfuerdert déi richteg Kombinatioun aus politesche Moossnamen, wéi beispillsweis Investitiounsfërderung, Intensivéierung vu Strukturreformen an eng ëmsiichteg Finanzpolitik.“

De Pierre Moscovici, EU-Kommissär fir Wirtschafts- a Finanzugeleenheeten, Steieren an Zoll erkläert:“ Nom Konjukturhéchststand am Joer 2017 dierft sech de Wuesstem an der EU am Joer 2019 weider op 1,5% ofschwächen. Dëst méi-lues-ginn gëtt opgrond vun den Onsécherheeten am Welthandel a bannewirtschaftleche Facteuren an eiser gréisster Vollekswirtschaft méi ausgepräägt sinn wéi am Hierscht erwaart ginn ass, besonnesch am Euro-Wärungsgebitt.“ Donieft sollen et awer och positiv Entwécklunge ginn, besonnesch bei de Beschäftegungen. De Wuesstem dierft an der zweeter Halschent vun dësem Joer an am kommende Joer nees steigen.

Wirtschaftswuesstem

De Wuesstem huet sech an der zweeter Halschent vum vergaangene Joer ofgeschwächt, well de Welthandel nogelooss huet, d’Zouversiicht ofgeholl huet an d’Produktioun a verschiddenen Memberstaaten duerch bannewirtschaftlech Facteuren a Matleedeschaft gezunn ginn, wéi beispillsweis bei Ausfäll am Automobillbau, sozial Spannungen an eng onsécher finanzpolitesch Lag. Doduerch ass de BIP souwuel am Euroraum, wéi och an der EU vun 2,4% (2017) op 1,9% (2018) zeréckgaangen.

Trotzdeem kann déi europäesch Wirtschaft weiderhin vun enger verbesserter Lag vum Aarbechtsmaart, gënschtege Finanzbedingungen an enger liicht expansiver Fiskalpolitik profitéieren. No der aktueller Prognos wäert de BIP am Euroraum 2019 ëm 1,3% an 2020 ëm 1,6% wuessen. Bei der EU gëtt d’BIP-Wuesstemserwaardung och erofgeschrauft, an zwar op 1,5% (2019) an 1,7% (2020).

Bei de gréisste Memberstaaten goufen d’Prognosen 2019 och fir Däitschland, Italien an Hollang erofgeschrauft. Vill Memberstaate profitéieren nach ëmmer vun enger robuster Inlandsnofro, déi ënnert anerem duerch EU-Fonds oprecht erhale gëtt.

Inflatioun

D’Verbraucherpräisinflatioun huet am Euroraum géint Enn 2018 däitlech nogelooss, wat duerch de Réckgang vum Energiepräis an der gerénger Hausse vun de Präisser bei de Liewensmëttel zouzeschreiwen ass. D’Kärinflatioun ass dat ganzt Joer iwwer gedämpft bliwwen, opwuel d’Paien an d’Luucht gaange sinn. D’Gesamtinflatioun (HVPI) louch 2018 am Duerchschnëtt bei 1,7%.

Generell gëtt dëst Joer mat enger duerchschnëttlecher Inflatioun vun 1,6% gerechent, déi 2020 op 1,8% klamme wäert.

Onsécherheeten

Den Ausbléck op d’Wirtschaft ass mat groussen Onsécherheeten verbonnen. Och wann déi handelspolitesch Spannungen, déi d’Wirtschaftsklima säit geraumer Zäit belaaschten, liicht nogelooss hunn, bleiwen trotzdeem verschidde Suergen. Déi chinesesch Konjunktur kéint drastesch un Tempo verléieren an déi global Finanzmäert, sou wéi vill opstriewent Mäert si fir schnell Verännerungen bei de Wuesstemserwaardungen ufälleg. Fir d’EU ass och de Brexit weiderhin ee grousse Facteur vun Onsécherheet.

Hannergrond

D’Prognos baséiert op enger Rei vun techneschen Hypotheesen fir Wiesselcoursen, Zënssätz a Rohstoffpräisser mam Stéchdag vum 25. Januar 2019. Bei allen anere Agaangsdaten goufen Informatiounen bis zum 31. Januar berécksiichtegt. D’EU-Kommissioun wäert am Mee 2019 hier Fréijoersprognos 2019 virleeën.

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Euro, Inflatioun, Onsécherheeten, Wanterprognos
Nächsten Artikel Virrechten Artikel