Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland trëtt der Allianz vun de Kuelenausstiigslänner bäi
International Neiegkeeten

Däitschland trëtt der Allianz vun de Kuelenausstiigslänner bäi

Esou d‘Ukënnegung vun der däitscher Ëmweltministesch Svenja Schulze e Sonndeg

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?
International Neiegkeeten

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?

Gëschter hat eis Kulturministesch Sam Tanson d’Éier de relative Gesetzesprojet

Den Emirater hir éischt Mars-Missioun
International Neiegkeeten

Den Emirater hir éischt Mars-Missioun

D‘Sond al-Amal ass mat enger Trägerrakéit vum Typ H2A vun

Wanterstuerm Dennis bedrängt Groussbritannien

Wanterstuerm Dennis bedrängt Groussbritannien

Nom Stuerm Sabine/Ciara war et dëse Weekend de Wanterstuerm „Dennis“ deen de Norde vun Europa besicht huet. Während um Kontinent méi oder wéineger just d‘Küstegebidder betraff sinn, huet Groussbritannien zolidd gelidden. De britesche Wiederdéngscht huet awer gewarnt, datt den Héichpunkt nach bevirsteet.

Den Dennis huet iwwert de Weekend fir Iwwerschwemmungen a Verkéierschaos gesuergt, an dat war, esou zumindest d‘Previsioune vum nationale Wiederdéngscht, just d‘Virspill. Esouguer dat britescht Rout Kräiz huet d‘Bevëlkerung opgeruff sech op dat schlëmmst anzestellen. An dat wou de Stuerm schonn eege Rekorder opgestallt huet: 600 Héichwaasserwarnunge bannent 24 Stonnen.

DennisNach ni goufen esouvill Warnungen an engem Landesbezierk ausgeruff. An der Provënz Wales ass d‘Situatioun an der tëscht als Liewensbedreelech bezeechent ginn. Mat Schlauchbooter a wou et méiglech ass mat Helikopter, ginn d‘Leit aus hiren iwwerschwemmten Haiser evakuéiert. An der Klengstad Pontypridd steet d‘Waasser därmoossen héich datt ee kaum nach en Auto erkenne kann.

Vill besser gesäit et zu Aberdaron (Süd-Wales) leider och net aus. Hei goufe Wandspëtzte vu bis zu 150 Km/H gemooss, an dat ass wéi d‘Previsiounen et undeiten, nëmmen ee Virgeschmaach. Dozou huet et esou massiv gereent, datt Zäitweis déi héchsten Alarmstuf huet missen ausgeruff ginn. Bei engem Staudamm ass a 24 Stonnen esouvill Reen gefall wéi soss an engem Mount net…

DennisAm Bezierk Gwent sinn aus Sécherheet direkt eng ganz Rei Dierfer evakuéiert ginn. An der Stad Ystradgynlais ass ee Mann an e Floss gestierzt an erdronk, woubäi d‘Police awer erkläert huet, datt dëst „Ongléck“ net onmëttelbar mam Stuerm muss ze dinn hunn. De Verkéier war wäitraimeg ganz zum erleeë komm. E sëlleche Stroossen an Zuchstrecke sinn zur Sécherheet zäiteg gespaart ginn.

Duerch de Stuerm sinn dann och honnerte Flich ausgefall, wat dausende Passagéier onbequem Stonne bereet huet, an och hei kann zur Stonn keng Besserung gemellt ginn. Nieft de Provënze Wales an England, war och de Süde vu Schottland betraff. Déi schottesch Autoritéiten hunn d‘Bevëlkerung un der Grenz zu England opgeruff sech elo direkt a Sécherheet ze bréngen…

mat indymedia/lon

Foto: En Androck vun deem wat d‘Autoritéite mat „Iwwerschwemmung“ mengen. © Martyn Hughes/Pompjeeën New Yorkshire

Ähnlech Sujeten Dennis, England, Groussbritannien, Iwwerschwemmungen, Meteo, Schottland, Wales, Wanterstuerm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel