Search

You may also like

money
Den (haarde) Brexit aus der Siicht vun der Handelskummer
International Neiegkeeten

Den (haarde) Brexit aus der Siicht vun der Handelskummer

A sengem Blog, ass den Direkter vun der Handelskummer, Carlo

Brexit: Bréissel a London ginn sech net eens
International Neiegkeeten

Brexit: Bréissel a London ginn sech net eens

D‘EU a Groussbritannien haten et um Méindeg zu gudder Lescht

Frankräich huet gewielt:
International Neiegkeeten

Frankräich huet gewielt:

an der zweeter Ronn: Le Pen versus Macron Fir d’Observateuren

Wanterstuerm setzt Europa ënner Drock

Wanterstuerm setzt Europa ënner Drock

D‘Wiederdéngschter bei eisen Nopere warne virun den Auswierkunge vum éischte Wanterstuerm fir 2020, deen zwar de schéinen Numm Sabine dréit, mee fir vill Kappzerbrieches suergt. Esou huet den Däitsche Wiederdéngscht (DWD) virun onnéidegen Deplacementer um Sonndeg gewarnt. Och déi Däitsch Eisebunn (DB) réit vun e Sonndeg bis en Dënschdeg vun Zuchreesen ofzegesinn…

Ab e Sonndeg, esou den Däitsche Wiederdéngscht, zitt dat atlantescht Orkandéif vum Nordosten a Richtung Westen a kann hei Wandstéiss vun iwwer 100 Kilometer an der Stonn mat sech bréngen. Am geféierlechste soll et, esou d‘Meteorologen, e Méindeg ginn. Da kommen den Orkandéif an eng Kalfront zesummen, wat eng schwiereg „Hochzäit“ ass. Hei heescht sech mat Virsiicht ze rëschten.

Direkt déi aner Säit der Musel a Rheinland-Pfalz, ginn déi éischt Ausleefer schonn um Sonndeg Virmëtteg erwaart, iert et da bis an den Owend eran ëmmer méi zouhuele soll. D‘Spëtzt vum Stuerm soll hei an der Nuecht ukommen. Bei Onwieder kéint de Stuerm nach emol eppes zouleeën, an et wäert zu zolitte Schauere kommen. Schnéi a Glatäis ginn awer weiderhin ausgeschloss.

Um Méindeg sollten sech d‘Pendler awer op eng erschwéiert Verkéierssituatioun astellen. Et léisst sech schliisslech net viraussoe wou grad e Bam wéini ëmfale wäert. Och den Zuch- a Fluchverkéier wäerte mat dësem Wanterstuerm ze kämpfen hunn. A wéi engem Ausmooss ass zwar net gewosst, mee d‘Leit sollten onbedéngt hir Dispositiounen huelen, esou den allgemenge Rot vum DWD.

Wanterstuerm

Bei eise franséischen Noperen heescht de Stuerm „Ciara“ an hei gi sech Wandspëtzte bis zu 140 Kilometer an der Stonn erwaart. Zudeem soll dëse Wanterstuerm vill Reen matbréngen, firwat de Niveau vun der Alerte op „Orange“ gesat ginn ass. D‘Biedem sinn ewell voll mat Waasser, an et gëtt mat Iwwerschwemmunge gerechent. D‘Leit sinn opgeruff sech um lafenden ze halen.

Säitens MeteoLux ass een eppes méi zouversiichtlech. Hei gouf et zur Stonn nach keng Alerte, mee et ginn och fir Lëtzebuerg Wandspëtzte mat bis zu 110 Kilometer an der Stonn gemellt. No den heftegen Iwwerschwemmungen Ufank der Woch, an ugesiichts de Warnungen, déi bei eisen direkten Noperen ausgeschwat goufen, sollt ee vläicht virsuergen an op Nummer sécher goen…

Bei de Wiederfräsche vu „Météo Boulaide“ ass ee sech sécher datt et e Sonndeg, respektiv ee Méindeg wäert stiermesch ginn. Hei gëtt allerdéngs och drop higewisen, datt et zur Stonn nach net méiglech ass mat Sécherheet ze soe wéi staark de Wand wierklech gëtt. Si gi vun engem „markante Stuerm“ aus, verwieren sech den däitsche „Panik-Schlagzeilen“ a roden zur Besonnenheet.

Foto: Pixabay

Related topics Ciara, Météo Boulaide, MeteoLux, Orkandéif, Sabine, Wanterstuerm
Next post Previous post