Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
De Reen ass déi gréisste Gefor fir eis all an dëser neier Serie
Neiegkeeten

De Reen ass déi gréisste Gefor fir eis all an dëser neier Serie

The Rain ass déi éischt dänesch Produktioun vun Netflix. An

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
Neiegkeeten

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

Tierkei huet seng S400 vu Russland geliwwert kritt
Neiegkeeten

Tierkei huet seng S400 vu Russland geliwwert kritt

Well d‘Tierkei net agesäit firwat se deiert US-Material kafe sollt,

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!

Um leschte Weekend vum Januar invitéiert natur&ëmwelt nees Vullen ze zielen. Bei der traditioneller Wantervullenzielung, déi zu Lëtzebuerg um 24., 25. a 26. Januar stattfënnt, ka jiddweree matmaachen a vläicht souguer eppes gewannen.

Et ass esou einfach: Beobacht an zielt um kommende Weekend wärend enger Stonn d’Villercher an Ärem Gaart oder um Balcon. Dobäi sollt een drun denken d’Vullenaart an déi jeeweileg Unzuel ze notéieren. Fir d’Beobachtunge matzedeele muss ee sech den Online-Formular (inklusiv Zieluweisung a Fotokatalog vun den heefegste Vullenaarten am Wanter) ënnert www.naturemwelt.lu oder och HEI eroflueden.

Wantervullenzielung

D’Haaptaamierk vun der Zielaktioun läit bei den heefegste Vullenaarte ronderëm Haus a Gaart. Duerch déi traditionell Aktioun kënnen d’Bestänn vun den heefegsten Aarten am Siidlungsraum ageschat an eventuell souguer Populatiounstrends – op eng Aart bei der Unzuel zou- oder ofgeholl huet – siichtbar gemaach ginn. Fir déi 15. Editioun vun der Wantervullenzielung kënne Schoulklasse schonn een Dag méi fréi mam Zielen ufänken.

Am vergaangene Joer war d’Märel mat 85 % am heefegsten an de Lëtzebuerger Gäert zu Besuch. Direkt dohannert positionéiert sech d’Kuelmees mat 83 %. Weider vill ugetraffen Aarte sinn den Hausspatz (73%), d’Blomees (72%), sou wéi d’Routbrëschtchen (68%). De gesellegen Hausspatz war iwwregens mat 4.432 Individuen, dovunner duerchschnëttlech iwwer 10 pro Gaart, nees den zuelräichste Visiteur.

Ma wéi wäert d’Situatioun an dësem Joer ausgesinn? Um Enn vun der Aktioun ginn 10. Gewënner ausgeloust. Meldeschluss fir d’Participatioun un der Verlousung ass um 7. Februar 2020.

Ähnlech Sujeten Beobachten, Blomees, gewannen, natur&ëmwelt, Routbrëschtchen, Vull, Wantervullenzielung, Zielen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel