Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jemen um Rand vum Ënnergang
Neiegkeeten

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen
Neiegkeeten

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private

Phantasialand Brühl: Lëtzebuerger Gäscht sinn aktuell onerwënscht
Neiegkeeten

Phantasialand Brühl: Lëtzebuerger Gäscht sinn aktuell onerwënscht

Fir d’Sécherheet vun hire Gäscht ze garantéieren, bieden d’Bedreiwer vum

Wantervullenzielung 2020: D’Gëlle Kroun fir d’Schielmees

Wantervullenzielung 2020: D’Gëlle Kroun fir d’Schielmees

Bei der jéngster Editioun vun der Wantervullenzielung 2020 hu knapp 700 Fräiwëlleger äifreg d’Vullen doheem am Gaart oder vum Balcon aus gezielt. D’Aktioun, déi all Joer vun natur&ëmwelt organiséiert gëtt, ass dës Kéier vun Niwwel, Reen a mëllen Temperature gepräägt ginn. Dësem Wieder entspriechend ass – et war ze erwaarden – d’Schielmees an 89 % vun de Fäll beobacht ginn a klëmmt sou mat ganz uewen op de Podium.

Vum 24. bis den 26. Januar 2020 waren d’Awunner vu Lëtzebuerg gebieden sech eng Stonn Zäit ze huelen an vum Gaart oder Balcon aus d’Villercher ze zielen. Insgesamt hunn déi 700 Participanten ganzer 22.585 Vullen an 637 Gäert ziele kënnen. Deemno konnte pro Zielplaz ëm 36 gefiedert Kollegen observéiert ginn.

Wantervullenzielung 2020

© Roland Felten

natur&ëmwelt stellt fest, datt d’Zielung ähnlech, vläicht souguer e bësse besser ausgefall ass, wéi am Virjoer. Generell huet den immens mëlle Wanter just wéineg Vullen aus dem Bësch a Fräiland a mënschlech Siidlungen gezunn.

D’Märel huet an dësem Joer nees der Schielmees déi éischt Plaz iwwerlooss. A knapp 89 % vun de Lëtzebuerger Gäert war si zu Besuch an ass soumat déi am heefegsten beobacht Aart. Knapp hannendrun positionéiert sech d’Kuelmees (85 %), d’Blomees (80 %), den Hausspatz (74%) an d’Routbrëschtschen (68%).

De gesellegen Hausspatz war iwwregens mat insgesamt 5.037 Individuen – knapp 11 Stéck pro Gaart – nees den zuelräichste Visiteur. D’Grafik weist, vu lénks no riets, fir déi heefegst Aarten an dësem Wanter, déi jeeweils duerchschnëttlech virhanden Unzuel un Individuen pro Gaart.

Wantervullenzielung 2020

Natierlech sinn och dës Kéier, zum Enn vun der Aktioun hin, ënnert alle Participanten 10 Gewënner ausgeloust ginn. All Gewënner gi vun natur&ëmwelt ugeschriwwen an och op www.naturemwelt.lu verëffentlecht.

Ähnlech Sujeten Blomees, Gewënner, Hausspatz, Märel, Natur, natur&ëmwelt, Schielmees, Villercher, Wantervullenzielung 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel