Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Déi éischt Mënschen um Daach vun der Welt!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/catfishing-dating-stories/

Wat eng sportlech Leeschtung! Um 29. Mee 1953 hunn den

https://moien.lu/car-hook-up-for-rv/
Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen
International Neiegkeeten

Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen

Et war e gewinnt kämpfereschen Toun, deen den ULC-President Nico

What the Fakt – déi éischt Klon-Katz gëtt gebuer
International Neiegkeeten

What the Fakt – déi éischt Klon-Katz gëtt gebuer

Dat séisst wäiss-grot Pelzknäuel mam Numm Copy Cat gesäit net

Wann Dommheet e Beruff wier, wär et US-Diplomat

Den neie Friddensplang vum US-Ambassadeur an Israel dierft zu Moskau gefeiert gi sinn

Wann Dommheet e Beruff wier, wär et US-Diplomat

D‘US-Aussepolitik huet e Niveau erreecht, do fält der näischt méi an. Esou um Beispill vum US-Ambassadeur an Israel, David Friedman – deem säi Land a grouss Deeler vun der internationaler Communautéit, iwwert d‘Annexioun vun der Krim (Ukrain) esou veriergert waren datt et zu Sanktioune komm ass – dee behaapt sech elo drop datt: „Israel huet et Recht op Annexioun!“

Et war eigentlech e banaalt Interview, dat de Reporter vun der New York Times mam David Friedman gefouert huet, bis den Ambassadeur senge Gedanke fräie Laf gelooss a gemengt huet: „Ënner gewëssen Ëmstänn huet Israel d‘Recht Deeler vum Westjordanland ze annektéieren“. Dat géif, esou den Diplomat, derzou bäidroen d‘Liewensqualitéit vun de Palestinenser ze verbesseren.

US-Diplomat

Hei stellt sech elo d‘Fro, ob den David Friedman sech mat sengem Statement schonn op de bis ewell onverëffentlechten US-Friddensplang bezitt? Gutt, et kann een et dréinen a kéiere wéi ee wëll, an am presente Fall ass „Nomen est omen“ (den Numm ass en Zeechen N.v.d.R). Et dierf een dem US-Ambassadeur och ënnerstellen, datt eng Zweestaateléisung fir Washington keng Optioun ass.

Pur Provokatioun oder just verréckt?

Vum béidem villes. Datt déi amerikanesch Aussepolitik onbestridde pro-israelesch war, ass a bleiwe wäert, doriwwer muss keen Debat gefouert ginn. Wéi den Donald Trump entscheet hat seng Ambassade vun Tel Aviv no Jerusalem ze verleeën, hätt alle politesch verantwortlechen, déi sech fir de Fridden tëscht Israel a Palestina asetzen, misse kloer sinn, domatter eleng ass et net gedoen.

An esou koum et dann och derzou, datt dat diplomatescht Trampeldéier Enn Mäerz, per Dekret d‘Golanhéichten – also besate Gebitt – dem Staat Israel zougeschriwwen huet. An schonn zu dësem Zäitpunkt hu se sech zu Moskau liicht amuséiert. Bei deene Fakten déi den Donald Trump schaaft, stellt sech d‘Fro vun enger „Réckgab“ vun der Krim, net méi. D‘Sanktioune kéint ee si loossen…

US-Diplomat

An elo wëllen d‘USA dann och nach Deeler vum Westjordanland vun Israel – ganz legal natierlech – annektéiere loossen. Si behaapten sech drop, datt et sech hei ëm eng „Moossnam“ handelt déi drop ausgeriicht ass, de Palestinenser zu méi Liewensqualitéit ze verhëllefen. Dat ass wuel gelunn, mee Washington sëtzt um längeren Hiewel an ausser den Araber an e puer Europäer stéiert et keen.

Op Hëllef vu bausse sollten si sech net verloossen

A Palestina kann een naturgeméiss net iwwert esouvill gebündelt Dommheet erfreet sinn, wat och erkläert datt et kaum nach diplomatesch Bezéiunge mat den USA gëtt. Dat war schonn emol besser, mee säit de Milliardär am Boot sëtzt, leeft dat ganzt aus dem Rudder. De palestinenseschen Ausseministère werft dann och den USA „prophylaktesch“ vir, eesäiteg pro-israelesch ze sinn.

Si wäerten alt nees gezwonge sinn den internationale Geriichtshaff zu den Haag ze beméien, wat awer nees dem US-President „hanne laanscht“ geet, well hien den Tribunal engersäits net unerkennt an anersäits hire Riichter mat Konsequenze gedreet huet sollten si et woe géint US-Zaldote wéinst Krichsverbriechen ze ermëttelen. An ugeholl, den ICC géif uerteelen, wie soll et vollstrecken?

US-Diplomat

Fir eppes méi Optimismus suergt dogéint d‘Aktioun vun der israelescher Friddensgrupp „Peace Now“. Si hunn – egal ob een et reng symbolesch betruecht – de President mat (ganz) spezifesche Besoinen opfuerdert den David Friedman ze entloossen a weise ganz dezent drop hin, datt eng Annexioun déi ganz Regioun riichtewech an d‘Katastroph féiert. Et wier d‘Enn vum Staat Israel.

mat indymedia/tlv/nyc

Illustratioun: © Americans for Peace Now

Ähnlech Sujeten Annexioun, David Friedman, Israel, Krim, US-Diplomat, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel