Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner
Fail Kultur Stories

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner

D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) felicitéiert d‘ALUPSE fir déi exemplaresch Kollaboratioun

Mir hunn eng nei Regierung, soen se…
Fail Kultur Stories

Mir hunn eng nei Regierung, soen se…

Et huet nëmmen zéng Gespréichsronne gebrauch, an scho waren sech

Amerikanesch Procureure wëllen den 3D-Ausdrock vu Waffe verhënneren
Fail Kultur Stories

Amerikanesch Procureure wëllen den 3D-Ausdrock vu Waffe verhënneren

D‘Procureure vun aacht US-Bundesstaaten an der Haaptstad Washington wëllen d‘Justiz

dislike

War Machine geet einfach net wäit genuch

En éischte gudden Effort vu Netflix

War Machine geet einfach net wäit genuch

War Machine huet eng eenzel Szen, déi am Fong de ganze Film definéiert. Dem Brad Pitt säi Personnage, de Generol Glen McMahon, deen den Afghanistan-Krich zu Enn brénge soll, steet virun engem Feld Schlafmon. Dëse gëtt ugebaut, fir Heroin ze gewannen. Déi offensichtlech Fro stellt de Generol dann och: „Can’t they grow something else?”

D’Äntwert, déi kënnt, ass stellvertriedend fir d’Absurditéit, déi de ganze Film duerchzitt. Jo, si kéinte Bamwoll ubauen. Mee den US-Kongress verbitt et, esou eppes ze ënnerstëtzen, woumat een sech domadder selwer Konkurrenz géif maachen.

Also bauen se Heroin un.

Iwwerzunn a ridicule

Dem Brad Pitt seng iwwerzunne Performance ass dobäi en zimlech zweeschneidegt Schwäert. Op der enger Säit ass engem de Personnage a senger ridiculer Aart bal sympathesch. Op der anerer Säit wierkt e wéi eng Comicfigur oder op mannst wéi en Tarantino-Personnage. Inglorious Basterds fällt engem do an. Och aner Personnagen, wéi den afghanesche President Karsai, sinn éischter Parodien. Dat ka scho mol vun den eigentlech ganz witzege Momenter oflenken.

Dat hënnert de Film net dorunner, geleeëntlech ze brilléieren. Et ass eng deels bësseg Satir op e Krich, dee kee Sënn mëscht, an trotzdeem weider gefouert gëtt. De Regisseur gëtt säi bescht, hei verschiddenst Facetten a Perspektiven op ze weisen. Zivilpopulatioun an d’Zaldoteliewe wéi och d’politesch Dimensioune vum Krich gi gewisen. Grad dowéinst packt en et, eng gräifbar Kritik un engem onsënnege Krich ze formuléieren.

Brad Pitt, Sir Ben Kingsley

Satir, Drama a politesche Kommentar

Dëst ass dann och de Grond, firwat een de Film scho bal luewe muss. Net nëmme probéiert e witzeg ze sinn, mee en huet och e kloert, opkläererescht Zill virun An. Just schued, datt en oft net wäit genuch geet an en deels laangootmeg ass. Oft huet een och d’Gefill, datt de Film net sou ganz weess, wat e wëll sinn: Eng reng Satir, déiwen Drama oder e politesche Kommentar. Et gëtt alles probéiert, ma bei där cartoonhafter Figur wier eng iwwerzunne Satir villäicht besser gewiescht.

Elo ass et eng Netflix-exklusiv Produktioun an ech géif behaapten, datt et bis elo dat bescht ass, wat de Streaming-Ries a Punkto Film bis elo geleescht huet. E kloren Opwäertstrend vis a vis vun den Adam Sandler Filmer, déi alleguerten enger filmescher Strofkollonie gläich kommen. Nee, War Machine ass ‘an der Rei’: Et ënnerhält, huet e puer exzellent Szenen an de Recht huet een an zwou Woche vergiess. Kuckbar, mee net onbedéngt kuckeswäert.

De Film ass op Netflix ze gesinn

Fotoen: Francois Duhamel/Netflix

Ähnlech Sujeten Afghanistan, Brad Pitt, Netflix, War Machine
Nächsten Artikel Virrechten Artikel