Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?
Neiegkeeten Stories

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?

All Woch duerchkämme mer d’Noriichten no interessanten a komplizéierte Wierder.

Viruerteeler – All Mënz huet zwou Säiten
Neiegkeeten Stories

Viruerteeler – All Mënz huet zwou Säiten

Duerch d’Rassismusgespréicher an de sozialen Netzwierker ass mir bewosst ginn,

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!

De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um

Der Monarchie den „Dicks gebéit“

Béise „Journalismus“ an de Waringo-Rapport: wann déi vermeintlech Ligepress guer net emol esou verlugen ass wéi dat vun esou muenchem politeschen Held wollt duergestallt ginn.

Der Monarchie den „Dicks gebéit“

Elo wou dem Jeannot Waringo seng Bericht virläit steet fest: „D‘Personalmanagement ass eng Katastroph; et gëtt keen Organigramme a wichteg ëffentlech Funktioune ginn net oder mangelhaft erfëllt“, esou déi lénk an enger éischter Reaktioun op de Waringo-Rapport. Dësen esou déi lénk, géif eng gutt Grondlag bidden, den Debat fir eng méi demokratesch Staatsform ze lancéieren.

Op een elo – wou zimlech eendeiteg erwisen ass, datt weder mir nach déi aner Beruffskollegen an der Berichterstattung gelunn hunn – d‘Monarchie sollt ofschafen? Esouwäit muss et net kommen, woubäi Sonnerberichterstatter vum Premierminister zimlech konkret op eng noutwenneg Reform vum Fonctionnement vum groussherzoglechen Haff hiweist. Virun allem wat d‘Befugnisser ugeet.

RapportHie stellt a sengem Bericht kloer, datt et net der Groussherzogin hir Missioun – déi eenzeg an eleng „representativ“ ass – wier sech en d‘Gestioun vum Personal anzemëschen. Dat awer ass genee dat wat dem Groussherzog Henri seng Fra mécht. Esou ass et d‘Maria Teresa dat entscheet, wien op wéi engem Posten agestallt gëtt, a wéini ee Salarié senger Wee ze goen huet. An dat geet esou net.

Wann sech hei näischt ännert, ass de Rôle vum Haff a Fro gestallt. Laut dem Jeannot Waringo, huet d‘Groussherzogin sech net a Personalfroen anzemëschen, besonnesch wou déi „offiziell“ Salariéeë vum Haff, aus der Staatskeess bezuelt ginn, firwat et och d‘Regierung – gemengt ass de Premier – bei all Astellung ze consultéieren ass, an hei dann och muss hir Zoustëmmung aktéieren.

Eng Organisatioun wéi „komm leck mer…“

Als weidere Sträitpunkt: den Organigramm. Offiziell jiddefalls gëtt et esou eppes net. Den Ament verhält et sech esou, datt d‘Reegel vun engem Organigramm déi 2015 opgestallt gouf, déi groussherzoglech Koppel un d‘Spëtzt vun eben dësem Organigramm setzt, während d‘Verfassung keng offiziell Funktioune fir dem Groussherzog seng Fra virgesäit, an hien eleng do ze stoen hätt.

De Jeannot Waringo verweist och op de Rôle vum Marechalat, deem all déi offiziell Funktiounen zoufalen. Hei empfeelt de Sonnerberichterstatter, nees de Poste vum „Haff-Kommissär“ ze reaktivéieren, an am Géigenzuch dozou den Poste vum „Generalmanager“ ofzeschafen, dee vum David Grieu ausgefëllt gëtt. Zu dësem huet de Jeannot Waringo Interessantes ze soe gehat.

Hei gëtt dann och op déi sëlleche Missioune vum David Grieu higewisen, déi esou zimlech all Beräich vun den Aktivitéite vum Haff ëmfaasst. Fir de Rapporteur ass et evident, datt dëse Job iwwerflësseg ass a net engem reelle Besoin entspriechen. Dat dierft der Groussherzogin awer esou guer net gefalen, well si ass jo awer grad zu Paräis op dem David Grieu seng Expertise ugewisen.

Vun deenen déi gekënnegt hunn, an deenen déi geflücht sinn…

Wat elo d‘Personal vum Haff ugeet, wou d‘Groussherzogin esou bont gedriwwen huet, datt et derzou komm ass, datt de Xavier Bettel net méi wierklech en anere Choix hat, wéi eben eng Vertrauenspersoun anzesetzen, déi emol „nokuckt“ an de Punkt mécht, esou dierften déi meeschte Journaliste festgestallt hunn, datt si mat hiren Artikele just d‘Spëtz vum Äisbierg ugekraazt haten.

Gutt, et war kengem entgaangen, datt d‘Fluktuatioun beim Personal „eppes iwwerduerchschnëttlech ausgefall“ ass, mee de Constat vum Sonnerberichterstatter geet wäit iwwert d‘Virstellungen eraus. An de leschte fënnef Joer hunn net manner wéi 51 (vun 110 Beschäftegten) et virgezunn, sech eng besser „Patronne“ ze sichen. An hei sinn déi 17 leit déi a Pensioun gaange sinn, net dran enthalen.

A sengem Rapport geet de Jeannot Waringo net op d‘Ursaachen an/oder d‘Hannergrënn vun dësen „Ofgäng“ an, bestätegt awer sech mat villen ënnerhalen ze hunn. Hien huet sech dann och missen agestoen, datt dës Entrevuen deels schockant waren. Si hätten och seng Siicht op de Konzept „mënschlech Relatiounen“, egal op berufflech oder privat, dann awer eppes op d‘Kopp gestallt.

E weidere Punkt mat deem sech de Rapporteur befaasst huet, betrëfft déi budgetär Transparenz. Déi gesamt Ausgabe vum Haff fir den Zäitraum 2015/19 kann hien nëmme schätzen. An hie kënnt dobäi op e Montant vu 14,3 Milliounen, an hie proposéiert, datt zukünfteg d‘Ausgabe vum haff an engem Punkt vum Staatsbudget mussen zesummegefouert ginn. De belsche Modell wier do passend…

Privatiséierung vum ëffentleche Secteur verpasst?

Während de normale Bierger fir fréier staatlech operéiert Servicer duerch d‘Privatiséierung bewosst hannert d‘Liicht gefouert gouf an elo kucke ka wou hie bleift, gëtt den Haff nach ëmmer ganz extra vun der POST Lëtzebuerg privilegiéiert. Dem Strummert de leschte Cent aus der Täsch ze zéien, datt fënnt de Claude Strasser mindestens esou cool, wéi dem Haff de Service ze „schenken“.

Dobäi gouf d‘Gratuitéit vun der Post-Déngschter an der Telekommunikatioun viru gutt 20 Joer ad acta geluecht, mee faktesch ni ëmgesat. Laut dem Jeannot Waringo awer, belafen sech d‘Ausgaben eleng fir d‘Telekommunikatioun op bis zu 600.000 Euro/Joer. Goss deen dem Aktionär vun der POST Lëtzebuerg, also dem Staat virenthale gëtt, firwat de Steierzueler direkt zweemol blecht.

Dem Direkter vu POST Lëtzebuerg réit de Sonnerberichterstatter, sech en Ament Zäit ze huelen a falls dat méiglech ass – schliisslech ass de Mann schwéier domadder beschäftegt d‘Büroen am Land zou ze maachen an d‘Immobilien ze verklappen – driwwer nozedenken, ob een als Betrib aus dem Privatsecteur gutt beroden ass, op esouvill Geld ze verzichten?

Eng Fro déi sech vu selwer beäntwert, well dee bëssi Verloscht, gëtt léist sech dach labber iwwert déi ominéis Schalterfraisen a soss „Niewekäschten“ vun de POST-Clienten eranhuelen. Zudeem ass d‘Staatskeess esou voll, datt den „Aktionär“ jo guer net op dat Geld ugewisen ass, an esoulaang wéi dem Direkter seng Decisiounen net kënnen a Fro gestallt ginn, wäert sech dorunner näischt änneren.

Eng ofschléissend Remark

Wann ee sech en Ament Zäit geholl huet an de Rapport studéiert, respektiv och dat „tëscht den Zeilen“ sollt gelies hunn, sollt engem ersiichtlech ginn, datt déi béis Medie sécherlech net ëmmer de richtegen Toun getraff, dofir ëmmer de Sujet entspriechend senger Qualitéit beliicht hunn. An esou sinn et erwisenermoossen net (all) d‘Medien déi d‘Monarchie ofschafe wëllen.

Um groussherzoglechen Haff muss ee sech esou lues awer sécher der Evidenz stellen, datt de feudale System ofgeschaaft ginn ass, an d‘Monarchie faktesch nach just toleréiert gëtt. Dat aus guddem Grond, ass et dach ëmmer nees eng Freed feststellen ze dierfen, datt déi representativ Aufgabe vun der groussherzoglecher Koppel an hire Kanner der Wirtschaft vum Land déngen.

D‘Gesetzer gi vum Parlament entscheet, esouguer déi „groussherzoglech Reglementer“ ginn net zu Schlassbierg ausgeschafft. Den Haff „representéiert“ Punkt, Schluss, aus… an dofir gëtt et masseg Goss, vun de Villegiature ganz ze schweigen. An dowéinst kann ee sech nëmmen dem Rapporteur uschléissen deen do fuerdert, datt een déi privat vun den ëffentlechen Ausgaben auserneenhale sollt

Illustratioun: © Joanna Kosinska / unsplash

Ähnlech Sujeten Groussherzogin Maria Teresa, Groussherzoglechen Haff, Jeannot Waringo, Personalkarussell, Waringo-Rapport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel