Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord
International Neiegkeeten

D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord

E Freideg huet d‘EU zu Bréissel mat Singapur e Fräihandelsaccord

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
International Neiegkeeten

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 2. August 2020
International Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 2. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Warndag 2020 – Mam NINA zu Berlin

Warndag 2020 – Mam NINA zu Berlin

„Wir Warnen Deutschland“ – Ënnert dësem Motto si gëschter an allen 16 Bundeslänner d’Sireenen gaangen. Mee et gouf keen Grond Panik ze maachen, well et war just eng Übung. Ab elo soll all Joer um zweeten Donneschdeg am September esou een Warndag stattfannen. Et ass eng gemeinsam Aktioun vun Bund und Länder.

Um Punkt 11 Auer sollten a ganz Däitschland zäitgläich all Warnmëttel ugoen (wéi Radio, Siren, App, Lautsprecherwohn an aner Medien). Ziler vun dësem Warndag sinn virun allem, d’Leit op d’Thema Warnung ze sensibiliséieren, se op déi méiglech Warnmëttel opmierksam ze maachen an dobäi d’Funktioun an den Oflaf vun enger Warnung besser verständlech ze maachen. Sou soll d’Wëssen iwwert Warnungen fir am Noutfall gefuerdert ginn an d’Selbstschutzfäegkeet vun den eenzelen Leit ënnerstëtzt ginn.

Berlin setzt an dréngenden Fäll virun allem op d’Warn-App NINA. Zousätzlech gëtt et awer och nach de Warnsystem KATWARN zu Berlin. An de betraffene Gebidder sollten d’Leit dann duerch Asazkräfte (z.B. d’Police) op der Plaz informéiert ginn.

Warntag

© Kelly Scholtes / moien.lu

Richteg Sireenen goufen keng zu Berlin agesat, well se duerch d’App, den Radio an Median Informatiounen op der Plaz am genausten verbreeden kennen. An den Stied wou d’Sireenen agesat goufen, huet een als éischt en eenminüttegen Warntoun héieren. Dono sollt een dann, sief et den Radio, den Fernseh oder d’sozial Medien kucken an oppassen wat do un Duerchsoe gemaach gëtt.

D’Entwarnung koum dann um 11:20, an dat nees duerch en Toun den eng Minutt ugehalen huet. No der Entwarnung konnt een dunn dovun ausgoen dat keng Gefor méi besteet.

Mee woufir gëtt een dann iwwerhaapt gewarnt? Do gëtt et nawell eng ganz Unzuel un Gefore, virun deenen gewarnt kann ginn. Informéiert gëtt een iwwert Naturkatastrophen (Héichwaasser, Äerdbiewen), Onwiederen, Krankheetserreeger (aktuell Covid-19), Schuedstoffer, Bränn, den Ausfall vun der Versuergung (Energie, Waasser, Telekommunikatioun,..) , mee awer och iwwert Waffegewalt oder Ugrëff.

Sou honnert prozenteg huet dat ganzt awer net geklappt. D’Warn-App war deelweis komplett iwwerlaascht an net all Sireenen sinn ugaangen. Mee ëmmerhin weess een dann no wéi enger Siren gekuckt muss ginn.

Opmaacherbild: © Kelly Scholtes/moien.lu

Ähnlech Sujeten Berlin, Bund und Länder, Däitschland, Demarkatiounslinn, Entwarnung, Fernseh, NINA, Noutfall, Panik, Radio, Sireenen, Warn-App, Warndag, Warnmëttel, Warnung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel