Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ouschtermarsch 2019: Wann de Message net bei de Leit ukënnt!
Neiegkeeten

Ouschtermarsch 2019: Wann de Message net bei de Leit ukënnt!

E Samschdeg huet et zu Lëtzebuerg no enger gefillten Éiwegkeet

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass
Neiegkeeten

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter
Neiegkeeten

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter

Honnerten europäesch Bierger déi a Groussbritannien liewen hunn um Mëttwoch

Neie Kollektivvertrag fir d‘Personal vun der Wäscherei „Monplaisir“

Neie Kollektivvertrag fir d‘Personal vun der Wäscherei „Monplaisir“

Den 22. Oktober haten sech d‘Gewerkschaften OGBL (Majoritär) an LCGB mat der Direktioun vun der Wäscherei „Monplaisir“ op d‘Erneierung vum Kollektivvertrag verstännegt. En dëser Entreprise schaffen den ament 44 Leit. Elo gouf dat Ganzt ënnerschriwwen

Elo muss een net laang ronderëm de Bräi schwätzen. De Wäscherei geet et finanziell net wierklech blendend. 2018 war engem Defizit ofgeschloss ginn, an dee konnt 2019 net opgeholl ginn. Ëmsou méi lueflech ass et dierfe bekannt ze ginn, datt sech Gewerkschaften an Direktioun, trotz den apparent rouden Zuelen am Bilan, gutt verstanen hunn an hei esouguer Verbesserungen hikruten.

Am neie Kollektivvertrag gëtt et: ab dem 1. Januar 2020 eng Lounerhéijung vun 0,75%. Déi gläich Erhéijung sollt et och zum 1. Januar 2021 ginn, wann et da sollt geléngen am Joer 2020 deen am Budget festgesaten Ëmsaz ze realiséieren. Sollten d‘Finanzresultater esouguer besser wéi erwaart ausfalen, sollt de Loun proportionell dozou mat ugehuewe ginn. Dat ass eng anstänneg Propose.

Festgehale goug och d‘Upassung vum zousätzleche Congésdag deen un d‘Anciennetéit gebonnen ass (27 Deeg ab 20 Joer Anciennetéit). D‘Lafzäit vum Kollektivvertrag ass op dräi Joer, also fir den Zäitraum: 1 Januar 2019 bis 31. Dezember 2021, festgeluecht ginn. Et dierf een dovunner ausgoen, datt d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB d‘Finanze vun der Wäscherei wäerten am A behalen.

Foto: Ryan McGuire / Pixabay

Ähnlech Sujeten Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, Wäscherei Monplaisir
Nächsten Artikel Virrechten Artikel