Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht
dating chase https://moien.lu/signs-your-falling-for-your-hookup/

best dating site in the uk

Op den Dag genee no engem Joer Trump-Presidentschaft, mussen d‘USA

Frankräich: Feier an enger chemescher Fabrick
dating chase https://moien.lu/signs-your-falling-for-your-hookup/

Frankräich: Feier an enger chemescher Fabrick

Et war ee „spektakuläert“ Feier, dat zu Rouen an der

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef
dating chase https://moien.lu/signs-your-falling-for-your-hookup/

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef

Nodeems de Lëtzebuerger Staat um Europäesche Geriichtshaff nees Onrecht kritt

dislike

Washington: Vollen Zougreff op d’sozial Netzwierker

Washington: Vollen Zougreff op d’sozial Netzwierker

Säit Enn Mee verlaangen d’USA vu jidderengem deen sech ee Visa fir d’Arees ufreet, Informatiounen iwwert Identitéit a d’Konten an de sozialen Netzwierker. Dat am Kontext vun enger verschäerfter Migratiounspolitik. Um Freideg huet ee Verantwortleche vum „State Department“ der AFP dat esou bestätegt.

Dës Mesure gëlle säit dem 25.Mee a betreffe ganz spezifesch déi Leit, vun deenen ee konsulareschen Agent unhëlt, datt méi Informatiounen iwwert déi betraffe Persoun néideg sinn. Hien huet awer och matgedeelt, datt wahrscheinlech nëmme 1% vun de méi wéi 13 Milliounen Demandeuren uechter d’Welt vun dëser Reegel concernéiert sinn.

Wien betraff ass muss also weider Informatiounen erausgesinn, ënnert anerem iwwert seng Konten an de sozialen Netzwierker, d’Nummere vun den ale Päss, Familljememberen, mä och een detailléierten Historique iwwert seng Reesen, Aarbecht a Kontakter. Dës nei Mesuren, iwwert déi de „State Department“ net offiziell informéiert huet, sinn d’Folleg vun engem Memorandum deen den Donald Trump de 6.Mäerz erstallt huet, betreffend d’Verschäerfung vun de Kontrolle bei der Visa-Demande.

Een Dokument vum Ministère – benannt „DS-5535 – Zousätzlech Froe fir Visa-Demande“ an einfach erofzelueden – enthält tatsächlech verschidden zousätzlech Sektiounen, dorënner de Besoin all seng Konten an de sozialen Netzwierker duerzeleeën.

Risk vun Diskriminatioun?

Am Formulaire selwer gi keng Plattforme – wéi Twitter, Instagram oder Facebook – genannt. Dat huet d’Fro opgeruff, op do net de Risk vun Diskriminatioun besteet? De Verantwortleche vum „State Department“ huet dorops bestanen ze ënnersträichen „dat am Bezuch op d’Legislatioun vun de Vereenegte Staaten vun Amerika, kee Refus kann ausgesprach ginn de sech op d’Rasse, d’Relioun, d’Ethnie, déi national Hierkonft, politesch Meenung, d’Aart oder der sexueller Orientatioun, fundéiert“.

Déi streng Mesurë beruffen sech op dee neie Kader vun der Migratiounspolitik déi dam Trump seng Administratioun wëll verschäerfen. Déi amerikanesch Legislativ huet nach en Donneschdeg de „Supeme Court“ saiséiert fir säi Migratiounsdekret ze retabléieren, dee vu senge Géigner als anti-moslemesch betruecht gëtt a vun de Justiz suspendéiert ginn ass.

Réckbléck

Knapps am Amt, hat den Donald Trump en Dekret ausgesprach, dat den syresche Refugiéen eng an der Zäit onbegrenzten, fir all Refugiée eng op 120 Deeg begrenzten, an fir Persounen aus siwe moslemesche Länner (Iran, Irak, Libyen, Somalia, Sudan, Syrien an Yemen) eng op 90 Deeg begrenzten Arees an Amerika, verbitt.

Dësen Dekret hat fir vill Opreegung am eegene Land, mee och Weltwäit gesuergt a war schnell vun villen amerikanesche Riichter opgehuewe ginn. Dem Trump seng Administratioun huet dunn am Mäerz eng „nei“ Variant vum Dekret virgeluecht. Hei war op eemol den Irak verschwonnen an de permanente Verbuet fir déi syresch Refugiéë war ganz gestrach ginn.

Mee och dësen Dekret war vun de federale Riichter am Maryland an Hawaii suspendéiert ginn, wat sech bruecht huet, datt zwee Beruffungsgeriichter saiséiert goufen, dorënner dat vu Virginia dat den 25.Mee seng Suspensioun bestätegt huet.

Dann dierf och nach erënnert ginn, datt den Trump Mëtt Abrëll en Dekret erstallt huet, deen eng Reform vun der Attributioun vun den Visaen H-1B virgesäit. Visaen déi vun den technologeschen Entreprisen am Silicon Valley begiert sinn, notamment fir Wëssenschaftler, Ingenieuren an Programméierer aus Indien kënnen anzestellen.

Zu gudder lescht haten dann nach d’Republikaner, déi am Kongress d’Majoritéit hunn, schwéier Kritike géint d’Ausnamen erhuewen, vun deene vill europäesch Länner profitéieren. Schonn ënnert dem Barack Obama waren dës Ausnamen zolidd iwwerschafft ginn.

mam Nicolas Revise

Foto: Archiv Indymedia San Francisco

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Migratioun, Sozial Medien, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel