Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mexiko: Stadpresidentin rifft den Noutstand aus
https://moien.lu/symphani-soto-dating/ Neiegkeeten

https://moien.lu/hook-up-ng-grill/

Wéinst der unhalender Gewalt déi géint d‘Frae geriicht ass, huet

https://moien.lu/boy-hook-up/
top dating websites usa
https://moien.lu/symphani-soto-dating/ Neiegkeeten

Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit

Déi korsesch Nationaliste Gilles Simeoni an Jean-Guy Talamoni hunn um

Indien setzt en Zeechen an hänkt Vergewalteger op
https://moien.lu/symphani-soto-dating/ Neiegkeeten

Indien setzt en Zeechen an hänkt Vergewalteger op

Esouvill Oppenheet säitens der indescher Prisongsadministratioun huet et seelen, firwat

Washington entzitt Palestina 200 Milliounen Entwécklungshëllef

Washington entzitt Palestina 200 Milliounen Entwécklungshëllef

Zu Washington, huet e Freideg d‘Trump-Administratioun ugekënnegt, datt d‘USA iwwer 200 Milliounen US-Dollar Entwécklungshëllef fir d‘Palestinenser am Westjordanland an zu Gaza gestrach ze hunn.

„Op Demande vum President, wäerte mir iwwer 200 Milliounen US-Dollar, déi eigentlech enger Rei Programmer am Westjordanland an zu Gaza virbehale waren, enger neier Bestëmmung zouzeféieren. Dës Fonge ginn elo aneren héich Prioritär Programmer zougewisen“, esou en héije Responsabel vum Ausseministère, dee keng Präzisiounen iwwert dës „Programmer“ ginn huet.

Eng Entscheedung déi no enger „Analys vun der amerikanescher Assistenz fir déi palestinensesch Autoritéit am Westjordanland an zu Gaza“ getraff ginn ass. Si baséiert um Argument, datt d‘Fonge musse „konform zu de nationalen amerikaneschen Interessen“ investéiert ginn.

Schold ass d‘Hamas

Den US-Ausseministère verséchert „d‘Erausfuerderunge berécksiichtegt ze hunn, deenen déi international Communautéit ausgesat ass, fir Gaza ze ënnerstëtzen, wou d‘Kontroll vun der Hamas d‘Liewe vun der Zivilbevëlkerung a Gefor bréngt, an eng desastréis humanitär a wirtschaftlech Situatioun aggravéiert“. D‘USA hate schonn am Januar hir Bäiträg fir d‘UNRWA gekierzt.

Richteg ass, datt d‘Bezéiungen tëscht den USA an der palestinensescher Autoritéit „gestéiert“ sinn. Nodeems den US-President entscheet huet Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, wëllen d‘Palestinenser net méi mat der US-Administratioun schwätzen a refuséieren d‘USA als Mediateur am Friddensprozess mat Israel unzëerkennen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Entwécklungshëllef, Gaza, Hamas, Palestina, Washington, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel