Search

You may also like

USA verhänke Sanktioune géint d‘Gesiicht vum Regime
International Neiegkeeten

USA verhänke Sanktioune géint d‘Gesiicht vum Regime

Laut dem US-Ausseminister Mike Pompeo, ass den Dschawad Sarif d‘Gesicht

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
International Neiegkeeten

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)

De gréisste Kierfescht: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an

D’Representante vun der OSZE op Besuch am Palais
International Neiegkeeten

D’Representante vun der OSZE op Besuch am Palais

Um Vergaangene Freideg huet S.A.R. de Groussherzog Henri bei enger

Washington verdeedegt d‘Demokratie

Washington verdeedegt d‘Demokratie

US-Ausseminister Mike Pompeo erkläert Sonnerstatut fir Hong Kong als net méi gerechtfäerdegt, well China sech ze vill an déi autonom Regioun amëscht. Ob d‘USA och d‘Douane-Privilegie fir d‘Metropol wäerte sträichen, wei ugedeit ginn ass? Entscheet wier dat nach net, awer méiglech…

Zu Hong Kong gëtt nees fir den Erhalt vun der Autonomie an der Demokratie demonstréiert an wéi scho virun der Coronavirus-Kris, ginn d‘Protester vu massive Police-Asätz begleet. Och de Fait, dat zu Peking beim alljäerleche Vollekskongress, en neit Sécherheetskonzept fir déi féier britesch Krounkolonie beschloss huet, deit drop hinn, datt de Sonnerstatut vun der Metropol net fale wäert.

WashingtonDat gefält Washington guer net. Hir (politesch) Ënnerstëtzung gëllt voll a ganz der demokratescher Beweegung. Woubäi den Ament ass alles wat e Grond bitt, déi chinesesch Féierung un de Pranger ze stellen, mat ganz vill Äifer a verbal oft grenzwäertegen Aussoen, gäre genotzt gëtt. Schonn am Kontext vun der Covid19-Pandemie, wëllen d‘USA d‘Chinesen als Verursaacher haftbar maachen.

An engem Bericht un de Kongress, huet den US-Ausseminister Mike Pompeo richteg festgestallt: „Kee vernënftege Mënsch kann haut, ugesiichts der Situatioun op der Plaz, nach behaapten, datt Hong Kong en héije Grad un Autonomie vu China géif bäibehalen“. De Chef-Diplomat aus der Trump-Regierung huet awer keng Recommandatiounen a sengem Bericht un de Kongress notéiert.

WashingtonGewosst ass, datt den US-President et den Ament net mat de Chinesen huet. Op ee Gespréich mam President Xi Jinping – deen hie wuel nach ëmmer als grousse Staatsmann a „Frënd“ gesäit – huet den Donald Trump awer zur Stonn einfach keng Loscht. Hien huet mam Ofbroch vun de Bezéiunge gedreet an och schonn drop higedeit, datt Hong Kong seng Handelsprivilege verléiere kéint.

Déi als Strof geduechten Douanestaxen déi Washington de Chinesen op d‘A gedréckt huet, gëllen dann och net fir Importer aus Hong Kong. Woubäi et eppes gëtt, datt Peking erhieflech méi dierft um Häerz leien, wéi de Wuerenaustausch. D‘Metropol ass d‘Finanzplaz, vum kommunistesche Regime, an huet en anere Stellewäert wéi den Echange vu Wueren an Déngschtleeschtungen.

WashingtonWann et sollt derzou kommen, datt d‘USA an hir Partner der Sonnerverwaltungsregioun géifen de Statut oferkennen, wier dat ee schwéiere Schlag fir d‘Finanzplaz. Zudeem sinn ze Washington nach ëmmer der Usiicht, datt een den Handelspartner ofverlaange kann, sech unzeschléissen, ausser natierlech et wier een net un enger wirtschaftlecher Kooperatioun interesséiert. Dat wierkt ëmmer…

Et ass dann och en däitleche Message un d‘Länner vun der europäescher Unioun, déi an de leschte Joerzéngten hir Handelsbezéiunge mat China kontinuéierlech ausgebaut hunn, wat jo och unhand der „neier Seidestrooss“ an de massiven Investissementer säitens de Chinesen an der EU ze erkennen ass. Et dierft wéineg Länner ginn un engem Sträit mat Peking an den USA Interessi hunn.

Washington

Déi Jonk Demonstranten hunn dem Mann, deen eng gehéierlech Portioun Pefferspray ofkritt hat nach op der Plaz gehollef. No méintelaange Protester sinn och si an der tëscht erfueren am Ëmgang mat de vun der Police agesate Kampfmëttel (2). © Studio Incendo / HKG

Mee natierlech ass een an Europa och „besuergt“, wat d‘Aart a Weis vum politeschen Ëmgang mat der Sonnerverwaltungsregioun betrëfft. Zu Hong Kong ass et um Mëttwoch op en Neits zu eppes gréisseren Ausenanersetzungen tëscht Demonstranten a Poliziste komm. Déi huet wéi gewinnt vill Pefferspray agesat an et sollen eng 240 Leit am Verlaf vun de Konfrontatioune festgeholl gi sinn.

Hei sollen Demonstrante Brandsätz bei sech gehat hunn. Grond fir de Protest, war eng Sëtzung vum „legislative Rot“, deen ee Gesetz sollt unhuelen, mat deem de „Mëssbrauch“ vun der chinesescher Nationalhymn soll ënner Strof gestalt ginn. Zur Stonn huet déi chinesesch Regierung sech nach net zum Bericht an de méigleche Konsequenzen dovunner geäussert. Alt nach eng „Affär à suivre…“.

mat indymedia/was/nyc

Foto: Wien den „Opfuerderunge“ vun der Police net nokënnt, kritt seng ganz perséinlech Dosis u Pefferspray direkt an d‘Gesiicht. Dobäi ass et egal, op ee wéi an dësem just ee „Passant“ ass, deen zur falscher Zäit op der falscher Plaz war (1). © Studio Incendo

Related topics China, Demokratie, Finanzplaz, Hong Kong, Protest, Sonnerverwaltungsregioun, USA
Next post Previous post