Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Méchs de d‘Grenz zou, da gëtt et näischt mat der Noperschaft (Analys)
International Neiegkeeten

Méchs de d‘Grenz zou, da gëtt et näischt mat der Noperschaft (Analys)

Datt Däitschland seng Grenzen dicht gemaach huet – also net

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell
International Neiegkeeten

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell

D‘Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, huet haut säi Bericht iwwert d‘Waffenexporter fir den

money
Handelskrich suergt beim Weltwährungsfong fir Kappzerbrieches
International Neiegkeeten

Handelskrich suergt beim Weltwährungsfong fir Kappzerbrieches

Mam Handelskrich tëscht den USA a China, hunn sech däischter

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff

D‘USA hunn sech um Méindeg an enger nach ni dogewieschter Attack géint den internationale Geriichtshaff (ICC) am Toun vergraff. Washington huet ganz däitlech d‘Riichter an d‘Procureure menacéiert, an hinne Sanktioune versprach, sollten si sech géint Amerikaner oder Israel wennen.

Wei konnt et esouwäit kommen? De John Bolton, senges Zeeche Beroder fir national Sécherheet am Wäissen Haus, bezichtegt déi international Juridiktioun, déi notamment och mat Krichsverbriechen oder Verbrieche géint d‘Mënschheet ze dinn huet – a vun där Washington kee Member ass – net Effikass ze sinn, mee onverantwortlech a carrement Geféierlech.

Virun der „Federalist Society“, eng ultrakonservativ Organisatioun mat Sëtz zu Washington, huet de John Bolton sech fierchterlech doriwwer opgereegt, datt et méiglecherweis zu enger Enquête kéint kommen, vun der amerikanesch Zaldote betraff wieren, déi am Afghanistan agesat gi sinn. Hien ass grad esou rosen iwwert eng Enquête, déi sech mat de Verbrieche vun Israel géint Palestina befaasst.

„Wann sech d‘Geriicht un eis vergräift, un Israel oder soss engem US-Alliéierten, da wäerte mir net de Mond halen“, warnt de John Bolton, deen eng ganz Rei Mesuren ukënnegt, mat deenen hien de Riichter an de Procureure vum internationale Geriichtshaff „op d‘Spréng“ hëllefe wëll.

Sanktiounen! Sanktiounen?

„Mir wäerten deene ‚Riichter a Procureuren‘ den Zoutrëtt zu de Vereenegte Staate vun Amerika verbidden, Sanktioune géint si ergräifen an hir Gidder am amerikanesche Finanzsystem afréieren. An da gi juristesch Mesuren ergraff, si wäerten sech virun der US-Justiz ze veräntwerten hunn“, dréit dem Donald Trump säin treiste Beroder. Sanktionéiere wëll hien och all Land, datt mam ICC bei dësen Enquête kooperéiert.

Den internationale Geriichtshaff mat Sëtz zu Den Haag (Holland) äntwert dem John Bolton: „Mir handele strikt am legale Kader, esou wéi en am Statut vu Roum definéiert ginn ass. Mir bleiwen eisem onofhängegen an onparteiesche Mandat verbonnen“.

Wéi kann et sinn, datt eng Institutioun, déi bis ewell ni a Fro gestallt ginn ass, op eemol vun den USA esou ënner Drock gesat gëtt? Ufank November 2017, hat d‘Procureure Fatou Bensouda, annoncéiert, dat si d‘Riichter géif ëm d‘Erlaabnes froen, eng Enquête zu de presuméierte Krichsverbriechen am Kontext vum Konflikt an Afghanistan opzemaachen. Dovunner ass och déi amerikanesch Arméi betraff, an d‘Skandaler si bekannt…

Kloertext…

„Zu all Moment kann den ICC déi offiziell Ouverture vun enger formeller Enquête géint dës amerikanesch Patrioten ukënnegen“, erkläert de John Bolton.

„Haut, een Dag virum 11. September, an dem Anniversaire vun den Attentater vun 2001, déi den Asaz an Afghanistan ausgeléist hunn fir den Taliban den Hals ëmzedréinen, wëll ech en däitleche Message vum US-President weiderleeden: D‘USA wäerten all Mëttel asetze fir hir Matbierger an déi vun eisen Alliéierten, virun enger ongerechter Verfolgung vun dësem illegitimme Geriicht ze schützen“.

„Mir wäerten net mam internationale Geriichtshaff kooperéieren, mir wäerten d‘Riichter an d‘Procureuren net ënnerstëtzen. Mir wäerten eis ni dem ICC uschléissen. Mir iwwerloossen den ICC sengem ‚schéinen“ Dout, well fir eis, ass den internationale Geriichtshaff schonn dout“.

Den ICC muss erhale bleiwen

Laut dem Liz Evenson, vun der Organisatioun „Human Rights Watch“, illustréieren dës Menacen „e flagrante Mangel u Respekt géintiwwer den Affer vu gräissleche Strofdoten. De Massaker vun Zivilisten a Syrien, am Myanmar oder soss anzwousch op der Welt, sollt dogéint verdäitlechen, datt den internationale Geriichtshaff méi wéi jee noutwenneg ass“.

Déi amerikanesch Unioun fir zivil Fräiheeten (ACLU) huet hirersäits gemengt, datt „dës Menace d‘USA nach eppes weider vu sengen nächsten Alliéierten isoléiert, an de Krichsverbriecher wéi och den autoritäre Regimmer e ‚Fräibilljee‘ ausstellt“. Domatter misst kee méi Angscht hunn sech fir seng Verbriechen zur Rechenschaft gezunn ze ginn.

Elo ass et dann awer esou, datt dës onberechtegt Attack géint den ICC streng politesch motivéiert ass, an och géint déi amerikanesch Verfassung verstéisst. Mee se passt wéi „d‘Fauscht op d‘A“ am Kontext vum „America First“ déi dem Milliardär um Häerz läit. Et ass dann och „just“ eng weider unilateralistesch Visioun vun den diplomatesche Bezéiungen, déi d‘USA zum Réckzuch aus verschiddenen internationalen Organisatiounen an Accorde beweegt hunn.

Kuerz erkläert

Den internationale Geriichtshaff (ICC) ënnerläit dem Statut vu Roum. Dësen Traité ass den 1. Juli 2002 a Kraaft getrueden an ass zanterhier vun 123 Länner ratifizéiert ginn. Säi Procureur kann eegestänneg seng Enquête bestellen, ouni dofir d‘Erlaabnes bei de Riichter mussen unzefroen. Eng Ausnam: wann e Memberland „betraff“ ass, muss et eng Erlaabnes ginn, wéi am Fall Afghanistan.

D‘USA hunn sech ëmmer geweigert bäizetrieden, an sinn esouguer e Schratt méi wäit gaangen. Si hunn duerch bilateral Accorde mat ville Länner erreecht (oder erzwongen), datt Amerikaner vun esou enger Enquête kéinte behellegt ginn.

mam Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: Nationale Sécherheetsberoder vum Wäissen Haus, an treie Matleefer vum Donald Trump: de John Bolton. Hien huet e Méindeg beim Mëttegiessen, dat vun der Federalist Society organiséiert gouf, betount datt, sollt den internationale Geriichtshaff eng Enquête géint Amerikaner oder Israel lancéieren, seng Riichter a Procureure mat Sanktioune beluecht ginn. © Win McNamee/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Internationale Geriichtshaff, John Bolton, Sćherheetsberoder, Statut vu Roum, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel