Search

You may also like

Sexuell Gesondheet: Am Interview mam CESAS
International Neiegkeeten

Sexuell Gesondheet: Am Interview mam CESAS

Um haitegen internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet hu mir

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris
International Neiegkeeten

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris

Nodeems déi europäesch Inneminister bei hirem klenge Sommet zu Helsinki

Aweiung vum Zukunftsbësch: 101 Beem vum a fir d’Liewen
International Neiegkeeten

Aweiung vum Zukunftsbësch: 101 Beem vum a fir d’Liewen

Leschte Samschdeg sollt ee freedege Moie bereet halen: Ronn 100

US-Budget: Washington kritt e Kompromëss hin

Republikaner an Demokrate sinn sech eens d‘Scholdegrenz ze erhéijen

US-Budget: Washington kritt e Kompromëss hin

Eigentlech ass de Fait, datt sech den US-President an den US-Kongress ob e Budget eenegen net wierklech eng Noriicht wäert, mee nodeems den Donald Trump scho méi oft mam Kapp duerch d‘Mauer wollt, wat zum Shutdown gefouert huet, ass dëse „Kompromëss“ ernimmenswäert.

Ernimmenswäert och besonnesch dowéinst: Zum engen huet den US-President vun engen echte Kompromëss ouni kromm Hannergedanke geschwat, an zum aneren hunn d‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi an de Fraktiounschef vun den Demokraten am Senat, Chuck Schumer den „Accord“ bestätegt. Elo muss dësen Accord nach vun de Kummeren ugeholl ginn.

KompromëssGéif de Kongress dës Woch, an de Senat déi aner Woch dësem Accord zoustëmmen, muss de Milliardär nach just säi Krop drënner setzen, an den US-Haushalt wier bis September 2021 gülteg. An domatter iwwert den Termin vun der Presidentschaftswahl am November 2020 eraus sécher.

Militär- a Sozialprogrammer kréien e Batz méi

Elo dierf een dëse Kompromëss net mëssverstoen. Keent vun de politesche Lager ass op de Géigner zougaangen. De Grond fir dëse „Versteesdemech“ ass e strikt politeschen. Am Wahlkampf fir Presidentschaft kënnen sech weder d‘Republikaner nach d‘Demokrate Gestreits ëm de Budget leeschten. An dat ass den eigentlechen an eenzege Grond, firwat et zum Kompromëss komm ass.

Aus dem virleienden Haushalt geet allerdéngs och ervir, datt et mam Goss net duer geet, firwat déi amerikanesch Scholdegrenz alt nees ugehuewe gëtt. Et ass jo och fir jiddereen eppes derbäi: den Donald Trump kritt Sue fir d‘Arméi an d‘Demokraten dierfe Sozialprogrammer finanzéieren.

KompromëssBis ob dat mam Militär kéint ee sech eens sinn, den Accord ass fir béid Säite gutt. Mee ass et och gutt fir d‘Land? Säit den Donald Trump d‘Leedung vum Land iwwerholl an net nëmmen de Ruff vun den USA „ugekraazt“, mee och de Scholdebierg ëm zwou Billiounen US-Dollar gehéicht huet, steet ee virun der Fro: „Soll d‘Verscholdung vun den USA ongebremst fortgesat ginn?“

mat indymedia/was

Related topics Chuck Schumer, Demokraten, Donald Trump, Haushalt, Kompromëss, Nancy Pelosi, Republikaner, US-Budget
Next post Previous post