Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen
International Neiegkeeten Stories

Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen

Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun ewell widderholl op eng Reguléierung a

surprise
OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“
International Neiegkeeten Stories

OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“

Lëtzebuerg ass aktuell beméit sech der europäescher Direktiv 2016/279 unzehuelen,

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten
International Neiegkeeten Stories

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten

Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister

Washington a Peking geroden unenaner (Analys)

US-President dreet de Chinese mat „Konsequenzen“ a werft hinne vir, den „Outbreak“ bewosst erbäigefouert ze hunn

Washington a Peking geroden unenaner (Analys)

Wann een dem amerikanesche Krichspresident gleewe kann, dat hätt de „Wuhan-Virus“ a China kënne gestoppt ginn, firwat d‘Welt elo misst zur Verantwortung zéien. Dat setzt allerdéngs viraus, datt een och noweise kann, dat den Ausbroch vun der Pandemie wëssentlech erbäigefouert gi wier.

Peking

A senger alldeeglecher Pressekonferenz zur Covid19-Pandemie ass den Donald Trump op en Neits zolidd an onverblimmt géint déi chinesesch Regierung virgaangen. „Et hätt kënnen a China gestoppt ginn iert et ugefaangen huet, an dat ass net erfollegt“, esou den US-President, dee sengen Aussoen zwar keng fundéiert Argumenter kann uknäppen, mee weess wat d‘Leit héiere wëllen.

Wéinst dem Versoen an/oder der Vernoléissegung vun der chinesescher Zentralregierung, misst elo déi ganz Welt ënnert de Pandemie leiden, esou de Milliardär, dee ganz kloer op der sich no Zoustëmmung ass. A wëll de Mann mam Charisma vun engem „Big Mäc“ seng Rieden net selwer schreift, dierf dem „Coauteur“ fir déi folgend Ausso, schonn eng gewësse Perfidie ënnerstallt ginn:

Peking„Sollt d‘Pandemie leedeglech d‘Suitte vun engem ongewollte Feeler gewiescht sinn, da kann een näischt drun änneren. Wann se awer wëssentlech verantwortlech sinn, jo da sollt et Konsequenze ginn“, esou de Saz deen onméiglech dem President zouzeschreiwen ass. Säi „Pefferkär“ huet hien a Form vun enger Fro drugehaangen:

„War et ee Feeler, deen ausser Kontroll geroden ass, oder ass dat alles absichtlech gemaach ginn? Do gëtt et ee groussen Ënnerscheet“

Ass dat alles eng chinesesch Verschwierung?

Laut dem US-President a sengem Team, ass zur Stonn net auszeschléissen (ze beweisen allerdéngs och net) datt de Coronavirus Covid19, quasi „zoufälleg“ vun engem Laboratoire zu Wuhan – an net wéi ëmmer behaapt gëtt op engem „Wet Market“ vun der Milliounemetropol – wou Fliedermais erfuerscht ginn, fräigesat ginn ass. Dat ass enger schwéier Uschëllegung, déi ze beleeë wier.

Elo verhält et sech leider bei der „Absicht vun de Chinesen déi ganz Welt mat engem déidleche Virus ze infizéieren“, wéi mat de Massevernichtungswaffe vum Saddam Hussein am Irak – wou et zumindest nach grouss Tafele mat Biller ginn huet – et mangelt erhieflech u Beweiser. Zudeem, dierf ee sech och d‘Fro vum „Notzen“ stellen, déi esou eng Verschwierungstheorie soll bréngen.

PekingHei muss een sech da kloer maachen, datt ee sech matten an enger Propagandaschluecht befënnt, wëll et och Peking net u Virwërf géintiwwer den USA feelt. Dee wichtegsten: d‘USA hätten de Virus zu Wuhan absichtlech ageschleeft. Och dat dierft sech wuel kaum op fundéiert Informatioune stëtzen, weist eis awer wouhinner dat féiere kann. De Sënn an Zweck awer, dee läit op der Hand.

Alles léisst sech a Fro stellen

Géif et dem Donald Trump geléngen, déi international Communautéit wéinstens vun enger Deel-Schold säitens China ze iwwerzeegen, esou wier dat net eleng een immense Virdeel am lafende Presidentschaftswahlkampf, mee hie kéint – esou wéi hie Mexiko fir d‘Grenzmauer bezuele loosse wollt – Milliarden US-Dollar u Schuedenersatz vum Xi Jinping a senger Regierung verlaangen.

PekingZudeem huet den Donald Trump och zolidd Zweiwel dorunner, datt déi vu Peking virgeluechten Zuele stëmmeg sinn. Laut dëse géif et a China (1,4 Milliarden Awunner) op 100.000 Awunner „nëmmen“ 0,33 Doudesfäll déi dem Covid19 zouzeschreiwe wieren. Zuelen déi dem US-President net gefalen: „Dës Zuel ass onméiglech“ esou de Milliardär, deen et offensichtlech besser weess…

Peking„Mir stinn net op der éischter Plaz“ betount den US-President „si leien hisichtlech den Afferzuele wäit virun ons, mir leien nach net emol no beienaner“. A wëll mir (d‘Journalisten, ausgeholl déi vun AON a Fox News) ëmmer Lige verbreeden, gouf et nach d‘Ausso: „Dir wësst dat, ech weess et an och Si (d‘Chinesen) wëssen dat. Mee dat beriichten d‘Medien net“, esou de Donald Trump.

Alles eng Fro vun der Source

Entspriechend deene bei der Pressekonferenz vum Samschdeg virgeluechten Zuelen, läit de Ratio an den USA bei 11,24 Stierffäll jee 100.000 Awunner (329 Milliounen Awunner). D‘Medie bezéien sech, wat déi global Zuele betrëfft, op d‘Analys vun der amerikanescher John Hopkins Universitéit, Deemno huet China bis elo eppes iwwer 4.300 Affer, an d‘USA iwwer 38.000 Affer ze notéieren.

Peking

Am Bundesstaat Michigan, hunn dem Trump seng Unhänger de Message „Liberate“ gehéiert an sech spontan zu enger Demo zesummegeschloss. Dat eleiten ass awer nëmmen eng vu ville sougenannte Momentopnamen an net wierklech zoufälleg gewielt. © Lysa Buonanno (via Twitter)

Mee ausser Sträit mat den Zuelen, huet de Krichspresident och en zolitten Dissens mat all deenen demokratesche Gouverneuren. Et ass entspriechend wichteg d‘Aarbecht vun der eegener Regierung esou ze presentéieren datt et passt, wat zu folgender Ausso gefouert huet:

„De Rescht vun der Welt bléckt op eis, an Si respektéiere wat mir gemaach hunn. Ech weess, datt keen aneren hätt kënne maache wat mir gemaach hunn“.

PekingSeng Regierung hätt de Bundesstaaten Beotmungsapparater a Better zur Verfügung gestallt. Et géif zudeem genuch Testkapassitéiten, déi vun de Gouverneuren net genotzt gëtt. Déi awer bekloen och weiderhin ee Mangel u flächendeckenden Tester, eng vun de Viraussetzungen zur Ëmsetzung vun de Guidelines „Opening Up America Again“. An dat kënnt vum republikanesche Gouverneur aus Florida, Ron de Santis, engem absolut treien a loyalen Unhänger vun der Trump-Ideologie.

PekingDen Donald Trump huet sech dann och der Kritik, dat hien d‘Leit géif géint d‘Gouverneure vun demokratesch regéierte Bundesstaaten „opstëppelen“. Hien ass de Meenung datt der „et puer einfach iwwerdriwwen hunn, an et nëmme verständlech ass, datt d‘Leit vum 2. Amendement vun der US-Verfassung géife gebrauch maachen. Seng Fans si wuertwiertlech aus dem Haischen…

mat indymedia/was/nyc/mia

Titelbild: © easythrees

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Fake News, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel