Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien
International Neiegkeeten

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien

Den italieneschen Ausseminister huet um Freidegowend e Projet vu Wien

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss
International Neiegkeeten

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss

Op enger ganzer Säit am Quotidien huet sech de Matbegrënner

Et ass net ëmmer esou einfach mat eiser Sprooch, mee deen heite Quiz packs de bestëmmt
International Neiegkeeten

Et ass net ëmmer esou einfach mat eiser Sprooch, mee deen heite Quiz packs de bestëmmt

Op en Neits hu mer e puer Spréchwierder eraus gesicht,

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben

En Dënschdeg hunn d‘USA den UN-Sécherheetsrot drop higewisen, datt e Resolutiounsprojet, mat deem et sollt zu engem Waffestëllstand am Jemen kommen, misst verluecht ginn. Washington wëll emol ofwaarden, wat déi schwedesch Consultatiounen zu engem méigleche Fridde bréngen.

Groussbritannien hat dësen Text déi lescht Woch virgeluecht, während déi Vereenten Natiounen hir Efforten intensivéiert hunn, fir Gespréicher op d‘Been ze stellen, mat deenen et zum Enn vum Krich komme soll, deen de Jemen säit elo véier Joer fest am Grëff huet, an op eng Hongersnout erausleeft.

Den UN-Emissär Martin Griffiths, erhofft sech, ronderëm engem deem selwechten Dësch: déi jemenitesch Regierung (ënnerstëtzt vu Saudiarabien) an d‘Houthi-Rebellen (ënnerstëtzt vun der islamescher Republik Iran) ze versammelen. Dës Friddenssondéierung soll, esou d‘Ausso vun UN-Diplomaten, den 3. Dezember a Schweden stattfannen.

Während de Verhandlungen op de Vereenten Natiounen, wou et ëm de Resolutiounsprojet gaangen ass, dee vun de Brite virgeluecht ginn ass, huet d‘US-Missioun op der UNO drop higewisen, datt „et wichteg ass, datt een d‘Resultater vun dësen imminente Gespréicher muss ofwaarden“. Deene misst Rechnung gedroe ginn, wann de politesche Prozess soll respektéiert ginn.

„Mir si presséiert Commentairen zum Fong vum Resolutiounsprojet ze maachen, wa mir bis wësse wat bei de Consultatiounen erauskomm ass“, esou den Haaptinhalt vum Message, deen d‘USA un déi aner Membere vum Conseil geriicht hunn.

De Resolutiounsprojet, deen éischten deen am UN-Sécherheetsrot säit 2015 diskutéiert gëtt, géif den Drock op d‘Krichsparteien, an besonnesch op déi vu Saudiarabien geleete Koalitioun, erhéijen. Mee och d‘Houthi-Rebelle missten da Konzessioune maachen.

Et wier eng gutt Saach, wa sech béid Lager op en Accord fir de Jemen kéinten eenegen. An dësem Konflikt, dee laut UN-Angaben iwwer 10.000 Affer gefuerdert huet, sinn d‘Fronte festgefuer. An dat schlëmmst ass hei dann och net de Krich u sech, mee déi doduerch provozéiert Hongersnout, déi jee no Informatiounsquell tëscht 12 an 18 Milliounen direkt bedreet, haaptsächlech Kanner.

Den Text vum Resolutiounsprojet, rifft zu engem onverzügleche Waffestëllstand an der Hafestad Hodeida op, a gëtt de Krichsparteien zwou Wochen, fir all d‘Hürden ze raumen, déi de Passage vun den humanitären Hëllefsgidder behënneren. D‘Verhandlungen zum Text hunn déi lescht ugefaange mee en Datum fir d‘Ofstëmmung ass nach net festgeluecht ginn.

An dësem Konflikt-Kontext, war et schonn eng Iwwerraschung, datt Washington, en Alliéierte vu Ryad, leschte Mount d‘Koalitioun opgeruff hat d‘Loftschléi anzestellen. De Sënneswandel hunn d‘USA vollzunn, nodeems de Jamal Khashoggi, am Oktober zu Istanbul vu saudeschen Agenten ëmbruecht, an héchstwahrscheinlech zerstéckelt ginn ass.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Hongersnout, Houthi, Jemen, Resolutiounsprojet, Saudiarabien, Vereenten Natiounen, Waffestëllstand, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel