Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi steet d’EU am Verglach zum Recht vun der Welt do?
International Neiegkeeten

Wéi steet d’EU am Verglach zum Recht vun der Welt do?

Mat dëser Fro setzt sech den Eurostat auserneen a vergläich

money
De wirtschaftlechen Impakt vum Covid19
International Neiegkeeten

De wirtschaftlechen Impakt vum Covid19

Nach sti mir virun der Wirtschaftskris, déi op déi sanitär

Britesche Premier wëll Neiwahlen
International Neiegkeeten

Britesche Premier wëll Neiwahlen

Et war en interessant Interview, dat de britesche Premierminister Boris

Washington schéckt weider Zaldoten an den Noen Osten

No erneiter Eskalatioun am Irak hunn d‘USA honnerten Zaldoten an de Kuwait geschéckt

Washington schéckt weider Zaldoten an den Noen Osten

No den amerikanesche Loftschléi géint Stellunge vun der Hezbollahmiliz a Syrien an am Irak, déi als Vergeltung fir den Dout vun engem amerikaneschen Zivilist duerchgefouert goufen, war den USA eng „ugemoossen“ Äntwert versprach ginn. Et koum da gëschter och zur „Attack“ op d‘US-Ambassade zu Bagdad.

En Dënschdeg haten e puer Dausend „Demonstranten“ d‘Kontrollposte vun der sougenannter „Grénger Zon“ zu Bagdad iwwerwonnen. Si hunn „Dout den USA“ gejaut, amerikanesch Fändele verbrannt an déi giel Fändele vun der Hezbollahmiliz geschwenkt. Den Ambassadeur a seng Mataarbechter hu missen a Sécherheet bruecht ginn, just ee puer Sécherheetsleit hunn d‘Stellung gehalen. Déi konnten awer net verhënneren, datt de Komplex gestiermt ginn ass.

Washington

Dat Bild dierft an d‘Anale vun der Geschicht agoen. © press TV

Déi irakesch Sécherheetskräften hu wuel „versicht“ dës Demonstranten opzehalen, mee wéi déi mat Waasserfläsche geworf hunn an d‘Iwwerwaachungskameraen zerstéiert hunn, ass sech zréckgezu ginn. An der „Grénger Zon“ vu Bagdad – eigentlech en Héich-Sécherheetsberäich – sinn déi irakesch Ministèren an d‘Ambassaden ënnerbruecht an den Zougang ass eigentlech gutt geséchert.

Den irakesche Premierminister Adel Abdel Mahdi hat d‘Demonstranten opgefuerdert sech aus dem Gebitt zréckzezéien an drop higewisen, datt all Aggressioun géint auslännesch Vertriedungen haart bestrooft géifen. Schonn an der Nuecht vum Sonndeg hat et zu Basra an Nadjaf Protester géint d‘USA ginn. Esouguer zu Kirkuk waren amerikanesch Fändele verbrannt an amerikafeindlech Parolle skandéiert ginn. Déi vun de westlecher Muechten agesate Regierung ka wéineg maachen.

Un allem sinn d‘Ajatollahe vun Teheran schold

Fir den US-President stinn hannert dësen Ausschreidungen d‘Iraner. Teheran wier verantwortlech fir den Dout vun engem US-Zivilist, dee fir d‘US-Arméi geschafft huet. Bei dësem Ugrëff wieren och Mënsche blesséiert ginn, firwat et zur Vergeltung komm ass. Via Twitter huet den Donald Trump sech drop behaapt, datt den Iran elo en Ugrëff op d‘US-Ambassade am Irak orchestréiert hätt. Elo géif Teheran voll a ganz zur Verantwortung gezunn. Wéi hie sech dat virstellt ass net gewosst.

Washington

Vum Iran ginn all dës Uschëllegungen zréckgewisen. Et hätt een näischt mat dësen Onrouen ze dinn an de Spriecher vum iraneschen Ausseministère, Abbas Mussawi, stellt fest: „D‘USA sollte mat dëse politesche Feelkalkulatiounen an irrationale Reaktioune virsiichteg sinn. Amplaz aner Länner d‘Schold ze ginn, sollt Washington seng destruktiv Politik am Irak iwwerdenken“. Zudeem sollten d‘USA endlech akzeptéieren, datt si vun den Iraker als Besatzungsmuecht ugesi ginn.

Washington

Zu honnerte waren d‘Demonstranten an déi gréng Zon agedrongen an déi irakesch Sécherheetsleit hu sech séier zréckgezunn. © EFE

Beim Stuerm op d‘US-Ambassade waren eng Rei „Wuechtposten“ a Brand gestach ginn, an déi irakesch Sécherheetsleit waren esouwuel iwwerfuerdert wéi onmotivéiert. D‘Erkenntnis dovunner huet d‘US-Arméi gezwonge Kampfhelikopter (AH64 Apache) anzesetzen. „Mir hunn ugemooss Schutzmoossnamen ergraff fir d‘Sécherheet vun den amerikanesche Bierger z‘assuréieren“, heescht et am Tweet vum Spriecher vun der US-geleeter Militärkoalitioun am Irak.

Washington

Éischt Moossnam: Truppe schécken, d‘Ambassade besser schützen

Déi amerikanesch Ambassade am Irak, ass déi gréisst vun den USA (42 Hektar) an hir Prioritéit ass et de politeschen Afloss vun Teheran ze behënneren. An den US-President huet dann och an engem Tweet „déi Milliounen Iraker“ déi net vun Teheran wëllen dominéiert a kontrolléiert ginn, opgeruff sech entspriechend anzesetzen. Dat ass allerdéngs komplizéiert: déi schiitesch Communautéit gëtt vum Iran ënnerstëtzt, während déi sunnitesch Communautéit vu Saudiarabien gestäipt gëtt.

Washington

A well vun der „Regierung“ zu Bagdad wéineg ze erwaarden ass, hunn d‘USA elo emol 750 Mann an de Kuwait verluecht. Laut dem US-Verdeedegungsminister Mark Esper, sti weider Truppe bereet an hie betount: „D‘USA wäerten hir Bierger an Interessen iwwerall op der Welt schützen“. Honnert „Marines“ sinn dann och zum Schutz vun der Ambassade op Bagdad transferéiert ginn. Zäitgläich huet de Mark Esper déi irakesch Regierung opgefuerdert sech hirer Verantwortung bewosst ze ginn.

Washington

Washington

Washington

Den US-President sengersäits huet dem Iran mat neie Vergeltungsschléi gedreet an Teheran versprach, datt all Schied an Affer den Iran eng „Deier“ géife ginn.

Washington

Washington

mat indymedia/tlv/nyc

Foto: Déi irakesch Sécherheetskräfte solle „versicht“ hunn d‘Demonstranten opzehalen. © press TV

Ähnlech Sujeten Bagdad, Hezbollah, Irak, Iran, OIR, Schiitten, Sunitten, Syrien, Terrormiliz, US-Ambassade
Nächsten Artikel Virrechten Artikel