Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkei: Nom Geriichtsuerteel verdeedegt de Patron vu Cumhuriyet d’Pressefräiheet
International Neiegkeeten

sugar mummy hookup agency in singapore

Grad emol fräie Fouss gesat, no 500 Deeg an Haft,

https://moien.lu/trimble-dating-site/
International Neiegkeeten

Joan As Police Woman – Dëse Mëttwoch an der Kulturfabrik!

D’Singer/Songwriterin Joan As Police Woman (aka Joan Waaser) aus den

money
De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn
International Neiegkeeten

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus

E Méindeg huet sech den Donald Trump, mir näischt, dir näischt, op eng Ausenanersetzung mëttels Tweets, Revelatiounen an Interviewe mat enger ex-Beroderin vum Wäissen Haus, agelooss. Den „Zentrum vun der Muecht“ geréit an de Rhythmus vun der Tëleerealitéitswelt, wou sech kenne geléiert hunn.

D‘Geschicht huet vill Kapitel, an et ass keen Zoufall, datt et tëscht dem Auteur an dem President, een Dag virun der Erscheinung, zum Mediespektakel kënnt. D‘Omarosa Manigault Newman (44) huet zanter e puer Deeg, stéckelchersweis „Revelatiounen“ gestreet, déi dem Buch „Unhinged“ e Boost ginn, nach iert et an de Librairien ausgeluecht ass.

„Rassistesch, intolerant, misogyne, un enger Psychose leidend an net amstand dat héchste Mandat auszefëllen: d‘ex-Beroderin vum US-President, léisst näischt aus… Dobäi war et de Milliardär aus der Tëleerealitéitsshow „The Apprentice“ (de Léierbouf), deen d‘Omarosa Manigault Newman „berühmt“ gemaach hat“. Béid Kontrahente kennen sech also besser an eppes méi laang.

E klengen Eclat um Méindeg: eng Audio-Opnam, déi vum Sender NBC iwwerdroe ginn ass. Hei seet den Trump, näischt vun der Kënnegung vu sengem Schützling gewosst ze hunn, déi säi Kabinett-Chef John Kelly am Dezember 2017, ausgeschwat hat. „Keen huet mir eppes gesot“, seet den Trump an dëser Opnam zur Beroderin. „Ech fannen de Gedanken datt‘s de gees guer net gutt“.

D‘Omarosa Manigault Newman, war d‘Cheffin vum Büro fir „Public Relations“, eng vun den am beschte bezuelte Beroderinnen an eng vun de seelenen Afroamerikanerinnen am Wäissen Haus, bis zu hirem Ofschid am Januar. E Sonndeg huet si hiren Entretien mam Generol John Kelly, dat si bei der Aussprooch opgeholl hat, ëffentlech gemaach. An „eigentlech“ ass esou eppes verbueden…

Eng diplomatesch Verdeedegungsstrategie

Méi brauch et dann och net fir, dem Donald Trump säin diplomatescht Geschéck erauszefuerderen. Deen huet nom Handy gegraff a getwittert: „Dat duerchgeknallten Omarosa, dat dräi mol aus „The Apprentice“ geflunn ass, ass elo fir d‘lescht virun d‘Dier gesat ginn. Et huet et ni zu eppes bruecht, an et wäert et och ni zu eppes bréngen. Et hat no engem Job gebiedelt, d‘Tréinen an den Aen, an ech hu Jo gesot. D‘Leit am Wäissen Haus hunn et gehaasst. Et war bësseg, mee net ganz gescheit“.

„Béisaarteg mat de Leit, huet et stänneg d‘Reunioune verpasst an schlecht geschafft. Wéi de Generol Kelly zu eis gestouss ass, huet dee mir erzielt, datt et ‚Null‘ ass an nëmme Problemer mécht. Ech hunn him gesot, hie soll versichen d‘Saachen an d‘Rei ze bréngen, wann et méiglech wier, well hat huet net nëmmen ‚Guddes‘ iwwert mech erzielt – bis et geflunn ass“, seet den Trump.

Säit der Verëffentlechung vun den éischte peinlechen Extraiten aus sengem Buch e Freideg, besteet d‘Strategie vum Wäissen Haus doranner, d‘Omarosa Manigault Newman schlecht ze rieden. Esou géif déi ex-Employée léie fir Geld aus falschen Aussoen ze maachen. D‘Medie gi vum Wäissen Haus beschëllegt, enger „Personalitéit“ eng Stëmm ze ginn, déi se virdrun ni fir Seriö geholl hunn.

TëleerealitéitEn Argument, datt den US-President e Méindeg opgegraff huet: „Och wann ech weess, datt et net ganz ‚Presidente-like‘ ass, mech mat esou enger Crapule wéi d‘Omarosa ausenaner ze setzen, an ech et virzéie géif et net ze maachen, et ass eng Form vu moderner Kommunikatioun an ech weess, datt déi ‚Fake-News-Media‘ elo wäerten Iwwerstonne maachen, fir déi duerchgeknallten Omarosa esou wäit ewéi méiglech ze legitiméieren. Sorry!“.

Den Donald Trump weist niewebäi nach drop hin, dat déi ex-Beroderin duerch e Vertrag, an deem et eng Vertraulechkeetsklausel gëtt, gebonnen ass. Dat bestreit d‘Omarosa Manigault Newman.

Nach vill Trëmp an der Hand

D‘Omarosa Manigault Newman huet dann och nach op MNSBC affirméiert, datt et nach weider Opnamen aus dem Wäissen Haus gëtt, déi et kéint verëffentlechen, sollt den Donald Trump op de Gedanke kommen, him „geféierlech“ ze ginn, esou wéi et dat vun him erwaart. D‘ex-Beroderin huet dann nach ënnerstrach, dat de President selwer, Opname vu senge „Feinden“ archivéiert huet.

Et ass dann och „amusant“ wéi d‘Omarosa Manigault Newman sengem fréiere Mentor gläicht. E Constat deen unhand der lancéierter Mediecampagne, gutt illustréiert gëtt. „Et ass wahrscheinlech déi ‚trumpeschst‘ Personalitéit am Ëmfeld vum President“, erzielt e fréiere Verantwortlechen dem Site Axios. Hat kennt sech mat de Medien aus, et versteet mat senger physescher Presenz ëmzegoe wei den Trump… Ech mengen dat ass de Grond, firwat hien esou gerëselt ass“.

An d‘Omarosa Manigault Newman hat e Méindeg och de Plateau vu MNSBC besat gehalen, nodeems seng lescht Opnam verëffentlecht gi war. Dat huet him d‘Geleeënheet ginn, op dem Donald Trump seng Tweets ze reagéieren: „Ech fannen et traureg, datt mat allem wat am Land passéiert, hien d‘Zäit fënnt mech a meng Intelligenz ze beleidegen“.

Um Méindegowend huet den Donald Trump op weider Beschëllegungen aus dem Buch reagéiert. An dësem ginn dräi „Quellen“ genannt, déi affirméieren, datt den US-President dat Wuert „Nigger“ e puer mol benotzt huet, wat och duerch Opnamen ze beweise wier. Dëst Wuert, wann et vun enger „wäisser Persoun“ genotzt gëtt, wier besonnesch rassistesch.

„Ech hunn dat Wuert net a mengem Vocabulaire, an hat et och ni. Et huet alles erfonnt“, twittert de Locataire aus dem Wäissen Haus, a füügt bäi, datt de Grënner a Produzent vun der Emissioun, Mark Burnett, hie perséinlech ugeruff hätt, fir him ze bestätegen, datt et keen Enregistrement vun „The Apprentice“ gëtt, wou esou e Wuert gefall wier. Dat Wäisst Haus hat schonn dementéiert…

mam Elodie Cuzin/AFP

Foto: (Archiv) D‘Omarosa Manigault Newman war am Dezember 2017 aus dem Wäissen Haus geflunn. Den Donald Trump hat d‘Fra, déi un der Tëleerealitéitsshow „The Apprentice“ deel geholl hat a vum US-President sengerzäit soll ënnerstëtzt gi sinn, selwer an d‘Wäisst Haus geholl. Elo gesäit alles no engem zolitte Rousekrich aus. © Drew Angerer/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Omarosa Manigault Newman, Tëleerealitéit, Unhinged, Wäisst Haus, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel