Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa ass e Gedicht!
weight loss surgery dating matchmakers dating site

satu mare dating

Eng entflaamt a mat Witz gewierzte „Poetry-Performance“ fir Europa presentéieren

https://moien.lu/things-to-say-to-a-girl-your-dating/
weight loss surgery dating matchmakers dating site

Wéi gutt kenns du Dikrech?

Dikrech ass eng vun de Pärele vum Lëtzebuerger Land. Net

What the Fact – Verëffentlechung vum J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ haut virun 81 Joer
weight loss surgery dating matchmakers dating site

What the Fact – Verëffentlechung vum J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ haut virun 81 Joer

Kaum ze gleewen, mee dem John Ronald Reuel Tolkien säi

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden

US-Ausseminister Mike Pompeo wëll en Ofschluechte verhënneren

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden

E Freideg hat den US-Ausseminister Mike Pompeo de syresche Kurde versprach, datt d‘USA si och weiderhi beschütze wäerten. D‘Ausso hat beim NATO-Partner ierger ervirgeruff, an den tierkeschen Ausseministère huet kloer gemaach, datt d‘Kurdemiliz YPG Terroriste sinn, an déi bekämpft ginn.

D‘Tierkei war vun Ufank un géint eng Zesummenaarbecht tëscht YPG an US-Arméi. Am Dezember hat den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan an bevirstoend Offensiv ugekënnegt. Déi gouf, nodeems den Donald Trump den Ofzuch vun den US-Zaldote bekannt ginn hat, op e spéideren, net weider definéierten Datum verluecht.

Fir de Mike Pompeo eng delikat diplomatesch Situatioun. Hie weess datt et Beräicher gëtt, wou de NATO-Partner d‘Interesse vun den USA ënnerstëtzen, an anerer, wou ee berechtegt Suergen hätt. Dat bezitt sech ënnert anerem och op déi US-Bierger, déi nach an der Tierkei „festgehale“ ginn.

Dës Woch gëtt dann och eng ustrengend fir den US-Ausseminister. De Mike Pompeo wëll vum 8. bis de 15 Januar aacht Länner am noen Oste besichen (Jordanien, Egypten, Bahrain, déi vereenegt Emirater, Katar, Saudiarabien, Oman a Kuwait). Sënn an Zweck vun dëser Auslandsrees: De Partner ze erkenne ginn, datt d‘USA den noen Osten net fale loossen.

De strategesche Partner net am Reen stoe loossen

Elo verlaangt Washington vun der Tierkei Garantie fir déi a Syrien kämpfend Kurden. E Spriecher vum nationale Sécherheetsrot (NSC) huet Medieberichter bestätegt, laut deenen de John Bolton, Sécherheetsberoder vum US-President, dat nach virum senger Entrevue mam israelesche Premier, Benjamin „Bibi“ Netanyahu zu Jerusalem bekannt ginn huet.

Et gëtt och Grënn besuergt ze sinn, wat mat der Kurdemiliz YPG geschitt, wann d‘USA hir Truppen ofzéien. „Mir sinn net der Usiicht, datt d‘Tierkei Militäroperatiounen ënnerhuele soll, déi net mat eis ofgeschwat sinn, an deene mir net zougestëmmt hunn“, esou de John Bolton.

De Sécherheetsberoder huet ënnerstrach, datt den Donald Trump vum Recep Tayyip Erdogan en entspriechend Bekenntnis verlaangt. „Et gëtt Ziler déi mir erreeche wëllen, déi den Ofzuch aus Syrien beaflossen“, esou den John Bolton. Hien huet och nach emol däitlech gemaach, datt iert et zum Ofzuch kënnt, och de Rescht vum IS muss geschloe sinn.

Esou „Konditiounen“ sinn net am Sënn vun Ankara. Der Tierkei ass et immens wichteg, de kurdeschen Afloss un hirer Südgrenz ze verhënneren, an dréit mat enger Offensiv. An der tëscht, huet d‘Kurdemiliz YPG d‘Stad Manbij un déi syresch Arméi ofgetrueden.

Den US-Sécherheetsberoder John Bolton gëtt haut an der Tierkei erwaart, wou hie sech mam tierkesche Verdeedegungsminister, Hulusi Akar, an dem tierkesche Geheimdéngschtchef, Hakan Fidan zu Gespréicher treffe soll. Deen hat sech nach via Twitter un déi syresch Regierung gewannt, an dës gewarnt, d‘Gespréicher iwwert den Truppenofzuch net ze mëssbrauchen.

Hannert dem Regimm vum Baschar al-Assad, stinn d‘Russen an den Iran. Zu Washington gëtt sech Suerge gemaach, datt Damaskus den Ofzuch kéint als Aluedung gesinn, op en neits chemesch Waffen anzesetzen. De John Bolton huet ze verstoe ginn, datt et dorops eng Äntwert géif ginn.

mat Indymedia

Foto: Kämpfer vun der Kurdemiliz YPG (Archiv) © YPG Press Office

Ähnlech Sujeten John Bolton, Kurdemiliz YPG, Kurden, Syrien, Triekeri, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel