Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Buchvirstellung “Kreuz und mehr” vum Jean Back
International Neiegkeeten

Buchvirstellung “Kreuz und mehr” vum Jean Back

Beim Jean Back sengem néie Wiek „Kreuz un d’ mehr

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt
International Neiegkeeten

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt

Am Joer 2000 hat ech 16 Joer an d’Liewen war

Wéinst enger Rei „Problemer“ ass de Service Vel’oH bis op Weideres gratis
International Neiegkeeten

Wéinst enger Rei „Problemer“ ass de Service Vel’oH bis op Weideres gratis

Et ass eigentlech e geniale Service, deen d‘Stad Lëtzebuerg mam

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen

En Donneschdeg huet d‘Trump-Regierung ugekënnegt, alle Migranten déi net legal an d‘USA agereest sinn, ze verbidden eng Demande fir Asyl anzereechen. Et ass dat déi bis ewell lescht Entscheedung vum Milliardär, deen d‘Immigratioun zur Chefsaach gemaach huet.

Konkret bedeit dës Decisioun, datt déi Migranten, déi net iwwert en offizielle Grenziwwergang an d‘USA agereest sinn, och keng Demande fir Asyl maache kënnen. „Eisen Asyl-System gëtt erdréckt vun enger vill ze grousser Unzuel un Demanden déi net justifiéiert sinn. Dat ass eng Belaaschtung, déi et eis erschwéiert deene séier Asyl zouzegestoen, déi deen tatsächlech verdéngt hunn“, esou de Ministère fir national Sécherheet (Homeland Security– DHS).

Dës Dispositioun, déi vum Ministère verëffentlecht gouf, misst séier vum US-President Donald Trump ënnerschriwwe ginn. Eng Moossnam, déi an de Kontext vun enger gréissere Karawann vu Migranten aus Südamerika, déi duerch Mexiko a Richtung USA ënnerwee sinn, muss gesat ginn. Dës Dispositioun soll zudeem dem iwwerlaaschte System – aktuell stinn eng 700.000 Fäll en Attente bei de Geriichter – hëllefen déi al Dossieren opzeschaffen.

De „Refus“ standardiséieren

Während de leschte fënnef Joer, huet d‘Zuel vun de Persounen déi eng Demande fir Asyl agereecht hunn, ëm 2.000% zougeholl. Dat behaapt zumindest Homeland Security, an den do zoustännege Service betount nach dat manner wéi 10% vun dësen Demande schlussendlech ugeholl ginn. Am Communiqué heescht et: „Konform zu eise Gesetzer iwwert d‘Immigratioun, huet de President all Autoritéit fir d‘Entrée an d‘USA ze suspendéieren oder ze beschränken“.

De Milliardär wëll gebrauch vun der selwechter „Muecht“ ze maachen, déi hie schonn am Januar 2017 benotzt hat, fir e Immigratiounsdekret virzeleeën, deen et de Mënschen aus verschiddene Länner verbueden huet, e Fouss op amerikanesche Buedem ze setzen. An senger leschter Versioun déi vum ieweschte Geriichtshaff validéiert ginn ass (26. Juni), sinn esou d‘Grenzen zou fir Leit aus: Jemen, Syrien, Libyen, Iran, Somalia, Nordkorea an, a verschiddene Fäll, och Venezuela.

Vill Aarbecht fir d‘Justiz

Wéi beim Immigratiounsdekret, dierft et och wéinst der Entscheedung vum Donneschdeg, zu gréissere juristeschen Ausenanersetzunge kommen. Déi mächteg Organisatioun fir d‘Verdeedegung vun de biergerleche Fräiheeten (ACLU), huet direkt op d‘Annonce vun der Regierung reagéiert. „Dat amerikanescht Recht erlaabt (…) jidderengem eng Demande fir Asyl ze maachen, op en oder net iwwert en offizielle Grenziwwergang agereest ass“, esou den Omar Jadwat, vun der ACLU.

De Grupp „New York Immigration Coalition“ huet eng ähnlech Meenung an esou ugekënnegt, datt si mat alle Mëttel géint dës „nei Reegel“ wäerte virgoen. Et wier net hinzehuelen, datt d‘Regierung sech senger Verantwortung, géintiwwer Migranten déi viru Gefor a Gewalt flüchten, ze entzéien.

Bei enger Deklaratioun zur Immigratioun, huet de Milliardär déi lescht Woch bestätegt, datt seng Regierung drop an dru wier, e Plang fäerdegzestellen, deen dem Abus vum Asylrecht en Enn wäert bereeden. „Ënnert dësem Plang, erhalen déi illegal Auslänner kee ‚laisser passer‘ méi, andeems si ouni Justifikatioun eng Demande fir Asyl areechen. Déi Migranten déi Asyl erhale wëllen, hunn sech legal op engem offizielle Grenziwwergang ze presentéieren“.

D‘Arméi asetze fir d‘Grenz ze schützen

Den Donald Trump hat de Sujet „Migratioun“ och zum stännegen Thema bei der Campagne zu de Midterm Elections gemaach. Hei huet de Locataire aus dem Wäissen Haus tatsächlech senge „Fans“ wäissgemaach, Amerika misst sech enger Invasioun erwieren, an déi Leit aus Südamerika wieren all kriminell a geféierlech. A senge Rieden, wéi an de Messagen op Twitter, huet den Donald Trump, keng ausgelooss, fir déi dausende Migranten ze denigréieren.

E Mëttwoch waren eppes iwwer 5.500 vun de Migranten an der Haaptstad Mexiko ukomm. Si ginn sech entschloss weider a Richtung USA ze lafen, obwuel et verschiddentlech Offere vun hire Regierunge ginn huet, vun deenen der esouguer, all deenen déi „zréckginn“ eng Aarbechtsplaz versprach hunn. Verspriechen deenen déi Leit, déi viru Gewalt a Misär flüchten, net méi gleewen.

Dofir huet den US-President senge Bierger annoncéiert, datt hie bereet ass bis zu 15.000 Zaldoten un déi mexikanesch Grenz ze verleeën, fir d‘Invasioun aus Süd- an Zentralamerika ze verhënneren. Laut den offiziellen Zuelen, iwwertrieden all Joer méi wéi 400.000 Mënschen illegal d‘Grenz vu Mexiko a Richtung USA. Deem wëll d‘Trump-Administratioun elo e Reedel virschiben.

mam Sebastian Smith an dem Lucie Aubourg/AFP

Foto: (Archivbild) D‘Sekretärin vum Homeland Security Department, Kirstjen M. Nielsen, ëmäermelt d‘US-Grenzpolizistin Gloria Chavez, bei der Betruechtung vum Donald Trump sengem Dekret. Dee war de 26.Oktober zu Calexico (Kalifornien) zu Éiere vun der Fäerdegstellung vum éischte „Mauersecteur“ un der mexikanescher Grenz opgehaange ginn. © Mark Ralston/AFP

Ähnlech Sujeten Asyl, Donald Trump, Homeland Security, Immigratioun, Migratioun, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel