Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wat ass da Péngschtméindeg?
preise dating portale Neiegkeeten

https://moien.lu/r2d-matchmaking/

Och haut ass nees Feierdag, fir genau ze si Péngschtméindeg,

free spiritual dating site australia
preise dating portale Neiegkeeten

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse

Fir d’Visiteure war den European Hillrace 2019 nees een rasant

ECOlogique – Präisiwwerreechung vum Gewënnspill
preise dating portale Neiegkeeten

ECOlogique – Präisiwwerreechung vum Gewënnspill

Leschte Mëttwoch kruten déi glécklech Gewënner vum Concours „ECOlogique“ ee

Washington veruerteelt EU-Hëllefsplang fir den Iran

Washington veruerteelt EU-Hëllefsplang fir den Iran

Op e neits mëschen sech d‘USA an d‘EU-Diplomatie an. En europäeschen Hëllefsplang fir den Iran – ouni dëse mat Washington ofgeschwat ze hunn – wier de „falsche Message“ an géif de Regimm vun Teheran doranner ënnerstëtzen „seng Bevëlkerung ze vernoléissegen“, heescht et säitens der Trump-Administratioun.

Um Donneschdeg waren eng ganz Rei Moossnamen en Faveur vum Iran ugekënnegt ginn. Néideg Moossnamen, déi der islamescher Republik Iran sollen hëllefen nohalteg déi wirtschaftlech a sozial Entwécklung virunzeféieren. Méi brauch et dann och net, fir déi aner Säit vum Atlantik schlecht Stëmmung ze verbreeden. D‘USA sinn den Alliéierte vu Saudiarabien, dem Äerzfeind vum Iran.

De „speziellen amerikanesche Representant fir den Iran“ Brian Hook, léisst via Communiqué de Verantwortlechen zu Bréissel matdeelen, datt „dëse Plang de falsche Message zur falscher Zäit“ ass. „Dës extern Hëllef vum europäesche Steierzueler dréit derzou bäi, d‘Kapassitéit vun engem Regime ze stäerken, deen d‘Besoine vu senger Bevëlkerung vernoléissegt“, esou den Hook.

Zesummenaarbecht gefuerdert

An de Brian Hook argumentéiert d‘Positioun vu Washington: „Dat iranescht Vollek ass groussem wirtschaftlechem Drock ausgesat, déi der Korruptioun am Land geschëlt sinn. Och déi schlecht Gestioun, d‘Investissementer an den Terrorismus an an d‘Konflikter am Ausland, géifen den Iraner grousse Schued zoufügen“.

Hien ass dann och der Usiicht, datt „D‘USA an d‘EU mussen zesummeschaffe fir nohalteg Léisungen ze fannen, déi wierklech dem iranesche Vollek hëllefen, an de Menace vum Regime géintiwwer der regionaler a globaler Stabilitéit en Enn ze bereeden“. Woubäi een zu Washington beméit ass d‘Welt gleewen ze loossen, datt een net d‘Absicht hätt de Regimm stierzen ze wëllen.

Ëm wei vill Geld geet et eigentlech?

Während Washington Saudiarabien mat Waffeliwwerungen am Wäert vu Milliarden US-Dollar ënnerstëtzt, an esou aktiv an de Jemen-Konflikt agebonnen ass, huet d‘EU-Kommissioun dësen Donneschdeg annoncéiert: „eng éischt Serie un Projeten, fir e Montant vun 18 Milliounen Euro, wouvunner 8 Milliounen an de Privatsecteur fléisse sollen“ ugeholl ze hunn.

„Dës Projete sinn déi éischt vun engem Ensembel u Mesuren, déi insgesamt 50 Milliounen Euro bedroen, an dem Iran hëllefe sollen sech de wirtschaftlechen a sozialen Erausfuerderungen ze stellen“, erkläert Bréissel an engem Communiqué. Erënnere mir also an dësem Kontext dorunner, datt Washington sech „eesäiteg“ aus dem iraneschen Atomofkommes zréckgezunn huet.

All déi aner Signataire vun dësem Accord si gewëllt den Accord bäizebehalen. Fir seng „Partner ze iwwerzeegen“ hunn d‘USA dann och net nëmmen d‘Sanktioune géint den Iran nees aktivéiert, mee och jiddereen, dee weider Handel mam Iran bedreiwe wëll, virun de „Konsequenzen“ déi dat mat sech bréngt, gewarnt.

mat AFP

Foto: Den Direkter vum „Policy Planning Department“ Brian Hook, dee Mëtt-August d‘Grënnung vun enger Aktiounsgrupp „Iran“ annoncéiert huet, ass net erfreet, datt d‘EU en Hëllefsplang iwwer 50 Milliounen Euro fir den Iran opgestallt huet. Jiddereen dee wirtschaftlech Bezéiunge mam Iran ënnerhält, géif sech amerikanesche Sanktiounen aussetzen, war de Message. © Rod Lamkey/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Brian Hook, EU-Kommissioun, Hëllefsprogramm, Teheran, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel