Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt
Fail International https://moien.lu/kleinanzeigen-dating/

online dating wedding jokes

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum

Déi lénk: „De Staatsrot ass ontransparent an ondemokratesch”
Fail International https://moien.lu/kleinanzeigen-dating/

Déi lénk: „De Staatsrot ass ontransparent an ondemokratesch”

Nodeems um Staatsrot, déi vun der Partei déi gréng virgeschloe

Nei am Verlag Lilu: De Molbier
Fail International https://moien.lu/kleinanzeigen-dating/

Nei am Verlag Lilu: De Molbier

Am neie Wierk „De Molbier“ gëtt d’Geschicht vum klenge Bier

dislike

Washington wëll „Mini“ Atomwaffen entwéckelen

Washington wëll „Mini“ Atomwaffen entwéckelen

Den amerikanesche Verdeedegungsministère wëll säin Nukleararsenal iwwerpréiwen an en neien Typ Waffe mat begrenzter „Kraaft“ entwéckelen. Experte gesinn an dësem Virgank eng Neioplo vun der Proliferatioun an en erhéichte Risiko fir Konflikter mat Asaz vun Atomwaffen.

Esou zumindest de Virschlag, wéi en am Preliminaire vun der neier „Nuclear Posture Review“ verfaasst ass, deen de Pentagon am Februar muss verëffentlechen. Domatter sinn dem fréieren US-President Barack Obama seng Visioune vum Dësch. Deen hat nach 2009 zu Prag d‘Welt opgeruff, sech hirer Atomwaffen ze entleedegen.

Well d‘Welt sech awer verännert, d‘Situatioun global betruecht eng aner Komplexitéit huet, wéi nach 2010, wou de leschte Rapport iwwert den Zoustand vum US-Atomwaffenarsenal erschéngen ass, huet de Pentagon entscheet eng Bestandsopnam ze maachen. Dorausser huet sech erginn, datt ee sech misst un eng realistesch Bewäertung vun de Bedreeungen halen, déi vu groussen Natioune wéi Russland oder China ausginn. Nordkorea spillt bei den Iwwerleeunge vum Militär och eng Roll.

„D‘Bedreeungen hunn zanter 2010 massiv zougeholl“, ënnersträicht de Verdeedegungsminister Jim Mattis am Virwuert vun dësem Dokument (aktuell nach just e Projet), vun deem d‘Huffington Post als éischt eng Kopie verëffentlecht huet. „D‘USA stinn engem Ëmfeld géinteniwwer, an deem déi nuklear Bedreeung esou ënnerschiddlech a fortgeschratt ass, wéi nach ni.

Et dierf nëmmen eng (grouss) Muecht ginn

Vum Pentagon also de Virschlag nei Atomwaffen ze entwéckelen, déi dann awer nëmmen eng „begrenzte Wierkung“ sollen hunn. Déi „Mini-Nukes“ solle virun allem am „taktesche“ Beräich zum Asaz kommen, well se eng enorm Duerchschlagskraaft hunn, an besonnesch nëtzlech sinn wann et drëms geet Bunker oder ënnerierdesch Installatiounen ze sprengen.

D‘Hären aus dem Etat-Major behaapten, datt onmoosseg vill awer net esou staark Atomwaffen, de Feinde vun den USA d‘Loscht op eng Ausenanersetzung vergoen dinn. Dat well déi Mini-Nukes, am Géigesaz zu de konventionellen Atomwaffen och wierklech virgesi sinn, agesat ze ginn.

An deem Sënn mussen de Verdeedegungsministère an déi Federal Agence fir nuklear Sécherheet, eng ballistesch Rakéit (Sea-Air) entwéckelen, esou den Detail aus dem Dokument. Dat soll dann och eng Waff ginn déi als Instrument vun der Vergeltung ka genotzt ginn. Géintiwwer der AFP huet de Pentagon sech net zum Dokument wëllen äusseren.

Op der Sich no der Weltherrschaft

Fir de Barry Blechman, Matbegrënner vum Stimson Center, bedeit dat Dokument aus dem Pentagon e Réckschrëtt am Kampf géint d‘Verbreedung vun Atomwaffen. Et steet och am krasse Kontrast zu de Beméiunge vun de fréieren Administratiounen, déi zumindest beméit waren de Risiko vun engem Atomkrich niddreg ze halen.

„D‘Atomwaffen-Ideologe behaapten datt fir eeschthaft Ofschreckend ze sinn, d‘USA sech dem Arsenal vum Feind mussen upassen: déi selwecht Waff, déi selwecht Stäerkt“, esou de Barry Blechman zur AFP. „Dës Meenung huet wuel keng empiresch Basis, mee see gëtt vun deenen Ziviliste gedeelt, déi vum Donald Trump op Regierungsposte gesat goufen“.

Well kaum datt de Milliardär de Sprong zum President gepackt hat, dat war am Dezember 2016, huet hien dozou opgeruff d‘Kapassitéite vum Atomwaffenarsenal ze erhéijen an ze stäerken. A beim Amarsch an d‘Wäisst Haus Ufank 2017, huet hie senge Leit den Uerder ginn, eng nei Nuklearpolitik virzebereeden.

Dem Pentagon säi „Nuclear Posture Review“ hätt dann awer gären, datt d‘Welt erkennt, datt d‘Entwécklung vun Atomwaffe mat „gerénger Wierkung“ net geduecht sinn d‘Verbreedung vun Atomwaffen ze fërderen. „Esou en Arsenal ass wichteg fir eng kredibel Ofschreckung géint eng regional Aggressioun duerzestellen, an eng flexibel nuklear Optioun zur Verfügung ze hunn“, esou d‘Pabeier aus dem Pentagon.

Net zur Ofschreckung mee fir den Asaz

Allerdéngs verännert dat Dokument och den Zäitpunkt vum „Asaz“. Esou ass eeschthaft virgesi Mini-Nukes och fir e Preventivschlag ze notzen, oder als Äntwert op en Cyberugrëff anzesetzen. Fir de Barry Blechman wier dat de Gedanke vum Netverbreedungsaccord aus ëm Joer 1968 mat Féiss getrëppelt. Net ze vergiessen, datt et jo awer grad Washington ass, dat „versicht den Iran a Nordkorea ze iwwerzeegen, d‘Fangere vun Atomwaffen ze loossen“.

Mat der Entwécklung vu neien, an der Notzung méi flexibelen Atomwaffen, géif Washington dat falscht Signal setzen. „Et encouragéiert all déi a ville Länner, déi sech drop behaapten, datt eng Atomwaff déi eenzeg Garantie fir hir Sécherheet ass“, esou de Barry Blechman.

Dem Pentagon säin Dokument huet awer ee Passus, an deem ze liesen ass, datt sech D‘USA och weiderhi ganz intensiv beméien, den Accord zu Netverbreedung vun Atomwaffen anzehalen. Et wier allerdéngs déi aktuell Weltpolitik schold dorunner, datt d‘USA hiert atomaart Waffenarsenal missten erneieren an erweideren. Gläichzäiteg missten d‘USA et allen anere verbidden…

mam Thomas Watkins/AFP

Foto: Am Abrëll 2016 haten US-Aktivisten um Square MacPherson zu Washington eng opblosbar Rakéit opgestallt fir géint d‘Oprëschtung ze Protestéieren. Elo 2018, huet den Etat-Major vun der US-Arméi entscheet nei, meng kleng awer extrem flexibel asetzbar Atomwaffen entwéckelen ze loossen. Zudeem soll d‘Méiglechkeet vun engem Preventivschlag, ofschreckend wierken. © Winn McNamee/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Atomwaffen, Donald Trump, Pentagon, Wäisst Haus, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel