Covid19, Logement a Klimakris… déi lénk mat düsteren Aussiichten
Wann en Dënschdeg de Premierminister seng Ried zur Lag vun
Mat Hëllef vum participative Prozess „mateneen fir eng modern Gemeng“
Fir déi gréng war d‘Chambersessioun 2019/20 eppes turbulent, an et
D’Fuerscher hu simuléiert, wat fir Auswierkungen et hätt, wann déi iwwer 327 Milliounen US-Amerikaner hiert Rëndfleesch duerch planzlech Ernierung ersetze géifen. No hire Berechnunge géifen esou 29 Milliounen Hektar landwirtschaftlech Fläch an ronn 3 Milliounen Tonne Stéckstoffdünger manner benéidegt ginn.
Dobäi kommen 280 Milliounen Tonne CO2-Emissiounen, déi agespuert ginn. Allerdéngs mussen dofir, laut hirer Rechnung, tëscht 5 a 15 % méi Waasser genotzt ginn. Fir den Ubau vun de Planze missten, am Verglach zum Fleesch, just 12 % vum Stéckstoffdünger a Waasser, sou wéi 22 % vum Aker genotzt ginn.
Natierlech muss déi planzlech Liewensweis ausräichend Nierstoffer liwweren. Een Drëttel vum Protein soll vu Buchweess a Soja kommen an esou Rand, Schwäin a Gefligel ersetzen. Eng optimal Ernierung, déi dem Kierper souwuel Energie a Mass, wéi och Fettsaieren, Vitaminnen, Zénk a Selen liwwert, ka mat Soja, Paprika, Kürbis, Buchweess a Spargel garantéiert ginn.
D’Simulatioun vun den US-amerikanesche Fuerscher stellt den absoluten Extremfall duer, woubäi all Bierger op Fleesch verzichte misst. Natierlech wäert dëse Fall ni antreffen. Donieft muss een och feststellen, datt d’Rechnung sech net global verallgemengere léisst. Eleng d’Virléifte beim Iesse variéiere vu Regioun zu Regioun, wouduerch och d’Produktioun beaflosst gëtt.
Vir hire Modell hu si zudeem just de Verzicht vun den dräi am beléiftste Fleeschzorten (Rand, Schwäi Gefligel) zesummen oder eenzel abezunn. Donieft huet een och net gekuckt, op d’Mooss engem gesonde Bedarf entsprécht. Eleng op d’Schounung vun de Ressourcen an eng relativ gläichwäerteg Versuergung un Nierstoffer sinn d’Fuerscher agaangen.
Zu gudder Lescht gëtt drop higewisen, datt een op aner Fleesch-Alternativen, wéi Fësch an aner Mieresdéieren, Eeër a Mëllechproduite bei der Berechnung verzicht huet. Am Kär hat dat Ganzt wuel ee gudden Usaz, allerdéngs huet en de Ronderëm net an eng realistesch Perspektiv gesat.