Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet
Meenung

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet

Den 31. Januar hat de Gesondheetsminister, Etienne Schneider (LSAP) eng

money
Den Eenzelhandel hält sech…
Meenung

Den Eenzelhandel hält sech…

Et gi vill interessant Etüden, an et soll och emol

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“
Meenung

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“

Iwwert ee Joer war de Welt-Journalist Deniz Yücel an engem

Wat d‘BILD ënnert Journalismus versteet

Wat d‘BILD ënnert Journalismus versteet

Sech net méi mam G20-Sommet ze befaassen, just wëll dësen ee Samschdeg eriwwer war, ass ugesicht der BILD net méiglech. Eng Zeitung déi fir sech den Usproch stellt „onofhängeg an iwwerparteilech“ ze sinn, an den Lieser zum Denunziant degradéiere wëll, stellt net nëmmen de Boulevard-Journalismus a Fro.

Et léisst sech sécherlech gutt verkafen. Besonnesch an Zäite wou Haass a Näid an de soziale Medie Konjunktur hunn. Mee ass et d‘Aufgab vun enger Zeitung, an domadder indirekt déi vun engem Verlag, no Randaléierer ze sichen? Den Axel Springer Verlag, dee un a fir sech nach ni wierklech de Ruff genoss huet objektiv a politesch korrekt ze beriichten, setzt mat senger Ausgab vum 10. Juli Akzenter.

Verëffentlecht gi si Biller vu Leit, deenen d‘BILD ënnerstellt, während dem G20-Sommet gewalttäteg gewiescht ze sinn. An et ass wuel richteg, datt d‘Police vun Hamburg en „upload-Portal“ ageriicht huet, wou d‘Leit der Justiz Original-Opname vu Fotoen a Videoe kënnen zur Verfügung stellen. Dokumentéiert Rechtsverstéiss kënnen esou verfollegt ginn an dat ass u sech och d‘Prozedur.

Zu kengem Moment awer ass den Optrag vun der Press, no Täter an esou engem Zesummenhang ze sichen. Nach net emol wann se da vun der Police zur Zesummenaarbecht gebiede ginn. Wat den Axel Springer Verlag hei zouléisst, ass aller ënneschten Tirang an dem Journalismus net wierdeg. Et féiert dozou, datt Journalisten am Zweiwelsfall keng Recherche méi kënne maachen.

Mat Recht kéint déi ugeschwate Persoun oder Grupp unhuelen, datt d‘Informatiounen un Police oder soss Autoritéite weidergereecht ginn. Anersäits, Lieser dozou ze verleeden enger Zeitung, an eben net den Autoritéiten, Informatiounen iwwert méiglech Strofdoten ze ginn, ass geféierlech. Ganz besonnesch wéi hei, wou BILD sech mat der Verëffentlechung net just op de Print bezitt, mee och Online déi „Biller“ publizéiert.

An natierlech dierften hei d‘Meenungen ausenaner goen. Do wäert et der sécherlech ginn, déi dat gutt fannen. Nu jee, grouss jéimere wann an der Tierkei esou eng Praxis vun der Regierung gutt geheescht gëtt. An et da ganz normal fanne wann déi eegen Dageszeitung Gläiches mëscht. Nee dat ass kee Journalismus, nach net emol Voyeurismus.

Foto: Screenshot (bild.de 10. Juli 2017)

Ähnlech Sujeten Bild Zeitung, G20, G20 Hamburg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel