Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An den USA ugeklot: Huawei
International Neiegkeeten hookup pto tractor

sumit vats dating

Dem chineseschen Technologie-Konzern Huawei ginn zolidd Virwërf gemaach: Industriespionage, Geldwäsch

am i missing out by not dating
International Neiegkeeten hookup pto tractor

Flex Carsharing – Zougang zur flexibeler Mobilitéit fir PwC-Mataarbechter

Flex Carsharing by CFL ënnerstëtzt PwC bei der nohalteger a

Hospitalisatioun vum Groussherzog Jean
International Neiegkeeten hookup pto tractor

Hospitalisatioun vum Groussherzog Jean

Wéi de Marechalat vum Haff matgedeelt huet, ass de Groussherzog

A wat dréift deen neie britesche Premierminister?

Grouss „Tournée“ duerch déi britesch Provënzen als Charme-Offensiv net vum Erfolleg gekréint

A wat dréift deen neie britesche Premierminister?

De britesche Premierminister Boris Johnson huet sech dës Woch e puer „Untrëttsbesich“ gegënnt, a sech de Regionalregierunge vu Wales, Schottland an Nordirland presentéiert. D‘Waliser an d‘Schotten iwwerzeegt hien net an zu Belfast ass d‘Angscht virun enger fester Grenz grouss.

E Méindeg huet hie seng Tournée a Schottland ugefaangen, an do natierlech fir säin haarde Kurs a Saache Brexit verdeedegt. Dat mat Bréissel verhandelt Ofkommes wier „Dout“ mee et géif gutt Aussiichten op en neie Pakt, an hie wier zouversiichtlech datt dës Regierung dat géif hikréien a Groussbritannien an eng Zukunft mat bléiende Landschafte kéint féieren. Esou geet Optimismus…

PremierministerDobäi huet London schonn traditionell keen esou e gutt Verhältnis mat Schottland. D‘Schotte ware vum Empire ni iwwerzeegt an „Englänner“ sinn hinne generell Suspekt. Kënnt nach derbäi, datt bal d‘Hallschent vun de Schotten sech fir d‘Onofhängegkeet asetzt an d‘Majoritéit vun hinnen sech fir de verbleif an der EU entscheet hat. Si waren dann och mobiliséiert an hunn den BoJo ausgebuht.

Fir déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon kënnt en Austrëtt aus der europäescher Unioun ouni Accord net a Fro. Esou eppes kéint de britesche Premierminister de Schotten an eigentlech der Natioun net zoumudden. Si stellt kloer, datt sollt Schottland géint säi Wëllen aus der EU austriede missen, da géif si sech nees fir en Onofhängegkeetsreferendum staark maachen.

Kloer an däitlech

D‘Nicola Sturgeon huet nom Meeting zu Edinburgh gemengt: „Et ass net kloer wéi hien d‘EU zu neie Verhandlungen iwwert den Accord brénge wëll. Ech schléissen dorausser datt, egal wat hien an der Ëffentlechkeet seet, an der Realitéit en Austrëtt ouni Ofkommes ustrieft. (…) Ech mengen dat ass immens geféierlech fir Schottland, jo fir dat ganzt Vereenegt Kinnekräich“.

Esou wäert déi schottesch Regierung – vu datt net dovunner auszegoen ass datt de Premier sech eng Bléisst gëtt – iwwert de Summer mat de Virbereedunge fir en neien Onofhängegkeetsreferendum weidermaachen. An dës Kéier stinn d‘Chance besser wéi 2014, wou sech d‘Schotten zu 55% fir de Verbleif am Kinnekräich entschloss haten. Si haten och massiv fir de Verbleif an der EU gestëmmt.

Interessant an der Kausa Schottland: d‘Presidentin vun de schottesche Konservativen, Ruth Davidson, ass géint en haarde Brexit. Si ass allerdéngs och géint en Onofhängegkeetsreferendum. Dat nennt een de „Hënneschten“ tëscht zwee Still hunn. Et mécht zugläich awer och däitlech, datt de Boris Johnson net esou ouni Weideres, seng Ziler wäert kënnen ëmsetzen, nach net…

Eigentlech… jo mee an awer

Wann d‘Waliser beim Referendum majoritär fir de Brexit gestëmmt hunn, esou hat et de Boris Johnson bei sengem Untrëttsbesuch an der walisescher Nationalversammlung net liicht. Et geet schliisslech och ëm de Goss, masseg Goss. Sech vun der EU trennen ass dat eent, sech vun der Fërdergelder a Subventiounen ze trennen, dat anert. A wann et ëm Geld geet, hält d‘Frëndschaft op.

PremierministerDéi walisesch Nationalversammlung huet ausgerechent, dat d‘Provënz all Joers aus Bréissel 743 Milliounen Euro un Zouwennungen erhalen huet. Dovunner sinn eng 300 Milliounen direkt un d‘Bauerebetriber ausbezuelt ginn. Mam Brexit geet dës Geldquell fleeten, firwat sech de walisesche Regierungschef emol op Twitter iwwert déi katastrophal Konsequenze fir d‘Bauere geäussert huet.

Wann den Mark Drakeford am Kontext vun engem „no Deal“ Brexit – esou wéi dëse vum Boris Johnson gewënscht schéngt – virun de Gefore fir Industrie an Landwirtschaft warnt, da léisst sech de Premierminister net beandrocken. Hien hält u senger Linn fest a versprécht de Baueren, datt et hinnen nom Austrëtt wäert besser goen. Mee d‘Bauere sinn net esou liicht ze iwwerzeegen…

Landwirt versus Fëscher

Déi walisesch Baueren hunn déi begrënnten Angscht, datt wann d‘EU Douanestaxen op Hämmel-Fleesch erhieft, et hinnen un dat „agemaachte“ geet. Laut dem walisesche Bauereverband gi 40% vun de Schofsprodukter exportéiert, géifen zukünfteg Taxen ufalen, misste Millioune vu Béischte geschluecht ginn. De Boris Johnson hält dergéint a behaapt sech op nei Mäert fir dës Produiten…

PremierministerOb et déi tatsächlech gëtt? Dem Premier kann dat den Ament egal sinn. Wales ass nieft de Schof och eng Fëscherprovënz. D‘Fëscher hu keng gutt Meenung vun Europa mat senge Quoten an aneren Aschränkungen. Si hu beim Referendum 2016 bal geschlosse fir de Brexit gestëmmt, a gleewen och elo nach ëmmer dee ganze Blödsinn dee si verzaapt kruten. Nohaltegkeet bréngt kee Profit…

Et ass net dovunner auszegoen, datt de Boris Johnson vun der walisescher Nationalversammlung bei sengem haarde Kurs géintiwwer Bréissel gestäipt gëtt. Et steet einfach ze vill um Spill an vu Bréissel gouf eng däitlech Positioun bezunn: „De Vertrag ass esou wéi e virläit dat bescht wat ze maache war, et geet net méi dru gefréckelt“. Ouni vill Opweises geet a Richtung Nordirland.

Kee Gespréichspartner

De Besuch vum BoJo an Nordirland war sécherlech deen – och wann hie sech näischt umierke gelooss huet – op deen de Premier am mannste Loscht kéint gehat hunn. Déi britesch Provënz huet zanter 30 Méint keng Regierung. Dat weess och de Boris Johnson, deen zu Belfast gemengt huet: „Dat musse mir esou séier wéi méiglech änneren“. Wéi dat awer soll ausgesinn? Einfach gëtt et net.

PremierministerAn Nordirland ass jo och besonnesch am Kontext vum Brexit, dat wat een en zolitte Problem nennt. Datt et tëscht der britescher Provënz an der irescher Republik dank EU keng „haart“ Grenz méi gëtt, huet alle Bewunner vun der Insel villes bruecht, mee am wiesentlechen ass et de Fridden, deen hei duerch d‘Memberschaft an der Unioun konnt geséchert ginn. Ouni „Accord“ ass dat a Fro gestallt.

Fir d‘Populiste vun der ultrakonservativer DUP (Democratic Unionist Party) wëssen awer firwat et net virugeet. „D‘Regierung zu Dublin an och Bréissel mussen hir Rhetorik iwwerdenken a gewëllt sinn en Accord ze fannen, net nëmme fir Groussbritannien, mee och fir d‘Republik Irland a ganz Europa“, esou d‘Arlene Foster. D‘DUP mat hiren zéng Deputéiert séchert den Ament d‘Majoritéit…

Um seidene Fuedem

Fir d‘Arlene Foster steet mam Brexit och déi eege politesch Carrière um Spill, firwat si am House of Commons fir d‘Tories méi wéi nëmmen e Koalitiounspartner ass. Béid Säite sinn iergendwéi op enaner ugewisen, woubäi et fir d‘DUP elementar ass, datt nom Brexit fir Nordirland déiselwecht Regele gëllen, wéi fir de Recht vum Vereenegte Kinnekräich. Et soll also kee Backstopp ginn?

Bei engem „haarde Brexit“ awer sinn et d‘Briten déi den Iren eng geschlosse Grenz opzwéngen, net d‘EU. Déi hat entspriechend Virschléi virgeluecht, déi awer vun den Hardliner net ugeholl ginn. Elo huet d‘Provënz Nordirland och nach keng Regierung. Déi sollt eigentlech vun de fréiere „Géigner“ aus dem Biergerkrich gebilt ginn, woubäi London als „Vermëttler“ oder „Mediateur“ matmécht.

An géintiwwer der DUP steet déi iresch-republikanesch Sinn Fein. Vun do aus heescht et, datt esou laang wéi de Boris Johnson vun der „anerer“ Säit ënnerstëtzt gëtt, geet dat guer net. Hie géif zwar uginn „onparteiesch“ regéieren ze wëllen, mee dat géif kee gleewen. Den Deal tëscht den Tories an der DUP huet dat politescht Klima zu Belfast vergëft, an esoulaang déi do sinn, steet de Buttek…

mat indymedia/lon/bel/edi/cwl

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Nordirland, Schottland, Wales
Nächsten Artikel Virrechten Artikel