Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Scoutskiermes um Cents
Kultur Neiegkeeten

electron spin resonance dating range

Et war nees esou wäit: Déi Centser Guiden a Scouten

hook up outdoor wood boiler
Kultur Neiegkeeten

Venezuela: Dissident Juan Guaido wëll zréck op Caracas

De Juan Guaido, selwer ernannten „Interimspresident“ vu Venezuela huet seng

The Shape of Water ass komesch, strange an du däerfs en net verpassen!
Kultur Neiegkeeten

The Shape of Water ass komesch, strange an du däerfs en net verpassen!

Datt de Guillermo del Toro bei der Nominatioune fir d’Oscaren

Wat ee Fest!

E Land zelebréiert Nationalfeierdag an et war nees richteg eppes lass

Wat ee Fest!

Vun der Relève vun der Gard virum Palais, iwwert de Besuch vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Madamm zu Esch Uelzecht, den traditionelle Fakelzuch an déi grouss Receptioun um Buerschenter Schlass bis hin zu de ville Freedefeier uechtert d‘Land, schonn de Virowend vum Nationalfeierdag war animéiert. E Sonndeg da Parad an Tedeum inklusiv fest vun der Arméi.

Ze notéieren ass, datt d‘Stad Lëtzebuerg gewinnt dee gréissten Zoulaf hat, an ee kaum duerch d‘Leit komm ass. Schéin ass anescht, mee jidderee schéngt et gefreet ze hunn, an dat ass eigentlech datt eenzegt dat ob esou engem Dag zielt. Zu Esch-Uelzecht war den Undrang am direkte Verglach mat der Haaptstad, direkt „iwwersiichtlech“, woubäi d‘Stëmmung och hei beschtens war.

Fest

De Groussherzog Henri an d‘Groussherzogin Maria-Teresa haten sech hirersäits op dat wonnerschéint Buerschenter Schlass aluede gelooss. © Shari Pleimelding/moien.lu

Et war dann awer och deen éischten Nationalfeierdag, ouni den allsäits beléifte Monarch, eise Groussherzog Jean. Deen huet de grousse Spektakel am Häerze vun de Lëtzebuerger matgefeiert. Fir de Rescht, war an all Gemeng, dem Groussherzog Henri säi Gebuertsdag e gudde Grond et enstpriechend festlech ugoen ze loossen. Et ass dann och bis Sonnenopgank gutt viru gaangen.

Fest

Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stephanie waren zu Esch-Uelzecht. © Martine de Lagardère/moien.lu

Erstaunlech: vun der Police gëtt et wéineg „schlecht Noriichten“, wat een awer begréisse kann. E Sonndeg am Nomëtteg huet et zwee Accidenter ginn, an déi Motocycliste verwéckelt waren, esou kuerz no 15 Auer op der CR262 tëscht Munneref a Fëlschdref, wou de Motard sech verschat hat. Hien ass onglécklech gefall an huet misse mat liichte Verletzungen an d‘Spidol gefouert ginn.

Fest

De Fakelzuch an der Stad, ass ee vun de absoluten Héichpunkten um Virowend zu Nationalfeierdag. © Melvin Hatto/moien.lu

Eng Stonn drop, op der CR356, ass tëscht dem Mëllerdall a Konsdref e Motocyclist an enger Kéier an de Summerwee geroden a gefall. Hie gouf zum Gléck dobäi net blesséiert. Automobiliste waren der och ënnerwee: tëscht Käl a Rëmeleng huet d‘Police ee Chauffeur ugetraff deen hannert dem Steier ageschlof war an zu Rolleng war ee schëtzeg ënnerwee. Zweemol war den Alkoholtest positiv.

Ähnlech Sujeten Bourschent, Esch-Uelzecht, Freedefeier, Groussherzog Henri, Groussherzogin Maria Teresa, Ierfgroussherzog Guillaume, Ierfgroussherzogin Stephanie, Nationalfeierdag, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel