Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer
International https://moien.lu/dyspraxia-dating-site/

https://moien.lu/best-dating-sites-for-minors/

Eng Epicerie déi weder Alkohol nach Schwéngefleesch verkeeft, awer seng

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima
International https://moien.lu/dyspraxia-dating-site/

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima

Si ware uechtert Belsch verdeelt zu hirer 30.000, dovunner eleng

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong
International https://moien.lu/dyspraxia-dating-site/

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong

Dem spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy a sengem konservative „Partido Popular“

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)

Tierkesch Arméi a Milize bereeden sech op de Kampf géint d‘Kurde vir

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)

Nodeems den Donald Trump beschloss huet seng Zaldoten aus Syrien zréckzehuelen, wouduerch d‘Koalitioun géint den IS geschwächt gëtt an d‘Kurden op sech eleng gestallt sinn, an hie kloer an däitlech drop higewisen huet, datt sech elo d‘Russen, den Iran an d‘Tierkei ëm de Fridden an der Regioun ze këmmeren hätten, stellen sech eng Rei Froen.

Esou ass et an éischter Linn och de Réckzuch vun den US-Truppen deen de Problem duerstellt. Et ass villméi d‘Aart a Weis wéi den Donald Trump op e neits mat sengen Alliéierten a Partner op der Plaz ëmspréngt, déi engem muss ze denke ginn. Et ass elo gewosst, datt den Donald Trump weder seng britesch nach franséisch Alliéiert dës Moossnam ofgeschwat huet.

Dat kéint „am Prinzip“ egal sinn, wann ee sech der trumpscher Meenung uschléisst, an dovunner ausgeet, datt den Islamesche Staat besiigt wier. Dat ass leider esou net de Fall. Bei der Kurdemiliz YPG ass d‘Suerg duebel grouss. Si sinn op déi logistesch Ënnerstëtzung vun den USA ugewise fir dat wat nach vum IS iwwreg ass, an der Gitt ze halen, a vun der Tierkei a Rou gelooss ze ginn.

E Spill mat verdeckte Kaarten

Elo verhält et sech esou, datt et tëscht dem tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan, an dem Donald Trump zu engem Deal komm ze sinn. En Deal deen de kurdeschen Dram vun enger demokratesch-sozialistescher Gesellschaft platzen deet, an och generell fir de Konflikt näischt Gutts bedeit. Ëmmerhi muss ee bedenken, datt d‘Tierkei net gutt op den Assad ze spriechen ass.

Dem Bachar al-Assad säi Regime gëtt allerdéngs vun de Russen an dem Iran gestäipt, an et ass net dovunner auszegoen, datt Damaskus en autonome Kurdestaat akzeptéiere kann. Dat erkläert sech aus dem Fakt, datt Russland aus geostrategesche Grënn den Tierke vill Handlungsspillraum gelooss huet: Amarsch an Afrine, d‘fräigi vum Loftraum fir tierkesch Kampffliger.

An den Donald Trump, deen och scho mam Recep Tayyip Erdogan „gestridden“ huet, schéngt nees Interessi un enger besserer „Bezéiung zur Tierkei ze hunn. Gutt Wirtschaftsbezéiunge wiere fir béid Länner e Gewënn. Zudeem ass denkbar, datt sech den NATO-Partner Tierkei vir e puer Milliarden US-Dollar de „Patriot“ Rakéitenofwiersystem zouleet. Dofir brauch et eng Géigeleeschtung…

Esou ass unzehuelen, datt Washington bereet ass den Tierken dat vun de Kurde kontrolléierte Gebitt an Nordsyrien „ze iwwerloossen“. Am Géigenzuch gëtt vun Ankara erwaart, datt déi tierkesch Truppen de Kampf géint den IS weiderféieren. Eng Erwaardung déi vun der Tierkei net wierklech ze erfëllen ass, vu datt erwisen ass, datt Ankara islamesch Milize géint d‘Kurden asetzt.

Kurde sinn Terroristen

Fakt ass och, datt d‘Tierkei den IS (wann och direkt ënnerstëtzt) gewäerde gelooss huet, wéi dësen nach dee westlech vum Euphrat geleeëne Korridor bei Dscharablus (un der tierkescher Grenz) kontrolléiert huet. Domatter war de NATO-Partner Tierkei der Koalitioun géint den IS an de Réck gefall. Déi international Koalitioun konnt sech allerdéngs op d‘Kurde verloossen…

Wéi d‘Tierken hu misse feststellen, datt d‘Kurdemiliz mat den SDF (Syrian Democratic Forces) derbäi waren dëse Korridor anzehuelen, huet Ankara sech zu engem Handel mam IS hiräisse gelooss. Den IS huet dorops hin zréckgezunn, déi tierkesch Truppe konnten amarschéieren a sech zu Dscharablus installéieren. Niewebäi huet d‘Tierkei déi kurdesch „Terroristen“ mat bekämpft.

An Ankara mécht opch guer keen Heel dorausser, wien de eigentleche Feind an Nordsyrien ass. De Recep Tayyip Erdogan, deen all d‘Kurden als Terroriste verkläert, huet mat senger Operatioun „Olivenzweig“ en däitlech Zeeche gesat. Hien hat hei och keen Abléck gezeckt d‘Amerikaner opzefuerderen sech aus Manbij zréckzezéien, fir d‘Kurdemiliz ze verjoen.

Elo wou et kloer ass, datt sech d‘USA zréckzéien, verleet Ankara schwéier Waffen un déi syresch Grenz. Offiziell geet et drëms d‘Syrer ze befreien: d‘Araber vum Islamesche Staat, an d‘Kurde vun der PKK. Experte ginn dovunner aus, datt et och dorëms geet, déi multiethnesch Usätz zu Rojava ze ënnergruewen, an och d‘Emanzipatioun vun de Frae soll verhënnert ginn.

Déi hunn eng wichteg Roll am Kampf géint den IS gespillt. Dat net nëmme mat der Waff an der Hand, mee virun allem op administrativem wéi politeschem Niveau, hunn dës Fraen „hir Mann gestanen“ an dat ass net am Sënn vum tierkesche President a sengen islamisteschen Unhänger. Et sollt een awer net dovunner ausgoen, datt déi hir gewonne „Fräiheet“ nees bereet sinn hierzeginn.

Wéi geet et weider?

Aktuell gesäit et esou aus, datt d‘Milize vun der „Fräier syrescher Arméi“ aus Afrine, Aleppo an anere Gebidder ofgezu gi sinn, fir sech an de kurdesch kontrolléierte Gebidder opzestellen. Rieds ass vun enge 4.000 Combattanten, déi haaptsächlech aus Raqqa am Deir ez-Zhor hierstamen. Et géifen nach emol 20.000 Kämpfer bereet stoen, sollt et d‘Situatioun verlaangen.

Sënn an Zweck vun enger Invasioun: mat der Besetzung vun Nordsyrien (bis zur Grenz vum Irak) soll d‘PKK och aus Sindshar verjot ginn. Grondsätzlech muss der Tierkei ënnerstallt ginn, datt et hei ëm eng ethnesch Säuberung geet. Zil wier et deemno, déi besate Gebidder mat Flüchtlingen a Membere vun de Milizen opzefëllen, déi sech nach an der Tierkei ophalen.

Wat bedeit dat fir déi nach zu Manbij, an Deir ez-Zhor stationéiert franséisch a britesch Truppen? De franséische President Emmanuel Macron huet jo emol dem Donald Trump seng Pläng schaarf kritiséiert. Dat déi franséisch a britesch Truppen sech allerdéngs fir de Schutz vun de Kurden, an esou géint e NATO-Partner stellen, dat muss bezweiwelt ginn.

D‘Roll déi d‘USA hei spillen, ass eng geféierlech. Den Donald Trump beweist hei op e neits, wéi séier et mat der Frëndschaft oder Zesummenaarbecht kann eriwwer sinn. Dee muss just e Virdeel fir Amerika an déi amerikanesch Wirtschaft erkennen, an schonn ass et mat der Frëndschaft gedoen. Et ass dobäi och egal, wat seng Minister a Beroder mengen, dem US-President säi Wuert ass Gesetz.

An eigentlech misst een dem Donald Trump gutt halen, datt hien Amerika net méi als „Gendaarm vun der Welt“ gesäit. Et misst een him och gutt halen, datt hie seng Truppen aus de Konflikter erauszitt. Dobäi dierf een allerdéngs net vergiessen, datt et d‘USA waren a sinn, déi ganz vill zu dëse Konflikter bäigedroen hunn, den Islamesche Staat eréischt erméiglecht hunn.

Foto: Op dësem Bild vum 26. Dezember, ass e Panzer vun der tierkescher Arméi ze gesinn, deen an déi vun de Rebelle gehale Stad vun al-Rai (Nordsyrien) transportéiert gëtt. Iwwert de Weekend huet déi tierkesch Arméi sech massiv an Nordsyrien verstäerkt. Eng Offensiv op déi kurdesch Milize wier imminent. © Nazeer al-Khatib/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, islamesche Staat, Kurdemiliz YPG, NATO, Patriot Rakéiten, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel