Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Macron schonn am éischten Tour bestätegt
https://moien.lu/lifted-dating/

free vegan dating

Ee Mount no sengem Anzuch an den Elysée, ass den

dating motivation
https://moien.lu/lifted-dating/

https://moien.lu/aro-dating/

Wann ee Biller vu Bëschbränn am Ausland gesäit, kënnt et

Privatiséierung an Outsourcing: De Staat muss sech endlech um Bidong rappen!
https://moien.lu/lifted-dating/

Privatiséierung an Outsourcing: De Staat muss sech endlech um Bidong rappen!

E Méindeg huet sech eng Delegatioun vum LCGB mam Minister

Wat mécht den Haff mat all deem Geld?

D‘Sozialiste besuergt ëm d‘Kontroll vun de Finanze vun der groussherzoglecher Famill

Wat mécht den Haff mat all deem Geld?

Et ginn emol méi, emol manner interessant parlamentaresch Froen. Wann awer een Deputéierten aus de Reie vun der Regierungskoalitioun sech freet wat den Haff mat deenen 11,1 Milliounen € ustellt déi am Staatsbudget virgesi sinn, da muss ee schonn eppes méi genee hikucken.

Esou huet den Alex Bodry (LSAP), nodeems de Premierminister bei der Personalverwaltung vum Haff huet missen duerchgräife fir nees eppes Rou eranzebréngen, sech iwwert den Ëmgang mat de Finanze Gedanke gemaach. Hie stellt fest datt et um Haff u „Maturitéit“ mangelt an zugläich kee Kontrollsystem gëtt, wéi datt bei anere Staatsorganer üblech ass. Dat ass schonn eppes Bosseg.

A well jo aktuell och un enger neier Verfassung gedoktert gëtt, heescht an der parlamentarescher Fro weider, datt d‘Chamber hei proposéiert huet, d‘Staats-Dotatioune fir de Staatschef an divers Membere vun der groussherzoglecher Famill an ee Gesetz anzepaken, datt d‘Elementer an den zougestane Montant festleet. Den Alex Bodry well elo vun der Regierung wësse wat hei passéiert.

Datt de Rechnungshaff (Cour des Comptes) d‘Finanze vum Haff net kontrolléiert, kéint eng Gefor fir d‘Monarchie bedeiten, déi jo elo och net fräi vu Kritik ass. An et wier sécherlech och am Sënn vun der groussherzoglecher Famill hei fir Transparenz ze suergen. Dogéint huet de Premierminister näischt anzewennen, gëtt awer ze bedenken, datt de Sonnerbeoptraagte beim Haff eréischt Enn Juni seng Missioun ugefaangen huet, firwat et awer nach eppes fréi ass fir Conclusiounen ze zéien.

Wann de Jeannot Waringo also seng Missioun ofgeschloss huet, da soll et um Krautmaart och zu engem Debat am Bezuch op d‘Finanzéierung, respektiv d‘Dotatioun fir den Haff kommen. Et ass deemno nach eppes Gedold gefuerdert an wann elo den Deputéierte mat dëser „Äntwert“ liewe kann, esou dierft dat an de Reie vun der Oppositioun net de Fall sinn. Et ass jo awer e Batz Geld…

Foto: Tero Vesalainen / Pixabay

Ähnlech Sujeten Alex Bodry, Dotatioun, Finanzen, groussherzoglech Famill, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel