Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2020: En neien Ufank
Neiegkeeten Stories

Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2020: En neien Ufank

Déi dësjäreg Editioun vum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter

money
Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen

Um Freideg huet de Finanzminister Pierre Gramegna bedauert, datt d‘EU-Kommissioun

geek
Datemëssbrauch: Ermëttlunge géint Facebook och a Kalifornien
Neiegkeeten Stories

Datemëssbrauch: Ermëttlunge géint Facebook och a Kalifornien

Säit elo 18 Méint gëtt a Kalifornien géint d‘Nummer 1

D’Fro vum Dag: Wat mécht en Held aus?

D’Fro vum Dag: Wat mécht en Held aus?

Dës Fro huet sech ewéi e roude Fuedem duerch e Jugendbuch gezunn, wat ech virun e puer Woche gelies hunn. Ech hunn net méi drun geduecht, bis datt ech dem Gordon Isler säin Interview an eis Sprooch iwwersat hunn. Zënter datt ech reegelméisseg iwwer Séinoutrettung berichten, hunn ech e komplett anere Bléckwénkel kritt, wat ech him och hu misse schreiwen. Och datt Séinoutretter*innen a mengen Aen Helde sinn!

Seng Äntwert huet mech iwwerrascht: Et géing gutt doen, esou eppes Léiwes ze liesen, déi Méi géingen sech net vill maachen. Helde wieren si awer net. Si wäre just, wat si sinn, well Mënsche stierwen. Et geet net ëm si an dat muss engem erëm bewosst ginn. Villäicht nennt een si Séinoutretter*innen nennen. Mä Mënsch wär och richteg.

Ech war total baff. Ech sot him, einfach nëmme Mënsch sinn – Empathie empfannen. Reagéieren an net ewechkucken; géingen dat keng Helden ausmaachen?

An dunn koum et: “Anne Frank, Sophie Scholl an Oscar Schindler. Dat sinn Held*innen. Mir riskéiere wéineg. Si hunn alles riskéiert.”

Dat huet mech nawell nodenklech gestëmmt. Natierlech huet en Recht. Ech gesinn do awer e klengen Ënnerscheed. Et gi verschidden Helden, se sinn (och) ewéi den Här Isler sot Mënschen. Mir ass do spontan d’Rosa Parks agefall., eng afroamerikanesch Biergerrechtlerin, déi verhaft ginn ass, well si sech geweigert huet opzestoen a Plaz fir e Wäissen ze maachen.

Ewéi ech e jonkt Meedche war, war en eelere Schoulkomerod fir mech en Held – hien huet sech fir mech agesat a war konsequent géint Mobbing. Dobäi kënnt e Schoulmeeschter, dee seng Schüler wärend engem Amoklaf mat sengem Liewe beschützt. Oder d’Isabelle*, eng Infirmiere, déi e Kand aus dem Spidol opgeholl huet, well d’Mamm einfach net méi komme konnt. An dat obwuel hatt selwer schonn zwee Kanner an eng Vollzäitaarbecht huet.

Ech kéint éiweg esou weider fueren, Heldentum huet vill Gesiichter. An déi verschiddenst Facetten, e bëssen dervu stécht och an eis.

Helden hunn eng Virbildfunktioun. Si sinn staark, (net onbedéngt kierperlech) intelligent an opferen sech gäre fir eng gutt Saach. Si weise grousse Mutt a scheie keng Erausfuerderung.

Wéi kënne mir selwer zu Helde ginn? Mir kéinte mol opmierksam ginn a kucken, wat ronderëm eis geschitt. Keng Angscht hunn – eis Wäerter a Prinzipie verdeedegen. An op laang Dauer kucken: Wéi eng Konsequenzen huet dat, wat de Moment passéiert? Kann ech eppes dogéint maachen? An handelen!

*Numm geännert

Opmaacherbild: © Javier Garcia / Unsplash

Ähnlech Sujeten aktiv ginn, Anne Frank, Fro vum Dag, Handelen, Helden, Heldentum, Oscar Schindler, Respekt, Rosa Parks, Schoulkomerod, Séinoutrettung, Vill Facetten, Wäerter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel