Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!
Neiegkeeten

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!

E Freideg hunn d‘adr an d‘Piraten bekannt ginn, datt si

Eng grouss Chrëschtfeier ënner Gläichgesënnten
Neiegkeeten

Eng grouss Chrëschtfeier ënner Gläichgesënnten

Et ass eng Traditioun, keng op déi d‘Lëtzebuerger Land besonnesch

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!
Neiegkeeten

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!

Déif am Dschungel vum Internet, do fënns du dech an

Lëtzebuerg: Wat muss sinn, muss sinn

Lëtzebuerg: Wat muss sinn, muss sinn

Eng Gemengerotssëtzung een Dag no de Walen, dat klengt erstaunlech ass et awer net. D‘Gesetz gesäit nu emol vir, datt de Gemengerot all dräi Méint muss zesummekommen. A wéi d‘Buergermeeschtesch et erkläert huet, wier dat den 10. Oktober de Fall gewiescht, also Sëtzung.

Et sollt keng grouss ginn, d‘Dagesuerdnung hat net wierklech vill ze bidden, ausser dat elo d‘Schoulorganisatioun duerch ass. Erstaunlech awer déi geloosse Stëmmung, et ass sech gratuléiert ginn an hei an do och säi Matleed zum Ausdrock bruecht ginn. Um kuerz op dräi Auer huet d‘Lydie Polfer (DP) dann d‘Gespréicher ënnerbrach an d‘Sëtzung opgemaach.

Als éischt huet sech misse verkéierstechnesche Froen ugeholl ginn. Well d‘Aarbechten an der Waassergaass fir deen een oder aneren eng Gefor duerstellt, fuerdert d‘Marceline Goergen (ADR) d‘Zoufaart fir Vëloen ze spären. Eng Fuerderung déi och vun der LSAP gedroe gëtt, wann hei och den Akzent op d‘Ofsécherung vum Chantier geluecht gëtt.

D‘Verkéiersschäffin Sam Tanson (déi gréng) gesäit an, datt de Public hei wierklech kaum Plaz huet. D‘Entreprise déi de Chantier ausféiert wier och scho kontaktéiert gi fir d‘Situatioun ze verbesseren. Zu der Verkéiersféierung awer konnt d‘Sam Tanson näischt soen. Hei muss d‘Enn vum Chantier ofgewaart an d‘Lag analyséiert ginn. Duerno kann dann eng Entscheedung iwwer d‘Verkéiersféierung getraff ginn.

Fir déi Lénk gëtt et op der Metzer-Plaz en Trottoir hannert engem Zebrasträifen dee fir Leit am Rollstull ze héich ass. Och wier d‘Plaz schlecht beliicht, wat d‘Gefor besonnesch an der däischterer Joreszäit erhéicht. D‘Sam Tanson huet dem Joel Delvaux verséchert de Problem un déi zoustänneg Servicer weiderzeleeden.

Schoulorganisatioun ofgeschloss

Och wann d‘Schoul schonn dräi Wochen un ass, esou konnt d‘Organisatioun heizou dann elo um Méindeg och endlech gestëmmt ginn. Et si véier nei Schoulen an der Stad ageweit ginn. An d‘Schoul ginn 4.953 Kanner. Dat entsprécht 352 Klassen déi vu 616 Enseignante betreit ginn. Aus demographescher Siicht ass nach festzehalen, dat 41% vun de Schüler Lëtzebuerger sinn.

Am Schäfferot weist een sech zefridde mat der Entwécklung vun de Schoulfoyeren. Hei si gläichfalls nei Strukture bäi komm. Zwou neier goufe gebaut a véier anerer sinn ausgebaut ginn. 3.740 Kanner sinn ageschriwwen, 169 stinn de der op der Waardelëscht. D‘Schäffin Colette Maart (DP) weist awer drop hin, datt duerch den Opbau vu Container, och d‘Kanner op der Waardelëscht eng Plaz wäerte kréien.

Während vun der LSAP den Appell kënnt, beim bau vu neie Quartieren och de Besoin u Schoulen ze berécksiichtegen, gëtt och op de Mangel u Crèchen higewisen. D‘Schäffin ass hei awer iwwerzeegt, datt een an der Stad um gudde Wee wier. Dat huet dann d‘Fro opgeworf, op d‘Kanner mat spezifesche Besoinen uerdentlech betreit géife ginn. Wann de Personalmangel dann och e nationaalt Problem ass, esou wier et an der Stad zwar „enk“ awer et hätt een d‘Situatioun am Grëff.

Donieft stoungen nach verschidde wéineg relevant Punkten op, mee et war och nach net déi läscht Sëtzung vum aktuelle Gemengerot. Déi dierft op den 23. Oktober falen an eppes méi Punkten op der Dagesuerdnung hunn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Gemengerot, Schoul, Stad Lëtzebuerg, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel