Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

#Zukunftsbësch – 101 Beem fir all eis Grousselteren
matchmaking fortnite keys

#Zukunftsbësch – 101 Beem fir all eis Grousselteren

De Bopa huet Gebuertsdag an dat gëtt grouss gefeiert! No

dating my niece memes
matchmaking fortnite keys

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen

Um Sonndeg waren an Nordrhein-Westfalen Landtagswahlen an eppes méi wéi

USA: D‘Verëffentlechung vun enger geheimer Notiz soll den FBI diskreditéieren
matchmaking fortnite keys

USA: D‘Verëffentlechung vun enger geheimer Notiz soll den FBI diskreditéieren

D‘Gestreids tëscht dem US-President Trump an dem FBI hëlt keen

Wat sech 2019 alles ännert…

Ab dem 1. Januar gëtt et vill „Neies“: hei déi wichtegst Changementer

Wat sech 2019 alles ännert…

Dem Land geet et gutt. Keng giel Gileten a Siicht, d‘Konjunktur brummt an och soss gëtt et den Ament, wann ee vun de Problemer beim Logement, der Mobilitéit a bei der Bildung Ofstand hëlt, éischter Grond zur Freed. Esou erwaarden eis 2019 eng Rei positiv Iwwerraschungen an de Beräicher: Wirtschaft, Ekologie, Famill, Gesondheet…

De besseren Zougank zur Informatioun

Mam Gesetz vum 14. September 2018, soll de Bierger den Accès zur Informatioun erliichtert ginn. Dëst Gesetz soll zu enger oppener an transparenter Administratioun féieren. Dat heescht, datt dës Institutiounen elo verflicht sinn, déi sougenannten accessibel Dokumenter online ze verëffentlechen an se deene Leit (physesch oder moralesch Persounen) déi se ufroen, och muss zoukomme loossen.

Et muss een dofir kee Grond uginn, an déi ugeschwaten Administratioun ass juristesch ugewisen, dem Demandeur bannent engem Mount, déi ugefroten Dokumentatioun zoukommen ze loossen. Vun dësem Gesetz sinn all staatlech Administratiounen a Servicer, d‘Gemengesyndikater, déi sougenannten Etablissement Public, an esouguer d‘Beruffskummere betraff. Dat ass interessant…

En Häerz fir d‘Ëmwelt a Soziales

Ab en Dënschdeg dierfen d‘Geschäfter hire Cliente keng Plastikstuten, déi méi déck wéi 15 µm méi schenken. Eis Regierung schéngt deemno iwwerzeegt ze sinn, datt e Präisschëld op enger Akaafstut dem Problem mam Plastiksoffall entgéint kënnt. Ugesiichts der Verschmotzung „generell“ an der Verschmotzung vun de Weltmierer am besonneschen, eng zimlech hallefhäerzeg Moossnam.

Dat sougenannte „Gromperegeld“ (eng Zoulag fir d‘Deierecht vum Liewen) bleift eis och 2019 erhalen. De Montant bleift awer um Niveau vun 2018. Den RMG heescht elo REVIS. Dëst als staatlech Zouwennung – also de REVIS an den RPGH – geduechten Akommes gëtt zudeem ëm 1,1% erhéicht. Et soll der Gehälterprogressioun aus de Joren 2016/1717 Rechnung gedroe ginn.

Och am Krankheetsfall soll de Mënsch geschützt sinn. D‘Urecht op eng Entschiedegung am Krankheetsfall gëtt vun 52 op 78 Woche verlängert. Dat am Kontext vun enger Referenzperiod vun 104 Wochen. Am Gesetz ass och eng progressiv Reprise vun der Aarbecht, wann se therapeutesch veräntwert ka ginn, virgesinn. Eng reell Verbesserung gesinn d‘Gewerkschaften awer hei net.

Neies am Beräich Gesondheet

Verschidden ustiechend Krankheeten, wéi Tuberkulos, Lyme-Borrelios, Riedelen awer sexuell iwwerdrobar Krankheete musse vun allen Acteure vun de medezinesche Beruffer gemellt ginn. D‘Moossnam soll eng besser Iwwerwaachung vun den Infektiounskrankheete sécherstellen. All d‘Krankheeten déi betraff sinn, goufen an engem groussherzogleche Reglement festgehalen.

Géint den humane Papillomavirus (HPV) ass en neien nationalen Impfungsprogramm opgesat ginn. De genotzten Impfstoff soll géint néng Vire-Stämm aktiv sinn, an gëtt vum Gesondheetsministère fir Jongen a Meedercher am Alter vun 9 bis 13 Joer finanzéiert. Persounen déi zur Risikogrupp gehéieren, sollen dem Impfstoff och rembourséiert kréien. Eng zimlech ëmstridde Moossnam.

Laut dem groussherzogleche Reglement vum 5. Dezember, kann elo unhand der Konventioun, déi mat den Ernährungsberoder (Diététiciens), e Remboursement vun de Consultatiounen ugefrot ginn.

Kanner… kleng a grouss

Ab Januar kann et och zu de sougenannte Mini-Crèche kommen. Si sollen, esou d‘Virstellung vun der Regierung, den Intermediaire tëscht „Crèche“ an „Elterenhëllef“ sinn. Dës Strukturen si geduecht fir bis zu eelef Kanner am Alter tëscht 0 an 2 Joer opzehuelen, woubäi d‘Zuel vun de Bëbeeën am Alter ënner engem Joer, op 4 beschränkt ass. Dat soll der informeller Bildung déngen.

Esou eng Struktur muss allerdéngs professionell bedriwwe ginn, an dofir gëtt benéidegt: een Educateur an eng Persoun, déi fir de sozioedukativen Encadrement forméiert ginn ass (oder mindestens iwwert en Zertifikat verfüügt, aus deem eng Qualifikatioun als Elterenhëllef ervirgeet).

Fir Studenten déi enger Bourse fir hir Studie bedierfen, gëtt et och gutt Nouvellen. No der Erhéijung vun de Gehälter, ass sech och der staatlecher Ënnerstëtzung fir d‘Studenten ugeholl ginn. Déi finanziell Hëllef gëtt ëm 2,5% gehéicht. Dat allerdéngs eréischt fir dat akademescht Joer 2019/20.

Ähnlech Sujeten Bildung, Gesetz, Gesondheet, Groussherzoglecht Reglement, Regierungsprogramm, Soziales
Nächsten Artikel Virrechten Artikel