Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De VC Belair iwwerrennt dem CHEV seng zweet Equipp
Fail Meenung https://moien.lu/kristy-butler-dating-with-discernment/

csgo 3v3 matchmaking

Dat war fir d‘Männer vun Dikrech en „ustrengende“ Sonndeg. Déi

melvil poupaud dating
Fail Meenung https://moien.lu/kristy-butler-dating-with-discernment/

Stad Lëtzebuerg: Gréng Perspektiven aus der Oppositioun eraus

No dräi Mandatsperioden am Stater Schäfferot huet sech d‘Demokratesch Partei

Macron attackéiert Putin wéinst Fake-News an LGBT-Verfollegung
Fail Meenung https://moien.lu/kristy-butler-dating-with-discernment/

Macron attackéiert Putin wéinst Fake-News an LGBT-Verfollegung

Et war dat éischt Treffe vum Emmanuel Macron mam Vladimir

dislikesurprise

Wat soll dee Kaméidi?

Wat soll dee Kaméidi?

Et gëtt do eng Saach, déi ech nach ni sou ganz verstanen hunn. Wat genau probéiert een, bei G20 Sommete mat Krawallen ze erreechen? Wat bréngt et, eng Schaufënster vun engem klenge Betrib an enger Hamburger Strooss futti ze maachen? Huet een domadder eppes erreecht?

D’Botschaft soll anscheinend sinn, datt de kapitalistesche System net funktionéiert. Wéi bei allem mécht awer och hei den Toun d’Musék: Eng normal, friddlech Demonstratioun bréngt des Kritik gutt genuch eriwwer. Brennend Autoen a verwüst Stroossen, dat kann an däerf een dogéint net eescht huelen. Soss géif ee jo d’Leit nach méi dozou ermonteren, sech sou Ausdrock ze verleien.

Ech ka mer net virstellen, datt „déi do uewen“ op déi Krawaller mat eppes anerem als engem Kapprësele reagéieren. D’Angela Merkel huet jo schonn sou vill ugedeit wéi wann déi Aart vu Protest net demokratesch ze legitiméiere wier. An trotzdeem muss ee fest stellen, datt hei enger Frustratioun Ausdrock gi gëtt. Villäicht villen sech vill Leit esou extrem entmuecht vum System, datt an hiren Ae keng aner Méiglechkeet méi iwwreg ass, fir ze protestéieren. An natierlech ass net ze vergiessen, datt d’Virgoe vun der Police oft genuch net dozou bäidréit, d’Situatioun ze déeskaléieren.

Dobäi ginn et genuch Beispiller an der Geschicht, déi eng kloer Sprooch géint Gewalt schwätzen. Et muss een net bis bei de Ghandi lafen, fir dat ze ënnersträichen. D’Orange Revolutioun an der Ukrain oder de Fall vun der Mauer si wuel déi bedeitendst friddlech Revolutiounen eiser Zäit. A si weisen, datt et geet, datt souguer ganz Systemer an d’Gette kënne goen, andeems e friddlech protestéiert.

Sécherlech géife vill Leit esou Krawaller dann awer verteidegen. Och zu Lëtzebuerg ginn et politesch Randgruppen, déi sech voll a Ganz hannert esou eppes stellen. De reellen, mënschleche Schued – deen och mam Sachschued zesummen hänkt – ass awer net ze vergiessen. Ganz Schicksaler hänken domadder zesummen. An ech mengen, et ass fair ze vermudden, datt de Besetzer vun enger klenger Epicerie, déi bei de Krawaller massiv Schied gemaach krut huet, d’Usiichte vu Globaliséierungsgéigner an Anti-Kapitalisten net onbedéngt méi sympathesch fënnt.

Ähnlech Sujeten G20, G20 Hamburg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel